Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  D'Politik am Studio, ...

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marvel's Doctor Strange

Kino

Marvel's Doctor Strange

De "Sherlock" an "Imitation Game" Star Benedict Cumberbatch an engem Superheldekostüm. Dat gesäit een am zweete "Marvel-Superheldefilm" vun dësem Joer: "Doctor Strange" vum Scott Derrickson.

auto_stories

3 min

Dr. Strange. Foto: Marvel Studios

Häerzlech wëllkomm am 14. Deel vum "Marvel Cinematic Universe" mam "Marvel's Doctor Strange" vum Scott Derrickson. An aacht Joer hunn d'Marvel Studios 14 Filmer op de Marché gejummt an deenen et ëm Superhelde geet, déi iergendwellech Superbéiser musse bekämpfen an d'Superwelt retten. An en Enn ass nach laang net ze gesinn. De Marvel Kalenner ass bis 2020 programméiert.

Filmesch kënschtleresch Fléissbandaarbecht? Huet de Ford-Produktiounsprozess elo definitiv d'Iwwerhand zu Hollywood ageholl? Franchisë sinn alles anescht wéi eppes Neies. James Bond-Filmer - fir just déi mam Numm ze nennen - ginn zanter iwwer 50 Joer gemaach. Mee dësen neie Modell vu filmeschen Universen, an deem d'Filmer all fir sech an awer all iergendwéi matenee verbonne sinn, ass nei an héich interessant fir nozekucken. Dat natierlech nëmmen dann, wann d'Filmer eng Grimmel eppes daachen.

Mystesch Kraaft aus dem Nepal

De Benedict Cumberbatch iwwerhëlt d'Roll vun engem arroganten, iwwerhieflech karrieristeschen Neurochirurg, dee bei engem Autosaccident seng Hänn esou schwéier blesséiert kritt, datt seng Carrière an der Medezin um Spill steet. Nodeems déi westlech Medezin hien am Stéch léisst, mécht hie sech op a Richtung Nepal a léisst sech mat Hëllef vun der Tilda Swinton an der Roll vun der Ancient One a mystesch Kräften aféieren, - déi hunn ausserkierperlech Fäegkeeten an eventuell Zäitreesen um Menü. Dat alles gëtt natierlech Comic-Stil nerdy verpak. De Stephen Strange entscheet fir am Nepal ze bleiwen a sech erliichten ze loossen. Iwwerdeems leeft dem Mads Mikkelsen säi Personnage mat sengen Acolyt ronderëm, klaut Flich a versicht fir d'Muecht vun der Welt z'ënnerjochen.

Gutt besat

D'Erzielform vun der Origin Story, wéi ee si zanter dem éischte Spiderman vum Sam Raimi kennt, gëtt och an "Marvel's Doctor Strange" applizéiert. Dramaturgesch Pionéieraarbecht gëtt net bedriwwen, an dat ass laut Kritiker och dee gréisste Makel vun esou Filmer. Mee wann een dësen Universum - mee och de Comic - als Medium vum ëmmer gläichen, seriellen Erziele gesäit, da mécht esou eng Origin Story och ëmmer nees Sënn, esou laang si eenegermoosse flott verpaakt ass.

"Marvel's Doctor Strange" ass zweeërlee interessant. Éischtens: Benedict Cumberbatch, Tilda Swinton a Co. bréngen an dësem eigentlech nerdy psychedeleschen Tripp, bei deem et raimlech net nëmmen drënner an driwwer, mee och vijenzeg an hannerzeg geet, eng Liichtegkeet mat an d'Spill. Déi Liichtegkeet féiert dozou, datt de Film alt fir ee breede Public uspriechend ass. A visuell ass de Film zum Deel richteg verréckt.

Egal wat d'Marvel Studioe bis ewell upaken, soulaang et esou locker vum Hocker inzenéiert gëtt, kënnt esou bal nach keng Superheldemiddegkeet op.