Radioen

On air

De Moien  |  Balthazar - I'm Never Gonna Let You Down Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Looss dech influenzéieren"

Lëtzebuerger Literatur

"Looss dech influenzéieren"

Kann ee schreiwen, wann een net liest? Wéi inspiréiert d'Weltliteratur e Schrëftsteller? Wéi eng Method verfollegt hie beim Schreiwen? A wat verréit den Titel vu sengem aktuelle Buch "Inévitables bifurcations" iwwert den Inhalt? Op all dës Froen huet de Lambert Schlechter eng Äntwert.

auto_stories

5 min

"Inévitables bifurcations" ass Deel vum lambert Schlechter sengem Laangzäitprojet.

"Inévitables bifurcations" ass de véierten Deel vum Lambert Schlechter sengem literaresche Laangzäitprojet. Dëse Projet, dat ass ee Recueil vun Texter oder wéi de Lambert Schlechter seet, "e Sammelsurium vu Prosa-Fragmenter". Den éischten Deel ass 2006 ënnert dem Titel "Le murmure du monde" erauskomm. 2010 ass den zweeten Deel, "La trame des jours" publizéiert ginn an 2013 koum "Le fracas des nuages" no.

"Inévitables bifurcations" géing sech awer vun den Deeler virdrun ënnerscheeden, erzielt de Lambert Schlechter. "Meng Texter hunn hei eng Pseudo-Homogenitéit well ech all Kéier eng Säit fëllen an dann ophalen." Awer net nëmmen de Kader vun den Texter wier anescht. Den Titel "Inévitables bifurcations" géing och verroden a wéi eng Richtung et géing goen, seet de Schrëftsteller. "Hannert dem Komma geet et ob eemol anzwousch ganz anescht hin. Matten am Saz brécht eppes Anescht eran." Gläichzäiteg géing den Titel op de Chaos an den Duerchernee vum Liewe verweisen, fënnt de Lambert Schlechter.

"Hin an hier tëscht dem Gelieften an dem Geliestem"

D'Wierk setzt sech aus 77 Prosafragmenter zesummen, déi alles dat thematiséieren, wat de Lambert Schlechter beschäftegt. Iwwerleeungen, Erënnerungen, Evenementer, Gefiller a Gedanken, Léift an Haass an all hire Formen. Dës Theme vermësche sech mat Iddie vu Schrëftsteller, Wëssenschaftler a Philosophe, déi de Lambert Schlechter inspiréieren.

An datt de Lambert Schlechter en avertéierte Lieser ass weisen net just di Kéip vu Bicher, déi ee bei him erbléckt, mee och seng Reflektiounen iwwert d‘Schreiwen an d'Liesen. "Liese féiert zum Schreiwen a vice versa", seet de Lambert Schlechter. En Auteur dee net géing liesen, géing net schreiwen.

"Wann e jonken Auteur seet e géing net liese well e net wëll influenzéiert ginn. Da soen ech Stopp, looss dech influenzéieren, schreif emol wéi den Hermann Hesse, an da schreifs du wéi de Gottfried Benn, an da schreifs du wéi den Thomas Bernhard. An da bass du vläicht op dengem eegene Wee oder du läis scho laang am Gruef."

Liesen a Schreiwen, zwou Passiounen, déi net just zesumme passen, mee sech och ergänzen, eng regelrecht Symbios bilden, an et ass och Béides, wat de Lambert Schlechter Dag fir Dag erfëllt.

E Kontrakt mat sech selwer

An "Inevitables bifurcations" beschränkt sech all Fragment op zwou Buchsäiten. Eng Contrainte, déi de Lambert Schlechter sech selwer operluecht huet. Dat ass keng nei Method fir dëse Schrëftsteller, deen op ronn 30 literaresch Wierker zeréck kucke kann. Hie seet, esou Contrainten géingen hie virun dreiwen. Seng Prosatexter a Gedichter géinge séier a spontan entstoen. Et géing bal näischt dru verbessert ginn.

De Lambert Schlechter schafft simultan u méi Schreifprojeten. Seng Realisatiounen hunn en eegene Kader, an deen den Auteur seng Wieder setzt. Zënter fënnef Joer géing hien zum Beispill just nach 9-Zeile Gedichter schreiwen, erzielt de Lëtzebuerger Auteur. "Dat ass e Moule an deen dat wat ech ze soen hunn era muss."

"Schreiwe mat Freed a Liichtegkeet"

Engersäits géing dat dem Auteur zwar Angscht maachen. Anerersäits géing déi Angscht hien awer mobiliséiere fir ze Schreiwen. De Lambert Schlechter seet awer, hie géing net zu deene Schrëftsteller zielen, déi ënnert dem Schreiwe leiden. "Ech Schreiwe mat Freed a mat Gléck a mat Liichtegkeet."

An dofir e klengen Extrait aus "Inévitables bifurcations":

"on croit savoir — et puis non, jamais, dit Riva, c’est à cause de ce jamais, ce never, que Marguerite Duras choisit Nevers pour son scénario, c’est dans la Nièvre où je n’étais jamais allé, c’est la ville où habite Valérie Rouzeau, rue Adam-Billaut, je ne me souviens plus si la rue est dans le film, j’ai fait quelques photos, Nevers la nuit, poésie des réverbères sur les vieilles façades, j’ai fait une image qui est un vrai Magritte, cinq semaines que mes pieds ont pris leur pied dans mes rustiques franciscaines sandales, cinq semaines de vadrouille, à Sète, dans les gorges du Verdon, en Corrèze, chaleur & lumière, climat de mon âme, et ce sera bientôt fini, on culbutera dans le gouffre de la froidure pendant de longs mois, se recroqueviller se rabougrir et peu à peu tomber en hibernation"

E literaresche Blog

De Lambert Schlechter publizéiert e groussen Deel vu senger Literatur op Facebook an och op sengem Blog. Facebook erméiglecht et him, déi vill Kontakter mat Schrëftsteller a Schrëftstellerinne lieweg ze halen, déi hien op sengen Liesungen am Ausland kenne geléiert huet. De Blog huet dann eng ganz speziell Eegenschaft, déi natierlech och Auswierkungen op d’Schreifverhalen huet. "Dat si bouteilles à la mer déi een ewechpucht. Et weess een net wou si hi ginn", fënnt de Lambert Schlechter. Mee et wéisst een, datt si iergendwou ukommen.

Et géing him Spaass maachen an him op e Neits e Kader setzen. "Wann et op de Blog geet, muss et ofgeschloss sinn. Da muss et seng Form hunn." Un deem wat hien um Blog publizéiert, géing de Lambert Schlechter näischt méi änneren. "Et ass déi Form, déi et herno och am Buch huet."


"Inévitables bifurcations" ass am Verlag "Les doigts dans la prose" erauskomm. Dem Lambert Schlechter seng Literatur kann een awer och op sengem Blog entdecken.