Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Jacoby ass gestuerwen

Literatur

Lex Jacoby ass gestuerwen

De Schrëftsteller a Papp vun de Walfer Bicherdeeg ass den 20. November am Alter vu 85 Joer gestuerwen. Hien huet Lyrik, Kuerzprosa, Romaner a Reesberichter haaptsächlech an däitscher Sprooch geschriwwen.

auto_stories

2 min

(© CNL / Pier Paolo Leoni)

De Lex Jacoby huet laang zu Klierf Schoul gehalen. Zënter 1951 huet hien niewt sengem Beruff als Enseignant Texter publizéiert: An der "Warte", am "d'Lëtzebuerger Land" an hien war Mataarbechter bei Kultur- a Literaturzäitschrëfte wéi Nos Cahiers, Forum, Galerie an de Cahiers luxembourgeois. 1979 gouf hien och Mataarbechter vum "Cliärrewer Kanton", deen hie laang Joeren als responsabele Redakter geleet huet.

Haaptsujeten am Lex Jacoby senger Literatur sinn Naturverbonnenheet, Landschaften a Joereszäiten, Reesen an d’Relatioun tëscht Heemecht an der Friemt. Kuliss fir seng Texter ass dacks d’Éislek mat sengen Duerfgeschichten, wéi zum Beispill "Der fromme Staub der Feldwege" vun 1990.

De Lex Jacoby krut 1987 de Klierfer Literaturpräis, 1995 de "Rheinlandtaler" fir säin Engagement fir  grenziwwerschreidend Kultur. Säi Roman “Wasserzeichen” krut 1996 de Servais Präis. An de leschte Joren huet de Lex Jacoby keng grouss Romaner méi publizéiert, huet awer weiderhi geschriwwen, wéi hien dem Franck Colotte bei Geleeënheet vun der Soirée fir säi 85. Gebuertsdag dëst Joer am Juni zu Miersch erkläert huet:

De Lex Jacoby war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerbverband a vum Institut grand-ducal Section Arts et Lettres, deen en 1962 gehollef huet grënnen. Hien ass ee vun de Matbegrënner vun de Walfer Bicherdeeg, déi mam Doud vum Lex Jacoby haut en trauregen Optakt haten.