Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - On Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi wéi just e Flüchtlingsprojet

Nobody Told Me

Méi wéi just e Flüchtlingsprojet

"Nobody told me" ass e Projet mat Refugiéë vun der Fondation EME a Kooperatioun mam Roude Kräiz. Geprouft gouf am ganzen eng Woch. An dëser Zäit ass eng kleng Performance entstanen, déi d'Flüchtlingen mat Ënnerstëtzung vun Theaterpädagogen, Kënschtler, Bühnebildner a Museker selwer produzéiert hunn.

auto_stories

5 min

"Nobody Told Me" sollt d'Refugiéen net nëmme beschäftegen

D'Lidd "Nobody told me" vum John Lennon war den Ausgangspunkt fir den Titel vum Projet. Et wier e Lidd, dat vill Raum fir Interpretatioun léisst, seet d'Catherine Elsen, déi d'kënschtleresch Leedung vum Projet huet.

D'Theater- an Danzpädagogin seet, datt villes am Lidd sech géing widderspriechen. "D'Lidd presentéiert eng konfus Welt bei där ee net weess: wat ass d'Realitéit, wat ass en Dram? Wat geschitt wierklech a wat ass am Kapp vun de Leit?"

Dat wier eng kreativ Iddi, mat där all Mënsch kéint eppes ufänken, mengt d'Catherine Elsen. "Mir liewen alleguerten an zwou verschiddene Welten. Mir liewen an där Welt an där mir elo mat eisem Kierper sinn. An da liewe mir an eisem Kapp, an den Erënnerungen, an Dreem, oder a Saachen déi mir eis virstellen."

"Bespaassung ass net laangfristeg"

De Projet hätt awer net d'Zil, d'Geschichte vun de Participanten z'erzielen. Et wier hinne selwer iwwerlooss z'entscheeden, wat si wéilte matdeelen a wat net. Och Virkenntnisser wieren net gefuerdert gewiecht, seet d'Milena Hiessl. Si schafft an der Philharmonie an huet de Projet mat initiéiert. Si wollt kee Projet maachen, deen d'Refugiéë einfach nëmme géing beschäftegen, mee een, deen hinnen och géing eppes bréngen.

Dat war och der Catherine Elsen wichteg. D'Thema wier dofir och net onbedéngt e Flüchtlingsthema. "Et ass e mënschlecht Thema mat deem all Mënsch kann eppes ufänken." Jidderee wier heiansdo a senge Gedanke verluer. "All Mënsch dréit e grousse Schatz un Erënnerunge mat sech", fënnt d'Catherine Elsen.

"Nobody Told Me" wier dofir net nëmmen e Projet fir a mat Flüchtlingen. Et wier e kënschtleresch héichwäertege Projet vu Mënschen mat ënnerschiddlechen Hannergrënn.

D'Wuert Flüchtling gebraucht d'Danz- an Theaterpädagogin Catherine Elsen ongär. Si wéilt fort, vum Kategoriséieren. D'Thema wier vill méi grouss wéi d'Fro op oder op net een e Refugié wier. Et wier wichteg, datt d'Kënschtler sech domat géingen ausernee setzen. "E kuerze Remède ze maachen, à la, mir sinn elo all frou mateneen. Dat hëlleft net." Et wiere grouss Ëmschwéng an der Gesellschaft z'erwaarden, esou déi jonk Kënschtlerin.

Villsäiteg Atelieren

Souwuel d'Participanten, wéi och dat ganzt kënschtlerescht Team ass international opgestallt. Dorënner zum Beispill den däitsch-libaneseschen Theaterpädagog Bassam Ghazi aus Köln. Hie leed ee vun den dräi Ateliere vum Projet a kann arabesch schwätzen. Dat wier wichteg, fir sech ouni Hürde mat de Flüchtlinge kënnen ze verstännegen.

Den Theateratelier mam Bassam Ghazi

Et hätt ee keen typesche Projet mat Refugiéë maachen, erzielt hien. "Mir hu versicht hir Geschichten auserneen ze huelen an eis mam Thema vum Liewen op der Strooss, vum Iessen a vum Schlofe befaasst." Dat wieren dräi universell Sujeten, esou de Bassam Ghazi. Domat hätt een dunn experimentéiert. "Beim Thema Liewen op der Strooss hu mer mat Begéinunge geschafft, beim Thema Iesse mat Lieblingsrezepter a beim Thema Schlofen mat Schloflidder."

De Yehia Sheikouney aus Syrien mécht beim Theateratelier mat. Hie koum virun aacht Méint op Lëtzebuerg an huet schonn an enger Rei kënschtleresche Projete matgemaach. Eleng den Titel vum Projet "Nobody told me" hätt hien ugeschwat, esou de Yehia Sheikouney. "Den Titel ass wéi e Mystère an et freet ee sech, wat dohannert stécht."

Musek verbënnt

Nieft dem Theaterworkshop konnten d'Refugiéen sech och fir de Museksatelier am Projet "Nobody told me" umellen. Dee gouf geleet vum Perkussionist Laurent Warnier. Hien engagéiert sech dofir, de Mënsche mat manner Zougank zur Kultur, d'Musek méi no ze bréngen.

D'Schaffe mat Refugiéë wier fir de Laurent Warnier eng nei Erausfuerderung gewiecht. Hien erzielt, hien hätt virdru nach ni mat hinnen zesumme geschafft. An de Medien wieren d'Refugiéen ëmmer eng onbekannte Mass vu Leit. "Elo héiert een déi perséinlech Geschichten." An dat wieren der vill, seet de Museker.

D'Museker sollte sech mam Lidd vum Elton John ausernee setzen

Uganks hätt hien nëmme mat enger Handvoll Leit geschafft an et wieren direkt e puer Sprooche vertruede gewiescht. Eng Sprooch, an där sech d'Mënschen awer ouni Wierder kënne verstännegen, wier d'Musek. An déi géing beim ganze Projet eng grouss Roll spillen, esou de Laurent Warnier. De Refrain vum John Lennon sengem Lidd "N2obody told me" hunn d'Participanten zesummen am Grupp verschafft.

Et wier d'Thema vun der Entwuerzelung, dat si am meeschten interesséiert hätt, erkläert de Laurent Warnier. Bei de Rhythmen hätte si sech vum Alldag inspiréiert. Esou ginn zum Beispill d'Geräischer vun enger vill befuerener Strooss musikalesch ëmgesat.

Eng Gedankekaart

Och am kreativen Atelier vun der iranescher Kënschtlerin Golrokh Nafisi geet et drëm, eng nei Plaz an der Gesellschaft ze fannen. Fir den Dekor vum Projet hu sech d'Participanten dowéinst eppes ganz Besonnesches iwwerluecht. "De Projet befaasst sech mat eise Gedanken, a wou si hiwanderen. Besonnech wann ee Schlëmmes erlieft huet, kënnt een ëmmer erëm drop zeréck." D'Golrokh Nafisi huet d'Participanten gefrot, fir hir Heemescht ze molen. "Mir wollten eng grouss Landkaart maachen, an deem all déi kleng Kaarte verbonne sinn. Dat ass d'Kaart an eise Gedanken."

Mam Thema Heemescht ass sech am Konschtatelier ausernee gesat ginn

All Atelier schafft eegen Iddien aus, déi Owes deenen anere Gruppe presentéiert ginn. Da gëtt zesumme gekuckt, wéi sech déi verschidden Iddie matenee kombinéiere loossen.

D'Resultat vun der ganzer Woch, an där d'Participanten an d'Kënschtler matenee geschafft hunn, kann een e Freideg, 26. August an der Philharmonie an den 27. August zu Ierpeldeng um Last Summer Dance Festival gesinn. Béid Virstellunge sinn um véier Auer. Geplangt wier awer kee grousse Spectakel. Wichteg wier et, de kënschtleresche Prozess no bausse begräifbar ze maachen, seet d'Catherine Elsen.


"Nobody Told Me" vum John Lennon: