Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Drife - Leave It All Behind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mediatioun mat Hëllef vu Literatur

Bibliotherapie

Mediatioun mat Hëllef vu Literatur

Datt Bicher liese berouegt an een op nei Iddie bréngt ass kee Geheimnis. Datt Bicher liesen engem kann hëllefe privat, berufflech oder aner Problemer ze léisen ass net grad sou offensichtlech. Mee et schéngt ze funktionéieren. D'Nathalie Bender ass zu Porto enger Bibliotherapeutin begéint.

auto_stories

3 min

Bibliotherapie soll hëllefe Problemer ze léien

D'Sandra Nobre ass Bibliotherapeutin. Den Ursprong vun hirer Leidenschaft fir d'Literatur läit an hirer Kandheet. Hir '"Schoul", dat wier awer hir Aarbecht am Editiounswiese gewiescht. En Domaine, an deem si 15 Joer laang geschafft hätt. "Ech war ëmmer a Kontakt mat Auteuren, net nëmmen a Portugal. Ech wousst wat sech iwwerall uechter d'Europa a Nordamerika an der Editiounswelt deet."

D'Sandra Nobre huet sech dofir geduecht, si kéint dat Wëssen an der Bibliotherapie applizéieren. Bibliotherapie, dat wier Therapie op Basis vu Literatur, erkläert d'Therapeutin. "Ech wëll de Leit hëllefen hiert Liewen, oder een Deel vun hirem Liewen ze verbesseren. Dat, andeems si Bicher liese vun deenen ech mengen, datt si hinnen hëllefen."

"Eng 100 Joer al Wëssenschaft"

Fir Bibliotherapeut ze ginn, géing et awer net duergoen, datt ee gäre liest. Et misst een eng Formatioun maachen, ënnersträicht d'Sandra Nobre. Esou Fortbildunge géing et schonn zënter laangem ginn. Bibliotherapie wier eng Wëssenschaft, déi et schonn zënter op mannst 100 Joer géing ginn.

Dës Wëssenschaft wier awer éischter Akademiker e Begrëff, wéi dem grousse Public. "Et gi vill Etuden, vill Dokteraarbechten iwwert d'Bibliotherapie." D'Therapieform géing éischter am psychiatresche Beräich applizéiert ginn. "A leschter Zäit gëtt si awer och an de Schoulen, mat Jonken a beim breede Public ugewannt."

D'Sandra Nobre mam Guy Helminger

Betribsmediatioun?

Der Sandra Nobre hir Cliente si Privatpersounen, mee och Betriber. Grad an dëse kéint ee vill bewierken, fënnt d'Bibliotherapeutin. D'Ambiance wier an de Betriber net ëmmer gutt. "Wann een hei mat klenge Gruppe schafft kann ee vill Problemer léisen. Och wann déi Leit net vill gemeinsam hunn oder näischt mat Literatur um Hutt hunn."

Fir dat z'erreeche misste si déi passend Bicher liesen. Do kënnt d'Bibliotherapeutin an d'Spill. Fir d'Literatur auszewielen, misst ee fir d'éischt de geneeë Problem kennen, erkläert d'Sandra Nobre. An engem zweete Schratt géing si hir Recherchë maachen a Bicher proposéieren, déi all déi Concernéiert misste liesen. "Dann treffe mir eis a schaffen op deem wat si gelies a geléiert hunn." Duerno géing et dorëms Strategien auszeschaffen, fir dat Geléiert ëmzesetzen.

D'Bicher déi d'Sandra Nobre eraussicht, kënne vun alle Genre sinn: Romaner, Gedichter oder wëssenschaftlech Texter.

"Eng nei Perspektiv op d'Liewen"

Mee wéi wierkt d'Liese vun engem Text op de Mënsch? Et géing ee sech mat de Personnagen identifizéieren, oder net, äntwert d'Sandra Nobre. "Et assimiléiert een dat wat ee gelies huet an all d'Gefiller, déi dobäi opkomm sinn. Et lieft een d'Geschicht an de Prozess deen de Personnage duerchleeft."

De Lieser géing onbewosst d'Problemer, déi am Buch opkomme léisen, mengt d'Bibliotherapeutin. "An déi Léisungen an d'Manéier, d'Liewen ze gesinn, projezéiert een a säin eegent Liewen." Et géing een also d'Virstellungskraaft iwwer nei Vuen aus Bicher stäerken.

D'Bibliotherapie kann dem Sandra Nobre no a ville Beräicher hëllefen, mee et kéint ee natierlech net all Problem domat léisen. Dee Moment recommandéiert d'Sandra Nobre dem Client, bei en aneren Therapeut ze goen.