Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Wierder an d'Bett gaangen

Film

Mat Wierder an d'Bett gaangen

A sengem neie Film "Tromperie" setzt de Fransous Arnaud Desplechin en amerikanesche Schrëftsteller a seng jonk Amante an Zeen. Realitéit oder Fiktioun? Dës Philip Roth-Verfilmung ass op der Streamingplattform sooner.lu ze gesinn.

auto_stories

4 min

De Philip (Denis Podalydès) ass e bestueten amerikanesche Schrëftsteller, deen zu London lieft. Hien huet eng Affär mat enger méi jonker Englännerin (Léa Seydoux). Och si ass bestuet, onglécklech. Déi zwee gesi sech reegelméisseg am Philip sengem Schreiftstudio, wou se ënnert anerem och vill matenee schwätzen: iwwer hir Relatioun an hir respektiv Liewenspartner, iwwer erotesch Fantasien, iwwer Antisemitismus, iwwer den Dout.

Laang Jore war et just e Projet. Elo huet de franséische Realisateur Arnaud Desplechin endlech dem Philip Roth säi kuerze Roman "Deception" vun 1990 verfilmt. Dee viru véier Joer verstuerwenen amerikaneschen Auteur hat dem Cineast esouguer perséinlech ugeruff, fir en an déi Richtung z'encouragéieren.

Fiktioun vs Realitéit

"Deception" war dat éischt Buch, an deem de Roth dem Haaptprotagonist säin eegene Virnumm Philip ginn hat. Domat sollt, fir d'éischt mee net fir d'lescht a senger Karriär, d'Grenz tëschent Fiktioun a Realitéit verschwammen. Och dem Desplechin seng Verfilmung spillt mat där Konfusioun: entsprécht dat, wat mer um Ecran gesinn, elo de Realitéit, oder si mer am Schrëftsteller senger Fantasie?

Mol sinn déi zwee Amanten an der klenger Wunneng, mol an engem Café oder an engem Auto, mol an engem ondefinéierte Raum, bal wéi eng Theaterbün, oder an engem komplett wäissen, eidelen Espace; mol leien déi zwee zesummen am Bett, mol plakeg am Schnéi, wéi an engem Dram.

Och d'Zäit wierkt ewéi annuléiert: de Film ass eng Suite vun Episoden, oder Kapitelen, déi net onbedéngt eng Kontinuitéit mee eng Zort permanenten Idealzoustand undeiten. Bis zu deene Momenter, an deenen d'Relatioun lues a lues an d'Bréch geet. D'Iddi vun der Zäit, déi vergeet, gëtt och duerch de Wiessel vun de Joreszäiten gewisen. An dann och duerch de Krankheetsverlaf vun enger anerer Fra, mat där de Philip schonn emol eppes hat.

Dem Schrëftsteller seng Wourecht

An enger Zeen am leschte Véierel vum Film, konfrontéiert dem Philip seng Fra hie mat sengem Notizheft. Si ass iwwerzeegt, datt déi transkribéiert intim Dialogfetzen nëmme vun enger reeller Fra, also vun enger Amante kënne stamen. De Schrëftsteller verweist sengersäits op säi Beruff, deen doranner bestéing, Gespréicher ze erfannen an hinnen den Uschäin vu Realitéit ze ginn.

Vläicht net d'Wourecht, mee seng Wourecht. Als Spectateur kritt een ze verstoen, datt de Schrëftsteller aner Frae brauch, fir seng Literatur ze nieren, dat heescht sengem Liewen e Sënn ze ginn.

An enger fantaséierter, auto-ironescher Prozesszeen muss sech de Philip géigeniwwer engem weiblechen Tribunal iwwer seng Relatioun zu de Frae veräntwerten. Eng Zeen mat autobiographeschem Hannergrond: de Realisateur Arnaud Desplechin war selwer scho vu senger fréierer Frëndin an Actrice Marianne Denicourt op d'Geriicht geholl ginn. Si hat him virgeworf, intim Detailer iwwer hir Relatioun a sengem Film "Rois et reine" vun 2004 verschafft ze hunn.

Exzellent Adaptatioun

Dem Roth seng Roman-Virlag, well se praktesch just aus Dialoge besteet, war - anescht ewéi ee menge kéint - net esou einfach filmesch ëmzesetzen. Duerch d'Variatioune vun der Mise en scène am enke Raum vum Schreiftstudio, duerch déi atmosphäresch Changementer, mee och doduerch, datt dem Philip seng Fraen (d'Englännerin, déi exiléiert Tschechin, déi kriibskrank Fra, déi jonk Studentin, dann och déi Fra mat där e bestuet ass), datt déi sech also ofwiessele fir méi spéit erëmzekommen, wéi an engem Karussell, gëtt dem Film eng gewësse Liichtegkeet.

Liicht wierken och déi exzellent Prestatioune vun den Acteuren, virop den Denis Podalydès an d'Léa Seydoux: am Ufank si se nach erotesch verspillt, verféieren de Spectateur an hire Bann, an da kënnen d'Gespréicher méi déifgrënneg ginn - et ass een einfach gepak!

Erstaunlech a schued, datt "Tromperie" de Wee net oder nach net an eis Kinoe fonnt huet, an direkt op enger Streamingplattform (sooner.lu) muss gekuckt ginn. Mee datt sollt keen dovun ofhalen, dat onbedéngt ze maachen.