Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lokal Filmer sinn am Endeffekt méi global"

Filmfestival 2016

"Lokal Filmer sinn am Endeffekt méi global"

Den dänesche Realisateur Martin Zandvliet ass mat sengem drëtte Long métrage "Land of Mine" mam Grousse Präiss um LuxFilmFest ausgezeechent ginn. Säi Film behandelt eng schlecht gekannten Episode aus der direkter Nokrichszäit an Dänemark. Interview.

auto_stories

6 min

Martin Zandvliet

Déi dänesch-däitsch Co-Produktioun "Land of Mine" erzielt op eng spannend Aart a Weis d'Geschicht vu ganz jonken däitsche Krichsgefaangenen, déi nom Enn vum Zweete Weltkrich gezwonge gi Minnen op de Plagen an Dänemark z'entschäerfen. Am Mëttelpunkt steet dann och d'Relatioun tëschent dëse Jongen an engem dänesche Sergeant, dee sech vun engem nodroenden a brutale Personnage zu enger Pappefigur entwéckelt.

 

De Michel Delage huet sech no der Präisiwwerreeschung e Samschdeg den Owend mam Martin Zandvliet ënnerhalen:

 

 

Gratulatioun fir déi dräi Präisser! Äre Film ass och an Ärer Heemecht, an Dänemark ee Succès. A wahrscheinlech och an anere Länner. Dir hutt och de Präis vum Public gewonnen. Hätt Dir Iech erwaart, datt Äre Film sou vill Erfolleg hätt?

Neen, natierlech net. Als Cineast weess een ni, wéi ee Film ukënnt. Et hofft een ëmmer, datt deen neie Projet besser gëtt wéi dee virdrun. Awer et weess een ni wierklech, ob een de Public wäert beréieren oder ob de Film sech gutt wäert verkafen. Ech probéiere lokal Geschichten ze schreiwen. Ech hunn erausfonnt, datt Filmer, déi méi lokal sinn am Endeffekt méi global ginn. Mir si schliisslech alleguer Mënschen a mir hunn all déi selwecht Gefiller, wéi Haass an Angscht. All Natioun huet een däischtert Kapitel. All Natioun huet den Dilemma vum Krich erlieft, oder huet eng schwiereg Situatioun mat hiren Nopeschlänner.

De Sujet u sech ass eng Garantie fir Suspense. Do gëtt et ee Prinzip, deen den Alfred Hitchcock beschriwwen hat: Et weess een, datt eng Bomm do ass, mee et weess een net, wéini se wäert explodéieren. Hutt Dir dorunner geduecht?

Neen, net wierklech. Ee Moment hat och och bëssen Angscht, well et decodéiert een et séier: Wann déi éischt Minn bis explodéiert ass, weess een, datt och nach anerer wäerten an d'Luucht goen. Den Trick war fir Spannung an Elementer vum Thriller ze benotzen. Ech hu probéiert, d’Spectateuren um Bord vun hirem Sëtz ze halen. Ech verroden net, wéini et geschitt, a mat weem et wäert geschéien. Dat hei ass eng vun deenen éischte Kéieren, wou ech déi Elementer benotzen. Wéi gesot, et ass einfach ze decodéieren. Dofir muss een d’Filmregele vum Suspense benotzen.

De Jury huet ënnerstrach, datt de Film immens gutt gemaach wär. Och d'Acteure goufe gelueft. Wat kënnt Dir eis iwwer de Cast verroden?

Et ass net mäi Metier, awer ech huelen dat immens eescht. Ech kucke gär, wa Leit gutt spillen. Ech hu gär Theater a Filmer aus de 60er. Ech hu gär, wann et natierlech ass, wann Acteuren hiren Job gutt maachen. Et ass eng Responsabilitéit vun de Realisateuren, fir déi Aarbecht eescht ze huelen. De Casting ass ee grousse Prozess. De Roland Møller, deen d'Haaptroll spillt, ass kee professionellen Acteur. Dat hei ass seng éischt Haaptroll. Vill vun de Jongen hunn nach ni an engem Film gespillt. Et geet also ëm Kommunikatioun. Et geet drëm, si ze verstoen. Et geet drëm, eng Bezéiung zu hinnen opzebauen. Et geet net drëm, datt ech de Chef spille muss, mee fir Vertrauen ze weisen, an de Leit ze hëllefe fir um Set ze wuessen an dat Bescht vun hinnen ze weisen.

Am Film ass den Haaptpersonnage och eng Pappefigur fir d’Jongen.

Jo, dat stëmmt. Och um Plateau ass hien eng Pappefigur ginn. Si hunn op hien erop gekuckt an hie wierklech respektéiert. Dat wollt ech och am Film erzielen. Hie sollt dës Emotiounen äusdrécken: op engem Punkt ufänken an Emotiounen entwéckelen. Als Mënsche si mer um Enn net sou ënnerschiddlech. Et louch un him fir se ze retten, et huet et just musse wëllen.

Huet de Film an Dänemark eng serieux historesch Debatt ausgeléist? Menges Wëssens war dës Nokrichs-Geschicht net esou bekannt...

En huet eng zimlech grouss Diskussioun ausgeléist. All Kéiers wann een e Film iwwer Geschicht mécht, kommen d’Historiker souzesoen aus hire Lächer. Dat ass néideg fir d’Geschicht, néideg fir de Film. An et wäert ëmmer Kritik ginn, och géigesäiteg Kritik. Et gëtt ni een eenzegt Bild vun der Geschicht, dat der Wourecht entsprécht. Dëse Film ass e Stéck Geschicht, mee och Fiktioun. De Sergeant Karl, am Film, representéiert 50 Sergeanten, vum Schlëmmste bis zu deem, deen d’Mënschheet hoffentlech och mat sech dréit. Als Natioun gëtt ni gelunn, wenn dës däischter Kapitelen op den Dech kommen.

Filmer hunn also eng Auswierkung op den ëffentlechen Debat?

Jo, sécher. Ech wënsche mer, datt Historiker a Filmmécher méi zesummen a manner géintenee schaffen. Filmer kënnen ee grousse Bäitrag am Kader vun der Universitéit leeschten. Geschicht muss net verstëbst a langweileg sinn, un engem Dech sëtzen... Et kann een et méi interessant maachen.

Wat sinn Är nächst Projeten? Aner historesch Filmer? Oder eppes ganz aneschters?

Eppes aneschters. De Moment schaffen ech un engem Film iwwert d’Yakuza, déi japanesch Mafia, a Japan, eppes wéi eng Mëschung tëschent “Drive” an “The Godfather”. Et spillt an der Zäit, wéi d’Amerikaner Japan kontrolléiert haten an d’Yakuza zeréck komm waren. Eigentlech ass dee Film méi haart, méi graff wéi “Land of Mine”. Fir mech eppes neits, eppes interessantes. Ech freeë mech schonn drop. Et weess ee jo ni, mee et gesäit emol esou aus, wéi wann et mäin nächste Film géif ginn.