Radioen

On air

De Moien  |  Alice Phoebe Lou - Shelter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesondheet, aus der Siicht vu Literaten

Literatur

Gesondheet, aus der Siicht vu Literaten

Wéi eng Plaz huet d'Gesondheet an der Literatur? Kann d'Literatur d'Gesondheet beaflossen? Froen, deene MedezinerInnen, SchrëftstellerInnen, KënschtlerInnen a WëssenschaftlerInnen op engem Colloque am Mierscher Literaturhaus (9. September) op de Fong wëlle goen.

auto_stories

4 min

Sébastian Thilges

D’Medezin betrëfft de Kierper. D’Literatur adresséiert sech un de Geescht. Dës zwee Dualismen, déi an eiser Kultur déif verankert sinn, wëllen d’Organisateuren vum Colloque “Literatur a Gesondheet” vun Experten hannerfroe loossen.

Mat der Régine Detambel (“Les Livres prennent soin de nous”), beispillsweis, geet et ëm Bibliotherapie, dat heescht den therapeuteschen Asaz vu Bicher a Literatur. Do gëtt et thematesch Katalogen: “Wann s de depressiv bass, da lies dat heiten. Wann s de deng déck Zéif ugestouss hues, dann dat doten”, erkläert de Co-Organisateur Sébastian Thilges “e bësse vereinfacht”. D’Régine Detambel organiséiert awer och Liesatelieren, zu hirer Demarche gehéiert och, Bicher physesch ze fillen an ze richen.

Gesondheet aus dem Bléckwénkel vum Literat

D’Iddi vun dësem Diskussiounsdag zu Miersch ass nom Echec vun enger Bicherverdeelungs-Aktioun entstanen. Fir u Kanner ze kommen, déi nach net liesen, hunn d’Initiateuren erausfonnt, datt ee se besser beim Dokter wéi an enger Bibliothéik kéint erreechen. “D’Literatur hëls de iergendwéi mat wéi eng Pëll”, sou de Sébastian Thilges. Do wier dann och de Lien entstanen tëschent Literatur a Gesondheet. “Mir liewen an enger Kultur vu Gesondheet, an engem Gesondheetskult. Do gëtt et dat editoriaalt Phenomen vun all deene Coaching-Bicher, ee ganz neie literaresche Genre entsteet”.

Am Géigesaz zum Begrëff “Krankheet” kréich ee “Gesondheet” net ze paken. “Engersäits ass et een normative Begrëff: ass gesond wien net krank ass. Anerersäits ass et ee ganz relative Begrëff: net de Nullpunkt vu Krankheet, éischter ee gefilltent Gefill”. Geféierlech géif d’”Gesondheet” ginn, wann domat ausgegrenzt gëtt, erkläert de Sébastian Thilges. De jonke Literaturwëssenschaftler ass de President vun der SLLGC (Societé luxembourgeoise de littérature générale et comparée). All déi verschidde Facette wéilten d’Organisateuren (nieft dem Sébastian Thilges och Fabienne Gilbertz an de Julien Jeusette) op hirem Colloque reflektéieren. Als Literaten an net als Medeziner.

De Verloscht vun der eegener Sprooch, eng Krankheet vum Migrant

Iwwert seng Erfahrunge mat Schreifatelieren zu Lëtzebuerg referéiert de Claudio Cicotti (“L’Autobiobiographie en tant que soi-même”), d’Marie-Anne Hansen-Pauly schwätzt iwwer Krankheet a Gesondheet bei Migranten. “Wéi kann de Verloscht vun der eegener Sprooch och als Krankheet erlieft ginn, a wéi erméiglecht d’Schreiwen et, sech am neie Kontext ze kreéieren”, sou de Sébastian Thilges.

Den zweeten Deel vum Colloque leeft ënnert dem Motto „Iwwert d’Gesondheet schreiwen“, mam Frank Wilhelm, Franck Colotte a Jeff Schinker. Noeneen erkläre si, wat de Victor Hugo, de Gustave Faubert an den Thomas Pynchon a Bezuch op d’Gesondheet geschriwwen hunn.

De Colloque gëtt mat enger Table ronde a Liesungen ofgeschloss. De Michel Clees an de Marc Graas sinn an hirer duebeler Funktioun als Medeziner a Schrëftsteller invitéiert. De Georges Hausemer huet a sengem Roman “Der Suppenfisch” an och op sengem Blog iwwer d’Krankheet a “krank sinn” geschriwwen. Zu Miersch ginn och Konschtwierker vum Isabelle Hoffmann, Franco Lagos Martino an Elodie Malanda ausgestallt.