Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ghostly Kisses - On and Off

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Michel Clees - Parterre / Captcha

Buchkritik

Michel Clees - Parterre / Captcha

"Captcha a Parterre" heeschen déi zwee Stécker, déi de Michel Clees a senger Autoreresidenz am TNL geschriwwen huet. Elo koumen déi zwee Texter och a Buchform eraus. Eng Erausfuerderung un d'LieserInnen, fënnt d'Valerija Berdi.

auto_stories

2 min

D'Valérie, de Paul an de Mahmud deele sech eng Wunneng. Eng Wunngemeinschaft um Parterre vun engem Appartementshaus. De Paul, e Beamten, deen eng staark Relatioun zu senger Mamm huet, seng Fräizäit hanner dem Computer verbréngt an eng kal a grausam Vue op d'Welt huet.

D'Valérie, verwinnte Kand aus dem Mëttelstand, huet e Bachelor an Ëmweltwëssenschaften an de But d'Welt besser ze maachen, an dann de Mahmud, e Flüchtling, dee vum Staat bei hinne placéiert gouf, dankbar de Krich an de ganze Misär hanner sech ze hunn, probéiert aus der Erfarung eraus, seng Ëmwelt positiv ze gesinn.

Dräi Mënschen, dräi ënnerschiddlech Charakteren, dräi stellvertriedend Liewensgeschichten.

An de méi laange Monologe léiert een déi dräi Protagoniste kennen, wéi si denken, fillen, d'Mënschen an d'Mënschheet gesinn. D'Dialogen erlaben de Lieser e Bléck vu Baussen, verrode lues a lues d'Wiesenszich vun den Eenzelen, hir Net-Kompatibilitéit, den Nonsens vun dëser Gemeinschaft.

Gesellschaftskritesch

Wéi gewinnt vum Michel Clees, ass d'Stéck "Parterre" e gesellschaftskriteschen an engagéierten Text. Wéi gewinnt, ass et d'Spill mat der Sprooch, déi den Toun ugëtt. Dialoger, déi op den éischte Bléck an d'Absurd féieren, Wierder a Sätz, déi nei Konstrukter entstoe loossen, neie Sënn erginn, en Tac au tac, deen engem d'Schudderen de Réck eroflafe léisst. An alles huet net just ee Sënn, och net de Parterre.

Lëschteg geet et och am zweete Stéck mam Titel "Captcha" net zou. Captcha ass de System, deen eis freet, ob mer e Mënsch oder eng Maschinn sinn, wann ee muss total verschwomme Buschtawen a Zuelen antippen, fir sech iergendwou anzeloggen oder weider liesen ze kënnen.

Am "Captcha" si mer an enger Dystopie, e postdemokratescht Zäitalter, et regéieren déi, déi u Virgëschter gleewen a fir d'Land - et kann egal wéi een europäescht Land sinn - vun hire faschisteschen Iddien ze iwwerzeegen, gëtt eng Fra entféiert a gezwonge virun enger Webcam der Regierung hir Realitéit ze propagéieren.

E komplexe Monolog, dee sech aus méi Perséinlechkeeten zesummesetzt, och hei e Spill mat der Sprooch, mam Rhythmus, verstoppten Allusiounen a Messagen.

Zwee ganz exigent Texter, déi fir d'Bün geschriwwe goufen, déi den Intellekt erausfuerderen an trotz der u sech jo banaler Thematik, um ganz héijen Niveau, stilistesch an inhaltlech, iwwerzeegen.