Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elora - Embers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Literaturfestival zu Saint-Malo

Weltliteratur

Literaturfestival zu Saint-Malo

Iwwer de Päischtweekend steet d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo. D'Valerija Berdi stellt dat literarescht Saint-Malo an de Festival Étonnants Voyageurs vir.

auto_stories

4 min

"Étonnants voyageurs ! quelles nobles histoires

Nous lisons dans vos yeux profonds comme les mers !

Montrez-nous les écrins de vos riches mémoires,

Ces bijoux merveilleux, faits d'astres et d'éthers.

Nous voulons voyager sans vapeur et sans voile !

Faites, pour égayer l'ennui de nos prisons,

Passer sur nos esprits, tendus comme une toile,

Vos souvenirs avec leurs cadres d'horizons.

Dites, qu'avez-vous vu ?"

Haut ass déi kleng Stiedche Saint-Malo an der Bretagne eng vun de wichtegste Plaze fir d'Weltliteratur. De franséische Schrëftsteller a Matbegrënner vun der Zeitung Liberation, de Michel Le Bris huet de Literaturfestival étonnants voyageures an d'Liewe geruff. Hie selwer ass Breton, an datt dëse Festival zu Saint-Malo zanter Joerzéngten déi Schreiwend an déi Liesend iwwer de Päischtweekend zesummebréngt, läit net just um aktuelle Charme vun der Festungsstad. Saint-Malo an dat bretonescht Mier hunn zanter ëmmer och déi grouss Literaten inspiréiert.

Saint-Malo: D'Stad vum François-René de Chateaubriand

Zu Saint-Malo trëfft ee mol direkt op e ganz Bedeitende vun der schreiwender Zort: wann een iwwer d'Remparten trëppelt, dann huet ee mol direkt eng herrlech Vue op déi winzeg Insel Grand Bé mam Graf vum François-René de Chateaubriand.

De Begrënner vun der Romantik an der Literatur ass och 1768 zu Saint-Malo gebuer an do opgewuess. A sengem 12-bännegen autobiographesche Wierk "Mémoires d'outre-tombe" huet seng Gebuertsstad natierlech och eng wichteg Plaz.

De Gustave Flaubert: E grousse Veréierer vum Chateaubriand

De Gustave Flaubert war e grousse Veréierer vum Chateaubriand an och vun der Bretagne. 1847 huet sech de Kreateur vun der "Madame Bovary" mat sengem Schrëftstellerkolleeg a Fotograf Maxime du Camp op eng Rees duerch Frankräich gemaach an net just d'Bretagne, mee och Saint-Malo war eng Haltestell vun dëser Expeditioun. Dem Maxime du Camp hat de Baudelaire seng Zeilen dediéiert, déi een am Ufank vum Artikel liese kann.

"Nous allions à l'aventure, par les champs et par les grèves" heescht d'Publikatioun, an där déi zwee ofwiesselnd d'Kapitele geschriwwen hunn. De Gustave Flaubert huet natierlech och d'Graf vu sengem héich geschate Kolleeg besicht a beschriwwen, ee Joer éier de Chateaubriand gestuerwen ass, mee d'Plaz, wou hie wéilt begruewe ginn, schonn zu Liefzäit bestëmmt hat. De Gustave Flaubert:

"Il dormira là-dessous, la tête tournée vers la mer ; dans ce sépulcre bâti sur un écueil, son immortalité sera comme fut sa vie, déserte des autres et tout entourée d'orages. Les vagues avec les siècles murmureront longtemps autour de ce grand souvenir ; dans les tempêtes elles bondiront jusqu'à ses pieds, ou les matins d'été, quand les voiles blanches se déploient et que l'hirondelle arrive d'au-delà des mers, longues et douces, elles lui apporteront la volupté mélancolique des horizons et la caresse des larges brises. Et les jours ainsi s'écoulant, pendant que les flots de la grève natale iront se balançant toujours entre son berceau et son tombeau, le cœur de René devenu froid, lentement, s'éparpillera dans le néant, au rythme sans fin de cette musique éternelle."

En Evenement ronderëm d'Weltliteratur

"Le rendez-vous des petits enfants de Stevenson et de Conrad" ass de Slogan vun den Organisateure vum Literaturfestival Etonnants-voyageurs. Den Haaptmann, deen hanner dësem Evenement ronderëm d'Weltliteratur stécht, ass de Michel LeBris. Hie selwer huet sech literaresch mam Robert Louis Stevenson beschäftegt an awer och mat der Bretagne. Den 8. Juni, genee zum Optakt vum Festival, ass den UNESCO-Weltdag vun den Ozeaner - Ocean propre ass dann d'Thema bei Etonnants-voyageurs, dat sech duerch Filmer, Gedichter, Romaner an Diskussioune manifestéiere wäert.

"Etat de crise" ass den Titel vun dëser Editioun vum Literaturfestival Etonnants voyageurs zu Saint Malo, an dëser Kris wëllen d'Organisateure mat der Literatur, dem Film an Ausstellungen entgéintwierken. An esou schreift de Michel Le Bris:

"Et c'est pourquoi nous avons voulu que cette édition soit vouée à ce qui nous réunit tous : l'amour de la littérature, du poème, de la musique, de l'image. Nous sommes plus grands que nous. Et c'est de cette grandeur retrouvée que tout peut recommencer."

Vill verschidde Sujeten an Auteuren

"D'Zäit vun der Roserei, de Parfum vun den 30er Joren, Schreiwen am Exil, Europa vu muer, dat wat kënnt" si just e puer vun de sëlleche Sujeten, déi d'Auteuren an Autorinnen aus der ganzer Welt beschäftegen an déi e Raum zu Saint-Malo kréien. Mee och de Film documentaire vun alle Kontinenter grad wéi Science-fiction, Fantasy a BD-en hunn hir Plaz op dësem Festival, deen zanter 1990 dem Wuert, der Musek an dem Bild d'Dieren opmécht.

An dat heescht och dëst Joer: 250 Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller vun der ganzer Welt, 300 Renconteren, Diskussiounen a Liesungen, zéng Ausstellungen an dat alles op 25 verschiddene Plazen an der klenger Festungsstiedchen.