Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg Art Week: e positive Bilan

Konscht

Luxembourg Art Week: e positive Bilan

Interessant Galeristen aus dem Ausland, eng gutt Kommunikatioun, 7000 Visiteuren: zesumme gerechent war déi éischt Luxembourg Art Week en Erfolleg, fënnt de Christian Mosar. Dobäi hunn d'Preparatioune réischt um Juni ugefaang, an d'Foire war an der Schoulvakanz – wat sech d'nächst Joer iwwregens soll änneren.

auto_stories

4 min

Et ass opgefall, datt vill Leit e puermol kucke komm sinn (©Luxembourg Art Week)

Vum 3. bis den 8. November gouf déi éischte lëtzebuerger Art Week an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg organiséiert. Nonzéng Galerië waren hei vertrueden, grad ewéi de Salon vum Cercle artistique (CAL) deen, zanter de Carré Rotondes zou ass, hei eng nei Plaz fanne konnt.

Fir de Salon vum CAL war dat e Risiko, well deem seng Ausstellungsdauer sou vu véier Wochen op sechs Deeg reduzéiert ginn ass. Mee d’Geleeënheet fir dem Salon vum CAL eng méi international Connotatioun – a vläit Konfrontatioun –  ze gi war e Grond fir d’Konschtfoire an de Salon parallel lafen ze loossen.

De Jean Petit, President vum CAL huet doranner eng positiv Entwécklung fir den Hierschtsalon gesinn. Déi provisoresch Ausstellungsarchitektur an der Victor-Hugo-Hal war professionell opgeriicht, dat heescht och sou organiséiert datt se fonctionnéiert huet. 

D’Käschte vun der Art Week belafen sech am Ganzen op 400.000 Euro, wouvun 170.000 Euro als logistesch Ënnerstëtzung vun der Gemeng Lëtzebuerg komm sinn.

Eng Kommunikatioun déi gutt funktionéiert huet

D’Art week ass a ganz kuerzer Zäit organiséiert ginn. Am Juni eréischt ass dat ganzt ugelaf fir a knapps fënnef Méint seng Dieren opzemaachen. Den Titel "Positions" ass net wierklech hänke bliwwen. An de Medien huet einfach de Numm "Art week" sech duerchgesat – eng Kommunikatioun a Promotioun déi hei wierklech gutt funktionéiert huet.

Vun de nonzéng Galerien déi present waren, koumen der néng aus dem Ausland. D’Bridder Lehmann vu Dresden haten zum Beispill Biller vum Eberhard Havekost oder dem Frank Nitsche ausgestallt – allen zwee Kënschtler vun der Dresdner Schule aus de 90er Joer. Déi zwee Moler genéissen an Däitschland, an och international, eng grouss Renommée an hänken och am Mudam, sinn awer trotzdem engem lokale Publikum net wierklech e Begrëff.

Interessant Galerien aus dem Ausland ... an och vu Lëtzebuerg

Aner Galeriste wéi de Guy Pieters vu Knokke hunn net onbedéngt nëmme mat dem direkte Verkaafszil ausgestallt. Fir si war d’Art Week och eng Méiglechkeet fir Promotioun an eegener Saach fir Aarbechte vu Christo, Jan Fabre a Wim Delvoye ze weisen. D’Galerie Lelong huet Peinture vun der Etel Adnan gewissen, déi nach op der Documenta 13 virun zwee Joer zu Kassel eng kléng Retrospektive hat.

Véier Galerien ware vu Paräis op Lëtzebuerg komm, dorënner och de Baudouin Lebon, dee Paul Delvaux, Jean Dubuffet , Mapplethorpe a Joel Peter Witkin gewisen huet. An d’Galerie Mulier et Mulier vum Zoute huet eng Zeechnung vum Warhol verkaf.

Op Lëtzebuerger Säit huet d’Galerie Clairefontaine op déi ganz beléiften Aarbechte vum Roland Schauls gesat, deen éischter eng gutt Woch hat. De Bernard Ceysson huet nieft sengem internationale Choix och Aarbechte vum Brandy a vum Roland Quetsch gewisen.

7000 Leit a sechs Deeg, e grousse Succès

An der Géigewaartskonscht ginn et zwee Barometer déi zielen: d’Präisser fir de Marché an d’Visiteurszuele fir d’Institutiounen. Eng 7000 Leit a sechs Deeg, dat war e grousse Succès. Dobäi louch dës éischt Editioun vun der Art Week an der Schoulvakanz. D’nächst Joer soll se eng Woch méi spéit organiséiert ginn, sou datt ee nach méi Visiteuren erwaarde kann. Et ass och bei dëser Editioun opgefall datt vill Leit e puermol kucke komm sinn. Den Entrée war gratis  an och dat huet sécher zum Succès bäigedroen.

An der lokaler geschriwwener Press konnt ee liesen, datt Galeristen sech gewonnert hunn, datt si um Stand selwer gefrot gi wieren, ob si de Kënschtler sinn. Mee, wéi den Organisateur Alex Reding sot, dat gëtt een och op der FIAC zu Paräis gefrot. Den Galerist vun Nosbaum Reding um Fëschmaart huet ënnert anerem en Tableau vun der Tina Gillen verkaf, déi am Moment eng Eenzelaustellung am Bréissler Bozar huet, an e neit Buch iwwert hiert Wierk do presentéiere konnt.