Radioen

On air

Espresso Beats  |  Primal Scream - Movin' On Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Literaresche Labyrinth

Literatur

Literaresche Labyrinth

"Von der schönen Erde" heescht dat lescht Buch vum Tomas Björnstad, bekanntlech de Pseudonym vum Nico Helminger. Um Beispill vum Julio Cortázar verféiert den Auteur d'Lieserin an de Lieser an e Labyrinth, aus deem een net esou einfach nees eraus fënnt. D'Valerija Berdi an de Michel Delage hu sech op dëst Spuerespill agelooss.

auto_stories

1 min

E Buch, wéi et der keng zwee ginn? An deem heite Fall ginn et der - op d'mannst - zwee: dem argentinesche Schrëftsteller Julio Cortázar säi "Rayuela" (1963) an dann dem Björnstad/Helminger säi Buch "Von der schönen Erde".

Der Lieserin an dem Lieser ass de Choix iwwerlooss, fir d'Buch de klassesche Wee ze liesen, eng Säit no där anerer, schéin der Rei no. Oder awer no enger vun zwou, vum Auteur proposéierte Richtungen: um Enn vun all Kapitel verweisen zwou verschidden Nummeren op d'Suite vun der Rees. Et sief, et géife sech nach aner Kombinatiounsméiglechkeeten erginn...

E Roman? Eischter "Fragmente und Skizzen". An deene riets geet vun enger mysteriéiser Serie vu Suiciden um Belval, vun enger grad esou ongeklärter Loftverschmotzung, vun der europäescher Kulturhaaptstad BlingBjörn22, vu Spilltheorie, asw.

D'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn d'Buch beschwat. Lauschtert hei ob, a wa jo, wéi si nees aus deem literaresche Labyrinth eraus komm sinn.