Gezeechent Madeleine, Résistante

D'Liewen vun der franséischer Resistenzlerin Madeleine Riffaud erzielen de Jean-David Morvan an Dominique Bertail elo an dräi Bicher. An "La Rose dégoupillée" geet et ëm hire Wee an d'Résistance, dee scho fréi virgezeechent ass, awer laang brauch, bis e Wierklechkeet gëtt.

Jeff Thoss / tt

Madeleine Résistance

Geschichten iwwer d'Résistance sinn aus der Bande dessinée kaum ewechzedenken. Fir d'lescht hat d'Serie Les Enfants de la résistance vum belschen Duo Dugomier an Ers e Risesuccès. Schonn de siwente Band ass dëst Joer erauskomm. Mat Madeleine, Résistante hunn d'Éditions Dupuis elo eng nei Serie iwwer de franséische Widderstand am zweete Weltkrich gestart.

D'Geschicht vun der Madeleine Riffaud un e jonke Public bréngen

Am Géigesaz zu de ville fiktionalen oder semi-fiktionale Résistance-Comics baséiert dësen direkt op dem Temoignage vun engem bekannte Member vun der Beweegung: dem Madeleine Riffaud, dat nom Krich och als Journalistin an Autorin bekannt ginn ass an 1994 am Buch On l'appelait Rainer eng éischte Kéier vun hiren Erfarungen aus der Zäit tëschent 1939 an 1945 erzielt huet. Mee, firwat dann net déi Memoire, déi et scho ginn, liesen amplaz dës nei BD?

Déi Fro hu sech wuel och den Zeenarist Jean-David Morvan an den Zeechner Dominique Bertail gestallt. D'Äntwert dorop gi se direkt zweemol. Am Virwuert erzielt d'Madeleine Riffaud selwer, wéi et dozou komm, datt si sech mat 94 Joer op en Neits zu hirer Vergaangenheet interviewe gelooss huet, an am Nowuert, dat selwer d'Form vun engem Comic huet, erkläre Morvan a Bertail d'Virgeschicht vum Buch. Zentral ass a béide Fäll déi vläicht e wéineg banal Ausso, datt ee mat enger BD en aneren, méi jonke Public erreecht, deen et fir d'Geschicht ze sensibiliséiere gëllt.

Auszoch aus Madeleine Résistante

E virgezeechente Wee an d'Résistance

E reng didaktescht Wierk ass Madeleine, Résistante dofir awer nach laang net. A well dësen éischte Band grad zu deem Zäitpunkt an der Chronologie ophält, wou seng Heldin e souzesoen offizielle Member vun enger Résistance-Grupp gëtt, evitéiert en och, eis direkt mat Biller ze konfrontéieren, déi ee schonn an x Versioune gesinn huet. Bekannt ass d'Madeleine Riffaud nämlech virun allem dofir, datt et 1944 e Wehrmachtsoffizéier matzen a Paräis a matzen am Dag erschoss huet an duerno e Mount a Gestapo-Gefaangenschaft war, wou e trotz Folter näischt verroden huet.

Mee dës Evenementer sinn a La Rose dégoupillée nach wäit ewech. Hei geet et ëm d'Kandheet a Jugend vum Madeleine, déi den Zeenarist Morvan a kuerz Kapitele gepaakt huet an déi vum Zeechner Bertail mat engem klasseschen Découpage an engem realistesche Stil illustréiert ginn, bal monochrom, well et als Faarf just e killt, blatzegt Blo am Buch gëtt. Dat ass, niewebäi gesot, wuel eng Ofwiesslung am Verglach mam éiwege Sepia oder renge Schwaarz-Wäiss bei historesche Sujeten, awer och e bësse willkürlech.

Op jiddwer Fall erzielt d'BD vun engem Wee an d'Résistance, dee scho fréi virgezeechent ass, awer laang brauch, bis e Wierklechkeet gëtt. Als Kand vun Enseignanten an engem Duerf am Norde vu Frankräich kéint d'Madeleine u sech eng onbeschwéiert Kandheet hunn, mee d'Spuere vum éischte Weltkrich sinn an der Géigend nach net verschwonnen, wärend den nächste lues a lues schonn um Horizont opdaucht.

Nodeems d'Famill 1940 op der Flucht an de Süde vu Fligeren attackéiert gëtt an d'Heldin op enger Gare vum engem Offizéier e Fouss hannebäi kritt, wéi et däitsch Zaldote passéiere wëll, fir sengem kranke Grousspapp ze hëllefen, steet seng Decisioun schnell fest: D'Madeleine, dat knapps 16 Joer huet, wëll sech wieren, géint d'Occupatioun an de Vichy Regime. Mee wéi d'BD ëmmer erëm weist, ass et - grad fir eng Fra - net evident, d'Résistance, vun där iwwerall geschwat gëtt, och ze fannen, an och net ongeféierlech, no hir ze sichen. Den Titel vum Band, La Rose dégoupillée - déi entséchert Rous - deit et schonn un: Hei dréint sech alles ëm d'Preparatioun fir e Kampf, fir deen d'Gesellschaft eng jonk Fra wéi d'Madeleine am Fong net virgesinn hat.

Zolitt BD iwwert ee faszinéierend Liewen

D'Heldin kënnt schlussendlech iwwer em Ëmwee bei d'Résistance. Well et un Tuberkulos erkrankt ass, soll et fir e puer Méint a e Sanatorium an der Géigend vu Grenoble. D'Rees dohin ass net och net ouni, well et vum besatene Frankräich eriwwer an d'zone libre geet. Mee eng Kéier ukomm, verléift sech d'Madeleine net nëmmen an en anere Patient, de Marcel, mee fënnt och eraus, datt hie bei der Résistance ass.

D'Reconter mam Marcel ass an der BD de Start vun enger laanger Initiatioun, déi zu Paräis weidergeet. D'Madeleine Riffaud beschreift aus der Erënnerung, wéi et hei geléiert huet, sech onopfälleg duerch d'Stad ze beweegen a wéi ee mat anere kommunizéiert. Dobäi zerwéiert d'Erzielerin just bedéngt dat romantescht, heroescht Bild vun der Résistance, dat oft kritiséiert gouf. D'Grupp, un déi d'Madeleine geréit, erschéngt oft wéi eng Band Studenten, déi sech virun allem an der Pos vum Resistenzler gefalen an d'Saach selwer net ganz esou eescht huelen, hir nei Komerodin zum Beispill an enger Form vu Bizutage op sënnlos, mee geféierlech Missioune schécken.

Et kann ee sech de Geschichten, déi d'Madeleine Riffaud aus sengem Liewen erzielt, schwéier entzéien, a Morvan a Bertail wëssen, wéi se se an Zeen setzen a Spannung opbauen. Madeleine, Résistante ass an allen Hisiichten eng souverän BD. Kee Buch, dat e neie Moossstaf am Genre vum historesche Comic setzt oder engem eppes komplett Neies erzielt, mee eng Lecture, déi genausou ënnerhält wéi se informativ ass. A well hei jiddwereen säin Handwierk beherrscht, hält d'BD och mat engem Cliffhanger op, bei deem een d'Suite kaum erwaarde kann, obwuel jo eigentlech kloer ass, wéi dem Madeleine Riffaud säi Wee an der Résistance weidergeet.

La Rose dégoupillée, den éischte Band vun Madeleine, Résistante vu Madeleine Riffaud, Jean-David Morvan an Dominique Bertail ass bei Dupuis erauskomm a kascht mat sengen 128 Säiten 23,50 €.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Books From Luxembourg
Video

D'Frankfurter Buchmesse huet no engem Joer Paus dëst Joer seng Dieren erëm opgemaach. Eis Kultur-Journalistin Valerija Berdi moderéiert eng Table ronde zum Theema "Bookbloggers : new experiences."

B-Radio "Sécherheet"
B-Radio

Fauschtreegel am Journalismus: En Hond, deen e Mann bäisst, dat ass keng Noriicht; awer e Mann, deen en Hond bäisst, ass eng... Déi nei Episod vum B-Radio, Radio fir besuergte Bierger!

Jason Lutes - Berlin
Graphic Novel Classics

Den Jason Lutes erzielt a sengem Graphic Novel "Berlin" d'Schicksal vu ronn zwanzeg verschiddene Leit aus ganz ënnerschiddleche Quartieren a Milieue vun der däitscher Haaptstad.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen