Radioen

On air

Notturno  |  Ideal - Blaue Augen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lieber Noerden...

Theater a Lyrik

Lieber Noerden...

Mat senger Manéier d'Mécken ze fänken huet de Joseph Noerden deenen anere Schauspiller d'Show geklaut. 25 Joer nom Doud vum Lëtzebuerger proposéiert de Kasemattentheater en Hommage. Net just de Bert Brecht war vum Schauspiller, Regisseur an Dichter begeeschtert.

auto_stories

7 min

De Joseph Noerden

1949 gëtt de Joseph Noerden (1927 - 1991) vum Bertolt Brecht op Ost-Berlin geholl , mat engem Engagement am Berliner Ensemble. Virdru war de Lëtzebuerger zu Zürich op der Schauspillschoul.

Mat "Lieber Noerden..." fänken dem Brecht seng Opzeechnungen un de Joseph Noerden un. Et ass vill Korrespondenz néideg, iert den Noerden an Ost-Berlin kann areesen. D'Helene Weigel, Intendantin vum deemools nei gegrënnte Berliner Ensemble, muss nämlech méintelaang op den Noerden waarden. Méi wéi en halleft Joer dauert et, bis hien e Visa kritt.

En Hommage, 25 Joer nom Doud vum Joseph Noerden

"Lieber Noerden..." heescht och eng Liesung, déi de Kasemattentheater an Zesummenaarbecht mam Mierscher Literaturarchiv op d' Bühn bruecht huet.

De Marc Limpach, d'Desirée Nosbusch an den däitsche Schauspiller, Intendant a Regisseur Hermann Treusch hu Gedichter, Bréiwer a Kritike gelies. Den Hermann Treusch huet sech u besonnesch Momenter erënnert, déi hie mam Noerden gedeelt huet:

"Wéi ech hie kennegeléiert hunn, wousst ech scho wien hie wier. Ech hunn du gemierkt, wat fir e wonnerbare Mënsch hie wär. A virun allem wat fir en intelligente Mënsch hien ass. Well et kann een net onbedéngt behaapten, datt mir ënner eis Schauspiller vill intelligent Leit hätten. Mir hunn zu Berlin no beienee gewunnt, dofir hunn ech hien zimlech dacks gesinn. Op der Strooss. am gaang ze drénken oder och net. Ech deemools och zimlech vill gedronk. Mir hunn iwwer Gedichter geschwat, well ech mech ëmmer vill mat däitscher Lyrik beschäftegt hunn."

De Joseph Noerden steet ënnert anerem am Brecht senge Stécker "Herr Puntila und sein Knecht Matti" an "Mutter Courage und ihre Kinder" op der Bühn.

Zréck an de Westen

Bis 1953 bleift de Joseph Noerden an der DDR a beim Berliner Ensemble. Aus politesch motivéierte Grënn geet hien op West-Berlin weider, wou hien dem Ensemble vum Schillertheater bäitrëtt. Hei spillt hien ënnert der Regie vu Fritz Kortner an Heinz Hilpert.

Dem Brecht bleift hien awer säi Liewe laang, oder besser gesot, dem Brecht säi Liewe laang, verbonn. Seng häerzlech Bezéiung zur Helene Weigel bezeien hier kleng Notten un de lëtzebuerger Schauspiller.

Kasemattentheater a Wëltzer Festival

1968 geléngt et dem Tun Deutsch de Joseph Noerden ze iwwerzeegen, op Lëtzebuerg zréck ze kommen a mat zäitgenëssesche Stécker den etabléierte lëtzebuerger Theater ze entstëpsen. Véier Joer laang bleift den Noerden als Schauspiller bei de Wëltzer Festspiller an als Regisseur am Kasemattentheater. Hien inszenéiert "Die Polizei" vum Sławomir Mrozek, "der Abstecher" an "ein reizender Abend" vum Martin Walser a "Gaalgenhumor" vum Jack Richardson. D'Resonanz bei de Kritiker ass positiv.

Positiv huet den Noerden och dem Bertolt Brecht säi Wierk beschriwwen. De Brecht wär duerch seng eemoleg Ensemble-Aarbecht, seng Mënschlechkeet, seng onermiddlech, awer aggressiv Modestie a säi léiwe Versteesdemech fir d'Schauspiller dem Noerden säi bedeitendste Léiermeeschter gewiescht. Dat ass am Programmheft zum Stéck "die Polizei" ze liesen.

Den Noerden als Lyriker

De Joseph Noerden war awer och Lyriker. Mat 17 Joer huet hie scho Gedichter publizéiert. De Rob Zeimet schreift am Katalog zu der Ausstellung am Mierscher Literaturhaus Korrekturspuren-Textmetamorphosen: "Das Verfassen von Gedichten und ganzen Gedichtzyklen wurde für Noerden in bestimmten Perioden seines Lebens zu einer wichtigen Ausdrucksform seiner Persönlichkeit und Gefühlswelt."

Dem Noerden seng Theme sinn d'Sich no sech selwer an d'Sich nom Sënn, d'Gebuert an den Doud, d'Solitude, den Dram an d'Trennung. Awer net all Gedicht ass vun Trauer, Déifsënnegkeet an der Sich nom Sënn markéiert. Just ee Gedichtband ass zu senger Liefzäit publizéiert ginn. "Winterholz" heescht déi 1988 editéiert Anthologie.

Den Hierscht ass ëmmer rëm de roude Fuedem a senger Lyrik, déi vill iwwer Stëmmungen, Erënnerungen an Naturobservatioune verréit, awer ganz wéineg iwwert seng Erliefnisser als Schauspiller a seng Andréck vun Ost-Berlin.

De Kasemattentheater huet un de Mënsch, den Dichter a Schauspiller Joseph Noerden erënnert. E Mann, iwwert dee seng fréier Kollegen um Schillertheater gesot hunn, hie wär de gudde Geescht an d'schlecht Gewësse vum Theater gewiescht, well hie wousst, wat gudden Theater wier.

A sengem Band "Winterholz" steet als lescht Gedicht:

Epitaph
Taubstumm müsste man sein

und blind
und tot.