Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wäit ewech an trotzdem ganz no

Fotografie

Wäit ewech an trotzdem ganz no

Den Internet ass bal ni ëm eng Äntwert verleeën. Wien do sicht, dee fënnt. D’Google-Maschinn, zum Beispill, deelt och houfreg mat, wéi vill Resultater se wéi séier ermëttelt huet. Wéi d’Carine an d’Elisabeth Krecké virun dräi Joer den Text ‘geféierlechst Stad weltwäit’ an de schmuele wäisse Google-Rechteck getippt hunn, stoung an 0,51 Sekonne "Juárez-Stad, Mexiko" ganz uewen um Ecran.

Kerstin Thalau / ckl

auto_stories

6 min

Ciudad Juárez vun uewen, iwwer Google Street View

Dat war den Ufank vun enger laanger Odysee duerch de mexikanesche Misär. Eng virtuell Odyssee. D’Krecké-Zwillingen hunn de Google Street View ugeklickt an hu sech Juárez aus der 360 Grad-Stroosseperspektiven ugekuckt. A sinn dobäi och zimlech séier op eppes gestouss: "Iergendwou an der Wüst, déi sech bis an d'Stad eranzitt, hu mer eng Szen gesinn, wou ee gemengt huet, et léich eng doudeg Persoun do, déi mat engem Duch iwwerdeckt ass", erzielt d'Carine Krecké.

Dat huet d'Schwësteren du sou geschockt datt si entscheed hunn e Projet driwwer ze maachen. Déi éischt Iddi fir d'Emsetzung – Screenshoten printen – ass kläglech u Rechtsfroe gescheitert: Google erlaabt net, datt een sech e Bild vun hinnen uneegent a weist. Déi zweet Pist war dunn de literareschen Usaz. "Mir hu fir d'éischt versicht, alles wat mir gesinn hunn sou genee wéi méiglech ze beschreiwen, mee mir hu séier gemierkt datt sou Textfragmenter net dat richtegt wieren", sou d'Carine Krecké. Schlussendlech ass de Choix dunn op d'Poesie gefall.

Mexiko an de 1990er Joeren

An de 1990eger Joere waren Carine an Elisabeth Krecké duerch den Texas gereest a waren och bis déi aner Säit vun der Grenz a Mexiko. Do hu si vun enger grujeleger Affaire héieren: vun de Féminiciden, de Fraemorden, vun der Ciudad Juárez. Bis haut – esou heescht et jee no Source – wieren do puer honnert bis e puer Dausend Fraen ëmbruecht respektiv gekidnappt ginn, ouni datt déi Schëlleg kloer ermëttelt gi wieren an hinne jee e richtege Prozess gemaach gi wier. Juarez war de Kënschtlerinnen also net nëmmen e Begrëff, d’Affaire hat si bal zanter 25 Joer beschäftegt.

Juárez ass och haut nach eng Wüstestaat, an där et wüst ass: d’Zuel vun der Populatioun ass grad esou ewéi d’Kriminalitéit explodéiert. Doriwwer gëtt et eng Hällewull Dokumentatiounen. Et ass de Schwësteren hei also net dorëms gaangen, vun der Plaz aus ze témoignéieren. Si wollten eng Aarbecht iwwert Google Street View realiséieren. D’Juárez-Biller, déi haut am Netz sinn, si gréisstendeels tëscht 2008 an 2011 vum Google-Street-View-Auto aus automatesch opgeholl ginn. D’Zäitspan gëllt als déi brutaalst an der Geschicht vun der Ciudad Juarez. D’Elisabeth an d’Carine Krecké hunn am Internet d’Bild vun enger irreeller, zerstéierter Stad fonnt.

"Anescht kucke geléiert"

Am laf vun de Joeren huet de Krecké-Google-Street-Viewing sech zu enger Obsessioun entwéckelt. "Ech weess och net firwat. Vläit well därmoosse vill Donnéeën do sinn, et mengt een ëmmer et hätt een dat wesentlecht nach net gesinn, et mengt een ëmmer et misst ee méi wäit goen. Herno si mer souguer systematesch ginn an a mir hunn eis d'Stad opgedeelt. An deenen dräi Joer hu mir anescht kucke geléiert", seet d'Carine Krecké. Mee, d'Kënschtlerin seet och "et gëtt ee geckeg wann een dat do mécht".

D'Ëmsetzung vum Projet ass zesumme mam CNA entstan

D'Carine an d’Elisabeth Krecké sinn also sou duerch d’Wüst gefuer, wollten nach ronderëm deen een oder deen aneren Eck fueren. Mee: surft een net eigentlech um Internet? Oder seet dat eppes aus, iwwert hiert Gefill, wierklech do gewiescht ze sinn? Da missten d’Schwësteren dach och Tracen hannerlooss hunn? Nee, seet d'Carine Krecké. Mee méi intressant ass an hiren Aen d'Interaktioun mat der Maschinn.

"Google huet mir eng Mauer virun d'Nues gesat"

"Ech sinn op mannst all Woch eng Kéier op déi Plaz kucke gaang, wou déi Persoun louch. Dat ass, well ee mengt: wat ech méi oft kucke ginn, wat ech méi weess – wat awer net de Fall ass, well t'ass ëmmer datselwecht Bild", seet d'Carine Krecké. Mee: enges Daags war dat Bild fort."Dat war sou komesch: dee Moment wou ech rëm op déi Plaz goung, sinn ech an enger Strooss gewiescht virun enger Mauer. An ech duecht mer, t'ass komesch: Google huet mir eng Mauer virun d'Nues gesat! An dee Moment hat ech wierklech d'Gefill, et wier eng Interaktioun do". D'Carine Krecké schwätzt vun engem "metaphoreschen" Erliefnis.

All dës Froen ginn Hiweiser op den Titel vum Projet, "404 file not found" wéi eng Internetsäit, op déi ee keen Zougrëff méi huet. D’Carine Krecké beschreift hier Odyssee als belaaschtend, dégoûtant, an awer wichteg. Vill Misär a Gewalt ass an de Stroosse vu Cuidad Juárez ze gesinn. D'Carine Krecké stellt fest: "Souguer dat wat nimools ee Mënsch wäert gesinn, ass op Google ze gesinn".

E Gemeinschaftsprojet mam CNA

Den Display01 am CNA erënnert zanter e Samschden e wéineg un eng fréier sozialistesch Kommandozentral. Op der enger Mauer hänkt d’Satellittebild vun Juárez vun uewen, op der zweeter Mauer stinn Bicher mat der Carine Krecké hire Poesien an eng gliese Vitrine ënnert där d’Monografie vun der Odyssee quasi agespaart läit. A vis-à-vis stinn Archivschief mat enger Sélektioun vun de Screenshoten vu Juárez-Google-Street-View. Op der véierter ass Mauer e schwaarze rechteckege Publicitéitstexter-Display ze gesinn, op deem der Carine Krecké hier Texter a rouder Schrëft defiléieren.

D’Szenographie an d’Konkretisatioun sinn an enger richteger Zesummenaarbecht tëscht dem CNA an de Krecké-Schwësteren zustane komm. "Et war ee Gemeinschaftsprojet", seet d'Carine Krecké. Wichteg war och d'Fro "Wéi stellt een eppes aus, wat een net weise kann?". Schlussendlech ass zesummen eng Léisung fonnt ginn. 

‘404 file not found’ ass eng Ausstellung iwwer Google Street View a Brutalitéit. Oder ass et eng Ausstellung, déi eng traureg Wierklechkeet, iwwert déi kee schwätzt, an de Fonctionnement vun engem Online-Service thematiséiert? Eng Expo, déi d’Sensatiounsloscht befriddegt? Dat hofft d'Carine Krecké net. "Mir sinn einfach intrigéiert iwwer all déi Dispostiffen, déi eis Welt beobachten. Et gëtt een haut permanent gefilmt a fotograféiert an dat fannen ech intrigant a net neutral", sou d'Carine Krecké.