"Wenn ich an jene Jahre denke, war Daisy ein geschwisterlicher Teil meiner Kindheit. Aber erst das zurückgesandte Buch mit dem kleine Vermerk am Rande ließ mich das voll begreifen."
"Verstorben" steet um Bord vum Ëmschlag, deen d'Charlie vun der Post zeréck kritt huet, adresséiert war de Pak un d'Daisy Fiedler. Dëse traurege Moment ass den Ausléiser fir sech un d'Daisy ze erënneren, un eng Frëndschaft, déi direkt nom zweete Weltkrich ugefaangen huet, wou Däitschland a Ruine louch an d'Daisy mat hirer Famill aus Hamburg op d'Land vu Schleswig-Hollstein geflücht ass.
Zäertlechkeet a Regreten
Eng Frëndschaft, déi an hirer Kontinuitéit dach mat Ënnerbriechunge verlaf ass. Esou ass d'Erzielung dann och zesumme gesat aus Erënnerungen, aus Gedanken an Iwwerleeungen an aus Virstellungen, wat hätt kënne sinn.
"Erinnerungen kümmern sich nicht um Wind und Wetter, mit Regentagen haben sie wenig im Sinn, es sei denn, Langeweile gebiert Dummheiten oder Poetisches. Aber meistens halten sie es mit der Sonne. Da scheint's einen uralte Vertrag zu geben."
Mat ganz vill Zäertlechkeet awer och vill Regreten erënnert sech d'Charlie un déi fréier Frëndin.
Scho kuerz no der Grondschoul hate sech déi zwee Meedercher aus den Ae verluer, fir sech dann awer erëm ze begéinen.
Et ass e Wiessel tëschent Intensitéit a Vergiess ginn. D'Momenter, déi déi zwee Meedercher an duerno jonk Fraen matenee verbréngen, sinn magesch; voller Douceheet a Bewonnerung erzielt d'Charlie iwwer dem Daisy säi Wiesen, iwwer wëll Spiller a gesonge Chrëschtdagslidder, iwwer de kale Wand um Schoulwee an u Schlittschongfueren... an dann awer ëmmer rëm Momenter vun Distanz, wou d'Verbonnenheet Rëss kritt huet, well als erwuesse Frae jiddereng hiert Liewe gelieft huet.
"Und Daisy? Von einer Tätigkeit als Laborantin schrieb sie, von ihrer Arbeit, von ihren Reisen, aber nie von sich selbst. Ihre Briefe enttäuschten mich, die Schilderungen von touristische Sehenswürdigkeiten überflog ich, sie langweilten mich; sie schrieb so trocken, dass ich nicht mal Lust bekam, das Geschilderte zu sehen. Ich ließ mir Zeit, auf solche Briefe zu antworten. Ich wurde zur treulosen Freundin, und Daisy warf es mir vor, wenn ich ehrlich bin: lebenslang."
Op der Sich nom Trauma
Et geet an dëser Erzielung vun der Margret Steckel awer ëm méi, wéi just eng Frëndschaft. Schonn zimmlech am Ufank ginn d'LieserInne gewuer datt d'Daisy zum Schluss vun hirem Liewen an engem Rollstull souz a keen Dokter huet d'Ursaach vun hirer Krankheet fonnt, de Verloscht vun der kierperlecher Beweegung, deen net opzehalen ass.
Nodeems d'Daisy hir Elteren an engem déidlechen Accident verluer huet, lieft si an engem Heim, wou si eng Bezéiung mat engem Fleeger ageet.
VaLibrairie: CNL-Summerdag from radio 100,7 on Vimeo.
D'Margret Steckel liest live an der Sendung VaLibrairie aus dem Buch vir
Den Daniel ass immens verléift an d'Daisy an hie wëll hir Krankheet net akzeptéieren, an der Iwwerzeegung, d'Ursaache wiere psychosomatesch an et weist alles drop hin, datt déi traumatesch Erliefnisser wärend de Bombardementer vun Hamburg duerch déi Alliéiert d'Ursaach vum Daisy senge Lämunge kéinte sinn.
"Daisys Verkrampfungen waren Daniels alles beherrschendes Thema geworden, er sprach sogar von Verknotung, seelischer Verknotung, die auch der Heiler nicht hatte lösen können. Nun wäre also der Psychologe an der Reihe..."
Der Margret Steckel geléngt mat Daisy Fiedler e ganz beréierend Wierk. D'Autorin geheit vill Froen op iwwer Frëndschaft, iwwer Relatiounen, iwwer Erënnerungen, iwwer d'Liewen an iwwer den Doud. Iwwer d'Ursaache vu krank ginn a krank sinn. Si hält awer permanent eng respektvoll Distanz zu de Protagonistinnen a Protagonisten, all Wuert ass mat ganz vill Sensibilitéit ausgewielt fir d+es ganz intimistesch Biographie ze erzielen.
"Gedanken von heute, meine Gedanken, nicht die von Daisy. Ich weiß nicht, was sie dachte."