Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Making of JRRIUE

100,7 Hörspill

Making of JRRIUE

JRRUE ass de Gewënner vum radio100,7 Radiopräis 2015. E Sonnden 23. Oktober huet d'Hörspill Première op der Antenn. Déi lescht Méint gouf dem Frédéric Zeimet säin Zeenario radiophonesch inzenéiert. Wéi hunn den Zeenarist, de Regisseur, d’Acteuren an déi technesch Equipe dës Aarbecht erlieft? Impressioune vum Entstoe vun engem Hörspill.

auto_stories

4 min

JRRIUE leeft den 23. Oktober um 100,7

De Frédéric Zeimet huet sech a sengem Zeenario JRRIUE mat der aktueller Flüchtlingskris befaasst. JRRIUE, dat heescht op arabesch: Laf fort. An engem Miseler Duerf kënnt et zu Konfrontatiounen tëscht der lokaler Populatioun a Refugiéen, déi sech dorops hin an de Bësch retten. Ee Journalist ass an all deem Gewulls mat de Flüchtlingen an de Bësch gelaf. Seng schwanger Fra probéiert verzweiwelt iwwer Telefon un hien ze kommen. D’Wierk weist, wéi séier Angscht zu engem Ausléiser vu Gewalt ka ginn a si Mënsche géinteneen opbrénge kann.

Zu Fréiseng an de Linster Studios gouf JRRIUE opgeholl. Fir déi Meescht war et déi éischte Kéier, datt si un engem Hörspill matgeschafft hunn. De Regisseur vum Stéck, de Claude Mangen, huet sech misse mat der cinematographescher Natur vum Zeenario auserneesetzen. "Hei hu mer et mat engem Filmzeenarist ze dinn, deen en Hörspill schreift. An ech komme vun der Expressivitéit vun der Bühn, wou eng Roll vu Mueres Aacht bis Owes Zéng ee Bou spanen." Dat wier anescht, wéi bei engem Hörspill. Do hätt een et mat klengen Episoden ze dinn.

De Fokus op d'Expressivitéit

De Claude Mangen betount, hien hätt probéiert, de Ball esou flaach wéi méiglech ze halen an de Fokus op den Ausdrock an der Stëmm vun den Acteuren ze leeën. Ënnert anerem sinn d’Stëmme vun der Eugénie Anselin, dem Hervé Sogne, dem Jean-François Wolff an der Sophie Langevin an JRRIUE ze héieren.

D’Expressivitéit an der Stëmm ass fir de Claude Mangen elementar fir d’Nolauschterer z'erreechen. Géif een an den Theater goen, da wéist ee wat een erwaart, beim Hörspill net. "Dat kann een an der Bidde lauschteren, oder et ass ee grad am Auto, oder awer an der Stuff. Oder et ass een an der Kichen am Gaangen ze kachen." Eng gewëssen Expressivitéit wier dofir net falsch, fir sech dem Nolauschterer opzedrängen, esou den 100,7-Programmkoordinator. "Net jidderee lauschtert dat doheem, roueg, bei enger Fläsch Wäin."

Virstellungskraaft gefrot

Fir d’Schauspiller war et eng Erausfuerderung fir sech am Studio - ouni d’Hëllef vu Dekor a Kostümer - an d’Personnagë grad ewéi an de Kontext eran ze versetzen. Besonnesch d'Zeenen, déi dobausse géife spillen, wieren en Challenge gewiescht, esou de Schauspiller Jean-François Wolff, deen am Stéck ee besuergte Papp spillt . "Am Stéck si mir am Bësch, et sinn Helikopteren do, d'Arméi intervenéiert ... All déi Geräischer ginn am Studio produzéiert." Do wier dem Acteur seng Virstellungskraaft gefrot.

Obwuel am Hörspill schlussendlech nëmmen d'Stëmm ze héieren ass, muss een als Schauspiller mam ganze Kierper spillen. D’Actrice Eugénie Anselin, déi am JRRIUE dem Journalist seng schwanger Fra spillt, fënnt, datt en Hörspill doduerch méi no um Theater wéi um Film läit. Obwuel een an engem klenge Raum wier misst een d'Distanze matspillen. "Wann een am Hörspill am Bësch ass an et rifft een, da muss een och ruffen, wéi wann ee wäit vun dem aneren ewech ass."

De Fabio Godinho verkierpert am JRRIUE d’Roll vum ënnerdréckten Assistent vun enger skrupelloser Journalistin. Fir d’Nolauschterer eng Atmosphär ze kreéieren, déi net op dem Visuelle berout, wier eng wäertvoll Erfarung. Et wier eng ganz aner Kommunikatioun mam Nolauschterer.

Atmosphär duerch Technik

Net nëmmen Zeenarist, Regisseur a Schauspiller wierke bei engem Hörspill mat. D'technesch Equipe enregistréiert a montéiert, wat Zeenarist a Regisseur uginn an d’Schauspiller interpretéieren. Dem Produzent Jang Linster ass de Medium Hörspill net friem. Fir seng technesch Equipe wier et awer eng Erausfuerderung, villes eleng duerch den Toun ze suggeréieren. Villes géif an der Postproduktioun entstoen, zum Beispill d'Geräisch vun de Schrëtt, wann ee geet. Et wier awer net wéi zum Beispill am Film, betount de Jang Linster. Do géif een eppes gesinn, an den Toun géif Saache suggeréieren, erkläert de Jang Linster. "Hei gesäit ee jo näischt. Do muss een alles wat ee wëll eriwwer bréngen, an esou undeiten, datt een et héiert."

An der Post-Produktioun ginn déi verschidden Elementer zesummen - an d’Sound-Effekter agesat. Dës Aarbecht bräicht Zäit, esou den Toun-Techniker Ken Nnganyadi. Pro Minutt wier dat ronn eng Stonn Aarbecht. Ronn 20 Stonne géif de Montage an de Mix vun engem Zeenario wéi JRRIUE deemno daueren.

Vum Zeenario bei d'Hörspill

JRRIUE gouf an Episoden opgeholl. Obwuel vill atmosphäresch Geräischer eréischt an der Post-Produktioun agesat ginn, goufe verschidden Zeenen ausserhalb vum Studio, an engem Bësch, opgeholl. De Regisseur Claude Mangen huet sech besonnesch op dës Zeene gefreet, well do déi eigentlech Aktioun géif geschéien.

Den Zeenarist vun JRRIUE Frédéric Zeimet war jiddefalls frou fir d’Evolutioun vu sengem Stéck kënne mat z’erliewen. "Et schreift een et eleng a sengem Büro an et si Stëmmen a sengem Kapp. Elo sinn d'Stëmme reell.


D'Première vum radio 100,7 Hörspill JRRIUE ass den 23. Oktober um 19:30 LIVE um 100,7


Making of JRRIUEplay_arrow