Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Looss alles eraus"

Danz a Rap Event

"Looss alles eraus"

Jonker aus der Jugendpsychiatrie verschaffen a selwer geschriwwene Rap-Texter a Choreographien hir perséinlech Erliefnisser. Dacks beschäftege Gefiller vun Onverständnis, Roserei oder Trauer déi Jonk. D'Roll vun der Choreographin Sylvia Camarda an dem Rapper David Galassi ass si an hirem kreative Prozess z’ënnerstëtzen.

auto_stories

2 min

Ronn 20 Jonker tëscht 12 an 18 Joer aus der Jugendpsychiatrie vum Hôpital Schuman an der Dagesklinik vun Esch prouwen zënter Oktober fir "Looss alles eraus", eng Initiative vun der Fondatioun EME. Déi Jonk géifen dacks duerch Rap an Danz hir Gefiller eraus loossen, seet d’Katja Engelhardt vun den Hopitaux Schuman. Dohier kéim och den Numm vum Event.

Onverständnis, Trauer a Roserei

D'Themen, déi déi Jonk beschäftegen, wieren immens ënnerschiddlech. Dacks géif et ëm d'Gefill goen, sech net verstanen ze fillen. D'Liewen an der Psychiatrie oder enger Dagesklinik géifen déi Jonk awer dacks mat Trauer a Roserei verbannen.

Et wier immens schwéier, enger Persoun d'Gefiller an d'Gedanken ze beschreiwe, déi een hätt, wann een an der Psychiatrie oder an enger Dagesklinik wier, mengt d'Lena. Hatt wëll seng schwéier Kandheet an d'Relatioun mam eegene Papp verschaffen. Dofir schafft hatt mam David Galassi un engem Text an engem passende Beat. Säi Papp hätt hatt verlooss a seng Mamm geschloen, erzielt d'Lena. "Ech géif hien am léifste lénks leie loossen. Iergendwéi hunn ech hie gären, awer anerersäits haassen ech en och zudéifst. 'T ass bësse komesch."

De kreative Prozess ënnerstëtzen

Am Ufank wiere verschiddener immens schei gewiescht, seet den David Galassi. Dat hätt sech awer séier geännert. "Ech sinn och ganz erstaunt wat dobäi erauskënnt a wat alles aus deenen erauszehuelen ass. Dat hätt ech am Ufank net esou erwaart."

D'Roll vum Sylvia Camarda a vum David Galassi wier et, déi Jonk an hirem kreative Prozess z'ënnerstëtzen. Déi Jonk hätten alleguer verschidden Problemer ze verschaffen, seet d'Sylvia Camarda. "A mir als Kënschtler verschaffen och Problemer op der Bühn, dat heescht dat passt alles ganz gutt zesummen."