Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marieke Lucas Rijneveld: E klengt "Prachttier" ze Lëtzebuerg

Interview

Marieke Lucas Rijneveld: E klengt "Prachttier" ze Lëtzebuerg

Den hollännesche Schrëftsteller Marieke Lucas Rijneveld ass de jéngste Laureat vum International Booker-Prize. Am Institut Pierre Werner huet hie säin neit Buch "Mein kleines Prachttier", dat am Suhrkamp-Verlag erauskomm ass, presentéiert. D'Valerija Berdi huet sech mat him ënnerhalen.

auto_stories

4 min

Valerija Berdi: Dir hutt am Ufank Lyrik geschriwwen, dann op Prosa gewiesselt. Wisou dee Wiessel?

Marieke Lucas Rijneveld: Eigentlech hunn ech mech schonn ëmmer mat deenen zwou Forme beschäftegt. U mengem éischte Roman hunn ech sechs Joer laang geschafft. Wärend deem Prozess hunn ech awer als "Entspanübung" och Gedichter geschriwwen.

Dat Ganzt gëtt zu engem "Bëndel". Wann een dat Ganzt méi no betruecht, da kann een och feststellen datt d'Poesie och a menger Prosa erëmzefannen ass. Dat eent fléisst an dat anert iwwer.

Dowéinst kann ech elo net konkret festleeën, ob ech éischter e Lyriker oder Romancier sinn, well déi zwou Forme mir um Häerz leien. Déi zwou Formen ergänze sech, an ech praktizéieren se dowéinst allen zwou gären.

An Ärem éischte Roman, eng Coming-of-age-Geschicht, geet et ëm e jonkt Meedchen, dat sech ëmmer méi verléiert, ëmmer méi ënnergeet a sech géint villes net gewiert kritt, an och vun allen am Stach gelooss gëtt. Am zweete Roman schreift Dir iwwer sexuelle Mëssbrauch, awer aus der Vue vum Täter. Wisou?

Firwat? Dat ass eng gutt Fro. Den zweete Roman ass tatsächlech aus der Perspektiv vun engem 49 Joer alen Déierendokter geschriwwen. Ech muss elo éierlech soen, datt ech déi Perspektiv ni bewosst gewielt hunn. Ech hat eigentlech net geplangt dëse Roman ze schreiwen an ech war mat engem ganz anere Buch beschäftegt.

Ech war um Vëlo ënnerwee an hu mer Gedanken doriwwer gemaach, wat mäin nächste Roman soll sinn. Dunn ass d'Stëmm vun deem Déierendokter a mengem Kapp opgetaucht. Wéi ech doheem ukomm sinn, hunn ech mech drugesat, an hunn dat Ganzt an e puer Méint geschriwwen.

Nodréiglech denken ech mer och, datt ech guer net aus der Perspektiv vum Meedchen hätt schreiwe kënnen, vu datt dat e komplett anert Buch gi wier. Ech misst mech an deen 49 Joer ale Mann eraversetze fir ze verstoen an doriwwer zielen ze kënnen, wéi ee sou verkomme kann, an et esou wäit komme loosse kann.

Et geet mer heibäi also manner dorëms an de Mëttelpunkt ze stelle wat gutt oder schlecht ass, well dat ass offensichtlech.

Den Täter ass sech senger Schold bewosst, hien ass gequäält, mee kann net ophalen. Ass dat net nach méi grausam, wéi wann een den Täter als en einfach Béisen duerstellt?

Jo, ech mengen och, datt dat net schlësseg ass. Ech mengen, datt dat méi realistesch ass, wéi eng Persoun einfach als de Béisen ofzestempelen. Ech gleewen, datt souguer an deem schlechtste Mënsch och eppes Guddes dra stécht.

Ech mengen och, datt dat et och fir den Déierendokter schwéier mécht, well eigentlech ass hie selwer en Affer. Hie gëtt selwer gedriwwe vun de Saachen, déi hie matgemaach huet, an déi hien elo dozou féieren ze maachen, wat e mécht.

Mir geet et drëm de Fokus dorop ze sëtzen, vu wou eng Persoun hierkënnt, a wéi se zu där Persoun geformt ginn ass, déi se ass.

Musek, oder besser gesot, Song-Texter spillen eng grouss Roll an Ärem Roman. Kritt ee mat Song-Texter villes erkläert?

Et ass eng Manéier fir ze kommunizéieren. Den Déierendokter ass e grousse Museksamateur, vu Rolling Stones iwwer Janis Joplin.

Hien ënnersträicht all déi Sätz an de Liddertexter, déi fir hien zu der Léift fir d'Meedche passen. D'Meedchen dreemt jo dovun eng grouss Musekerin ze ginn an d'Musek ass fir hien e Mëttel an hir Welt anzedréngen an esou d'Meedche fir sech ze gewannen.

Dir sidd de jéngsten International-Booker-Prize-Gewënner. Wéi geet ee mat esou vill Erfolleg op eemol ëm?

(laacht) Ech mengen ech packen et gutt, et ass verréckt sou e grousse Präis ze gewannen. Ech war ganz frou, datt d'Buch fäerdeg war.

Hätt ech dat virdru gewosst, dann hätt ech d'Buch net kënne schreiwen. Et ass jo och de Sujet am Buch. Op alle Fall huet mer de Präis Flilleke ginn an och Selbstvertrauen an d'Schreiwen

Dir sidd als Meedche gebuer, do koum eng Zäit, wou der Iech als net-binär bezeechent hutt. Elo erlieft der Iech als Mann. Dat ass op d'mannst an der Press ze liesen. Hëlleft d'Schreiwen no der Sich no sech selwer?

Wou ech mam Schreiwen ugefaangen hunn, war dat eng Sich no mir selwer, et war eng Manéier mech selwer an d'Welt ze entdecken. A virun allem huet d'Poesie mer do gehollef.

A mengem éischte Buch "Was man sät" gëtt jo och d'Fro vum Gender opgeworf. Et gëtt keng Äntwert, awer vill Froe ginn opgeworf, an dat gëtt an der Literatur verschafft. Ech benotze Literatur fir meng perséinlech Sich. An déi zwee, meng Sich an d'Literatur, déi verstäerke sech géigesäiteg.