Radioen

On air

De Moien  |  Flo Morrissey & Matthew E. White - Thinking Bout You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lizenz fir de "Product Placement"

Bond-Filmer

Lizenz fir de "Product Placement"

De Bond ass bekannt fir séier Autoen, deier Kostümer an alkoholescht Gedrénks. Fir d'Marken ass eng Präsenz am Bond en Investissement. Am neie Spectre sti 14 offiziell Werbepartner op der Lëscht, dat geet vun der britescher Tourismus Agence, bis bei eng hollännesch Béierzort – well de Bond hautdesdaags och Béier drénkt, wéi de Jean-Claude Majerus erausfonnt huet.

auto_stories

3 min

D'Marken si benzeg op de Product Placement an de Bond-Film (©Bigstock)

De 007 huet net nëmmen eng Lizenz ze Killen, mä och eng fir d’Suen ze schleefen. Kloer, de sougenannte Product Placement – Produktplazéierung – ass net nëmme speziell eng Realitéit vu James Bond Filmer. An Transporter gëtt eng däitsch Autosmark gefuer, an de Will Smith huet an I Robot opfälleg Turnschlappen un. 

Mee et ass awer esou, datt de Product Placement virun allem bei de James Bond Filmer vill Opmierksamkeet kritt, grad esou gutt an de Medie wéi och beim Publikum, héchstwahrscheinlech well Bond selwer quasi eng Mark ass. "Product Placement ass kee neie Phänomen an de Bond-Filmer. Dat geet zréck op den éischte Bond mam Sean Connery, deen do Smirnoff-Wodka drénkt. Den opfällegste Fall ass a mengen Aen a Moonraker vu 1979 wou eng Ambulanz op e Reklammeschëld fir ënner anerem SevenUp a British Airways duersteiert", seet dozou de Bond-Historiker James Chapman. D'Marken géifen awer keng Suen dofir bezuelen, si géife just verschidde Saachen zur Verfügung stellen.

Marken benzeg  op "Product Placement"

De Bond ass selwer schonn eng Mark, an dat ass och en Phänomen deen d’Produktiounsfirma weiderdreift: vun  der Annonce vum Filmtitel, iwwert d'Nimm vun de Schauspiller, an de Plaze wou gedréint gëtt, bis bei de Kënschtler vum Titelsong  – wann e neie James Bond lancéiert gëtt, dann dierft en vun Ufank un net méi aus der Aktualitéit verschwannen.

An da kommen och nach Superlativen derbäi: Spectre ass deen deierste Bond-Film dee bis ewell realiséiert gouf. Mam Virgänger Skyfall goufe Sue verdéngt fir Spectre nach besser ze maachen, wat awer – a vill Kritike soen dat – net onbedéngt de Fall ass.

Skyfall hat 1,1 Milliarden Dollar op der ganzer Welt a d’Keese gespillt, an dat bei engem Produktiounsbudget vu ronn 200 Milliounen Dollar, vun deenen 45 Milliounen deemools vu Sponsore koumen. An d’Partner oder Sponsoren si benzeg drop hir Produiten ze placéieren och wann de "Product Placement" Schleichwerbung genannt gëtt, ass dat de Partner egal, wann se scho bei engem Bond film derbäi sinn da wëllen se och datt hire Produit gesäit.

33 Millioune fir Sportsmaschinnen

Den James Bond Expert an Historiker James Chapman, gesäit hien de Product Placement net als problematesch. "Well mer de Bond mat engem gewësse Liewensstil associéieren, erwaarden och iergendwou datt hien en Aston Martin fiert, a Belvedere Wodka drénkt". 

Déi meescht Marke sinn houfreg wann se an engem James Bond Film veréiwegt sinn. De Jacques de Cock vun der London School of Marketing sot an engem Interview mat der International Business Times datt an engem Bond Film de Product Placement eppes besonnesches ass.

An ee Beispill ass sécher d’Sportsautoe vun Aston Martin déi zanter fënnef Joerzéngte Bond Filmer beliwweren, fir Spectre hunn se esou guer en neien Auto entwéckelt a gebaut, och wann de Auto meeschtens net hält, iwwer 33 Milliounen Euro hunn d’Sportsmaschinne kascht déi fir Spectre zu Schrott gefuer goufen. An nach si Produzenten der Meenung datt dat sech lount.