Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Tëschefall fir de Wuelstandsbierger

Theater

Een Tëschefall fir de Wuelstandsbierger

De Kasemattentheater presentéiert en engagéiert Stéck iwwer (on)mënschlech Decisiounen a supposéierten Heldentum. Et ass ee Stéck wat Extremsituatioune beschreift an heiansdo och wéi deet. D'Basis, e ganz politeschen Text vum Chris Thorpe, dréint ëm Muecht an Taktik, Ideologie a Verblendung, an zerrassen Existenzen.

auto_stories

5 min

Op der Bühn: De Nickel Bösenberg, d'Elisabeth Johannesdottir an de Luc Schiltz

Fir déi neiste Produktioun vum Kasemattentheater huet den Marc Limpach sech fir de politeschen Text vum briteschen Auteur Chris Thorpe entscheed. En Text fir dräi Helden... oder och net. Et sinn dräi Mënschen, déi gewëssen Decisiounen huelen, an der Iwwerzeegung, datt hiert Handele richteg ass: eng fréier Befréiungskämpferin déi op Demonstrante schéisse léisst, e Passagéier deen e Fligerongléck iwwerlieft huet an engem blesséierten Kand eigentlech hëllefe wëll, an ee Mann, dee seng Akafstuten op de Buedem leet ...fir sech engem Panzer an de Wee ze stellen.

Fir d'Inszenéierung ass de Max Claessen verantwortlech, deen als fräie Regisseur am däitschsproochege Raum schafft. Am Hamburger Thalia-Theater, am Däitschen Theater Berlin an dann och an den Theateren zu Jena, Cottbus, Chemnitz, Göttingen a Köln. 2015 huet hien am Groussen Theater bei eis Regie gefouert.

Eng Welt déi "duercherneen" ass

"Möglicherweise gab es einen Zwischenfallbeschreift a sengen Aen beschreift eng Welt déi "duercherneen" ass. "Engersäits liewe mer am Wuelstand, anerersäits fille mir eis duerch Flüchtlinge bedrot, och wann dat net mäi Fall ass. An dann entstinn déi rietsnational Tendenzen", erkläert de Max Claessen. Et ass e politescht Stéck, datt vill Theme beréiert, déi d'Mënschen hautdesdaags beschäftegen. Terrorismus an Opportunismus, Ängschten a Hoffnungen, Onsécherheet a Friemefeindlechkeet fannen hir Synthes an dësem heterogene Wierk.

Fir d'Schauspillerin Elisabeth Johannesdottir ass d'Roll vun der fréierer oppositioneller Biergerrechtlerin, déi zur Diktatorin mutéiert a mat Waffegewalt op Protest reagéiert eng Erausfuerderung. "Et ass spannend, eng Persoun ze spillen déi mir sou friem ass, an déi Usiichten huet, déi ech net vertrieden", seet si. 

"De westleche Wuelstandsbierger, iwwerhieflech an arrogant"

De Luc Schiltz an den Nickel Bösenberg sinn an den zwou weidere Rollen ze gesinn an dësem Stéck, dat vun extreme Situatiounen erzielt an dem Publikum verschidde Realitéite weist, déi ee vläit guer net sou wëll gesinn. De Chris Thorpe huet e ganz dichten Theatertext geschriwwen, deen dat ganzt Onwuel vun eiser Gesellschaft zesummefaasst, ouni awer ze kommentéieren.

Fir de Schaupiller Nickel Bösenberg huet dëst Stéck dann och e ganz klore Message: "Et weist wéi den westleche Wuelstandsbierger dacks iwwerhieflech an arrogant mat Weltpolitik ëmgeet, ouni sech am Kloren doriwwer ze sinn, datt hien dat aus enger ganz bequemer Positioun eraus mécht. Et erwëscht een sech jo selwer, wéi een zum Beispill iwwer Flüchtlingen uerteelt, oder d'Politik a Länner kommentéiert wou et net sou gutt leeft", sou de Nickel Bösenberg. Et wier gutt datt et sou Stécker ginn, "déi engem op de Fouss trëppelen". 

Blummemier

Voller Faarwe presentéiert sech de Kader fir dës kaleidoskopesch Erzielperformence iwwer Muecht an Taktik, iwwer Ideologie a Verblendung, an iwwer zerrassen Existenzen. De Regissuer Max Claessen schwätzt – an hien iwwerdreift net – vun engem "Blummemier" op der Bühn. Blummemierer wieren an eiser Zäit omnipräsent, sou de Claessen, "op no engem Attentat oder wann een Hond iwwerrannt gëtt".

Hie schwätzt vun enger "Iwwerflutung vum Wëllen ze traueren". "Dausende Mënschen kënne soen 'Je suis Charlie', obwuel se näischt domat ze dinn hunn. An iwwermuer ass et schäissegal.

Hypocrisie an Egozentrik demontéieren

A Blumme sinn Instrumenter vu non-verbaler Kommunikatioun, si kënne Léift an Empathie, Dankbarkeet a Freed kommunizéieren... oder – wéi op der Bühn – vum Kasemattentheater d'Hypocrisie an Egozentrik demontéieren. 

Am Thorpes sengem beneidenswäerten Text sinn d'Themen an d'Erzielssträng virtuos anenee versponnen...kee gemittlechen Theaterowend, awer duerch an duerch faszinéierend, hat de britesche Guardian geschriwwen.Et handelt sech effektiv ëm eng Virlag, déi opfält an irritéiert, déi beonrouegt an intensiivt Nolauschtere fuerdert a sengen Uspréch och gerecht gëtt.

"Möglicherweise gab es einen Zwischenfall" leeft de 15., 19., 20., 23., 27. an 28. Abrëll um 20 Auer am Kasemattentheater