Radioen

On air

Notturno  |  Aamar - Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mareike Fallwickl - Dunkelgrün fast schwarz

Lauschterbuch

Mareike Fallwickl - Dunkelgrün fast schwarz

"Dunkelgrün fast schwarz" ass eng Faarwekombinatioun, déi de Moritz mol gesäit, wann hien engem Mënsch begéint, et kéint och fir d'Dräiecksbezéiung tëschent den Protagonisten am Debutroman vun der éisträichescher Autorin Mareike Fallwickl stoen, deen elo als Lauschterbuch eraus komm ass.

auto_stories

3 min

An engem Duerf, net wäit ewech vu Salzburg, wuessen den Moritz an de Raffael op. Zwee Bouwen, déi méi verschidde kënne sinn. De Raffael frech, aggressiv a selbstbewosst, de Moritz en duusst Kand, dat e bësse verluer ass. Grad déi zwee fannen zoueneen an et ass eng toxesch Frëndschaft, déi se bis an d'Erwuessenenalter verbënnt.

D'Mareike Fallwickl erzielt hiren Roman zäitversat. Vun 1982 bis 2017 spréngt si an hirer Geschicht hin an hier, an och d'Perspektiven op d'Evenementer wiesselen. Eng Ich-Erziel-Roll huet dann d'Mamm vum Moritz, déi dës Frëndschaft mat grousser Suerg verfollegt, an och iwwer hiert Liewen an hier Approchen erzielt.

D'Mamm Marie ass zu Wien opgewuess, ass ganz jonk schwanger an dowéinst bestuet ginn, fir dann an dësem Duerf ze liewen, eleng, well de Mann nach zu Wien Medezin studéiert, an der Tëschenzäit op hier zwee Kanner fixéiert, vegetaresch Kichen an eng Affär mam Raffael sengem Papp.

Déi weiblech Stëmmen iwwerzeegen

Et sinn dann och dräi Stëmmen, déi sech an dësem Lauschterbuch ofwiesselen. Julia Preuß, Anja Lehmann an de Frederic Böhle gi mat hire Stëmmen der Geschicht eng méi oder manner angeneem Dimensioun, manner well de Frederic Böhme mat Momenter net vun der Platz kënnt an och mol den Androck gëtt, hie wéisst selwer net, wat hien do liest.

Par conter iwwerzeegen déi weiblech Stëmmen absolut. Wisou awer de Verlag keng éisträichesch LieserInne geholl huet, bleift mat Bedaueren e Rätsel.

Mee zeréck zu der Geschicht. Esou wéi hir Frëndschaft an der Spillschoul entstanen ass, esou entwéckelt si sech och weider, de Raffael mat senge knallbloen Aen a permanentem Grinsen am Gesiicht bleift en Näischnotz, deen einfach mat sengem Charme a senger Selbstsécherheet all Mënsch ëm de Fanger wéckelt an de Moritz den éiwege Schied, deen sech dem Raffael senger Muecht net entzéie kann, bis d'Johanna an hiert Liewen trëtt.

En Coming-of-age Roman, an deem et ëm Frëndschaft, Léift, Verrot, Haass a Revanche, ëm Verzweiwlung a verpasste Chancen, ëm vernoléissegt Talenter an dramatesch Ënnergäng geet.

Stilistesch eng Katastroph

D'Mareike Fallwickl huet et mat Dunkelgrün fast schwarz op d'Longlist vum éisträicheschem Buchpräis gepackt an dat ass schwéier ze verstoen. D'Geschicht hält d'Staang riicht, et ass e fluid Lauschteren, et ass zimmlech empathesch geschriwwen an duerch de Zäit- a Perspektivewiessel bleift d'Spannung an d'Liewegkeet erhalen. Stilistesch ass et awer mat Momenter eng zimmlech Katastroph.

Déi permanent Wéi-Säz hunn an engem gudde Roman näischt verluer, virun allem wa se och nach net koherent sinn. Dat hannerléisst en ternen Nogeschmaach op den dach sympatheschen Anti-Held Moritz an den skrupellosen Raffael.

Mee d'Mareike Fallwikl ass nach eng jonk Autorin, Joergang 1983, an datt méi Potential do ass, weist si an hiren ganz sensibel entwéckelte Charakteren, an der Konscht vum Situéiere vun de ProtagonistInnen an der Ausenanersetzung mat dem Erwuesseginn.