Radioen

On air

Al Schanken  |  Willie Nelson - Gotta Serve Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Literarescht 2016

Lëtzebuerger Literatur

Literarescht 2016

Literaturpräisser, innovativ Projeten an zeg Literaturevenementer: D'Literaturjoer 2016 hat villes ze bidden. Wat huet d'Lëtzebuerger Literatur am Joer 2016 am meeschte markéiert? Ee Réckbléck.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock

Et goufe vill interessant Momenter am Literaturbetrib 2016: Zeg Publikatiounen déi all zesumme gewisen hunn, datt d'Literatur zu Lëtzebuerg där an den Nopeschlänner an näischt nosteet. Et gouf zeg Liesungen a Literaturevenementer a vill Literaturpräisser.

Dorënner de Prix Servais, de Lëtzebuerger Buchpräis oder den nationale Literaturconcours. D’Anise Koltz krut de Prix Ganzo Poésie, de Gast Groeber gouf mam Literaturpräis vun der Europäescher Unioun ausgezeechent an de Guy Helminger krut den Dresdner Lyrikpreis.

Innovativ Projeten

Mee et gouf och méi ongewéinlech oder insolit Momenter: De Kollektiv "Independant Little Lies" hat fir den zéngte Gebuertsdag vum MUDAM eng nocturne Marathon-Liesung organiséiert: Zwielef Auteuren haten a véier Sproochen een nom Prinzip vum Cadavre exquis zesummenhängenden Text gelies. De Projet gouf duerno bei Hydre Éditions ënnert dem Titel "Impossible Readings" publizéiert a war de Coup de Coeur vum Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis.

En anere Moment, deen ee sollt am literaresche Réckbléck 2016 festhalen, ass den Trio vun de jonken Editeuren Elise Schmit, Marc Limpach an Ian De Toffoli: Siwe Joer nom leschte Cahier Luxembourgeois hu si dem Projet erëm Liewen agehaucht a loossen dës laangjäreg Traditioun nees opliewen.

E bëssen iwwerall geschitt eppes a Saache Literatur: Meeschtens gi si awer vun den Auteure selwer initiéiert, dacks och vum oder mam Centre national de littérature (CNL).

Ee Beispill ass d’"Word in Progress", déi vun den Auteuren Nathalie Ronvaux, Claire Leydenbach a Jeff Schinker initiéiert goufen. Si invitéieren an all zweeten Dënschdeg am Mount an d’Ratelach vun der Kulturfabrik – do ginn Texter, déi net oder nach net publizéiert goufe vun den Auteure gelies a vun engem sougenannte Bourreau d’auteur kritiséiert.

Op der Buchmesse?

De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband LSV, deen et um Papeier nach gouf, ass Uganks Dezember relativ sang- und klanglos zu Miersch am CNL offiziell opgeléist ginn.

Fir de Rescht hätt ee sech 2016 vläicht méi markant Momenter gewënscht. Zum Beispill eng méi konkret Äntwert op d’Fro, ob Lëtzebuerg deemnächst geschwënn nees op der Frankfurter Buchmesse derbäi ass. De Kulturstaatssekretär Guy Arendt huet dës Fro zwar net negativ beäntwert. Hie sot awer, datt ee géif op ee Konzept vun de Lëtzebuerger Editeure waarden. Bei der Federatioun vun den Editeure gouf een awer gewuer, datt ee schonn zënter enger Zäit net méi a Kontakt mam Kulturministère war.

Duerch Zoufall huet een och erausfonnt, datt d’Editeuren en neie Siège hunn: Zu Rolleng bei Miersch: Do wou och"Luxxor" an de Groupement d’intérêt économique "Lux Content" doheem sinn.

Op Nofro gouf och eppes "Gréisseres", nach virun Enn vum Joer, ugekënnegt. Vläicht war jo d’Joer 2017 gemengt ...