Gezeechent Mat enger Anarchistin per Autostopp duerch Europa

The Contradictions ass eng autobiographesch Graphic Novel, an där d'Sophie Yanow op hir Studienzäit zeréckkuckt, speziell op d'Frëndschaft mam Zena, enger Veganerin an Anarchistin, dat et zu Paräis kenneléiert a mat deem et per Autostopp duerch Europa reest. D'Buch erzielt gréisstendeels vun där Rees an ass eng Mëschung aus Bildungsroman a Roadmovie.

Jeff Thoss / cbi

The Contradictions

Et geet vill ëm d'Desillusionéierung vum Erwuesseginn, well als dat grousst Abenteuer erweist sech d'Rees duerch Europa net, ewéi och d'Frëndschaft vun deenen zwou Fraen ëmmer méi zesummebrécht.

Wat d'Sophie Yanow als Erzielerin auszeechent, dat ass de Bléck op d'Onsécherheet an de Wonsch no Orientéierung vu jonken Erwuessenen, de Widdersproch tëschent der Persoun, déi ee wëllt sinn oder virgëtt, ze sinn, an där, déi een ass.

Zeechneresch orientéiert sech d'Yanow um Cartoon an um Comic Strip. Wéineg Strécher gi fir Figuren an Hannergrënn duer, donieft gëtt vill mat Widderhuelungen a klenge Variatioune geschafft. Dëse stilisteschen Understatement fänkt déi niichter Stëmmung vun der Geschicht gutt an.

The Contradictions eng sympathesch Graphic Novel, déi mat Humor a vill Sensibilitéit vu jonken Erwuessenen erzielt a mat wéinege Mëttele villes erreecht.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Peau d'Homme
Hubert & Zanzim, Peau d’Homme

"Peau d'Homme" spillt an der Renaissance an erzielt awer eng Geschicht fir eis Zäit. D'Handlung kéint direkt aus enger Shakespeare-Comédie sinn. Eng BD, déi mat Momenter e bëssi plakativ ass, mee ni ouni Charme a Witz.

Benkei in New York
Jiro Taniguchi/Jinpachi Mori, Benkei in New York

De Benkei verstoppt zwee Geheimnisser: hien ass ass esouwuel als Konschtfälscher, wéi als Optragskiller gefrot. "Benkei in New York" schaaft eng Mëschung aus Film Noir, Mafia-Epos a Samurai-Geschicht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen