Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Real Estate - Water Underground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Literatur weltwäit

Frankfurter Buchmesse

Lëtzebuerger Literatur weltwäit

Lëtzebuerger Literatur hat schonn dacks eng Plaz op der Frankfurter Buchmesse, mee et ass dat zweet Joer, wou dat och vum Kulturministère gedroe gëtt. Dëst Joer ass et virun allem d'ALAC - d'Agence luxembourgeoise d'action culturelles - déi de Lëtzebuerger Stand zesumme mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren organiséiert.

auto_stories

4 min

D'Kulturjournalistin Valerija Berdi geet fir de radio 100,7 op d'Frankfurter Buchmesse

De Marc Rettel vun der ALAC krut dann den Optrag dëst Joer de ganze Programm op d'Been ze stellen. Dat alles ass geschitt mat der Ënnerstëtzung vun der Ulrike Ostermeyer, Lektorin an Beroderin vun AutorInnen an Auteuren an Däitschland. Si huet eng Rei Workshoppe veranstalt a kierzlech eng Presserees matorganiséiert:

"Ihr müsst Leute ins Land holen, Begegnungen schaffen, die Leute müssen sich kennen lernen, damit Kontakte entstehen und die Verlage direkt miteinander Kontakt haben. Und da ich selbst auf solchen Reisen in verschiedenen Ländern war, weiß ich, dass da sehr, sehr viel entsteht und bleibt."

Lëtzebuerger Auteure kenneléieren

D'JournalistInnen an d'Editeuren an Editricen hu sech positiv iwwer d'Kenneléiere vun der Lëtzebuerger Literatur geäussert, och wann et fir déi meescht vun hinnen déi éischt Renconter mat Texter aus Lëtzebuerg war.

Et ass virun allem déi Méisproochegkeet, déi begeeschtert huet, esou och d'Anette Beckmann vum Tulipan-Verlag:

"Vor allem diese Dreisprachigkeit fasziniert mich unglaublich, auch dass viele Autoren, die wir jetzt gehört haben, auch tatsächlich diese drei Sprachen schreiben. Manche sagen, sie schreiben auf Luxemburgisch, wenn sie mehr Abstraktion haben wollen, wenn sie mehr Emotionalität wollen, dann auf Französisch. Das fand ich ganz spannend. Ich glaube, es gibt noch ganz, ganz viel zu entdecken. Es war erst mal ein kleiner Einblick was es gibt und ich werde jedenfalls jetzt ganz anders danach schauen und bin jetzt auch gespannt auf die Frankfurter Buchmesse am Stand mal da vorbei zu gehen und zu sehen, was es eigentlich noch gibt. Es war ein toller Einblick erstmal."

E Programm op der Frankfurter Buchmesse

De Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse presentéiert néng Editiounshaiser. De Stand ass net just méi grouss ginn, mee och um Kader vum Programm ass geschafft ginn, seet de Ian De Toffoli, President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren:

"Ech gesinn eng relativ flott Evolutioun dran, an deem Sënn, datt wann ee vergläicht mam leschte Joer, wou et e risege Programm gouf, ass de Programm dëst Joer méi kleng awer en ass méi kristalliséiert. Dat heescht, manner maachen, probéieren awer d'Saache méi grëndlech ze maachen. All Programm, all Event, deen um Frankfurter Stand ass, ass en internationale Programm. Wou mir gutt, kleng Editeuren aus dem Ausland invitéieren, ganz gutt jonk Auteuren aus dem Ausland, déi am Moment am gaange sinn opzekommen, an da vermësche mir déi mat de Lëtzebuerger Leit. Kënschtler, Editeuren, dat schéngt mir eng ganz gutt Iddi ze sinn."

Am Virfeld vun der Frankfurter Buchmesse gëtt d'Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis publizéiert, déi elo Ufank Oktober erauskënnt. Déi fënnef Nominéiert an der Kategorie Literatur sinn op Berlin invitéiert, fir do de 7. Oktober hier Wierker virzestellen.

Lëtzebuerger Literatur weltwäit

Lëtzebuerger Literatur reest och an Éisträich, wou eng ganz Nummer vun der renomméierter Literaturzäitschrëft Podium ënnert dem Titel "Luxemburg" eraus kënnt. Ronn 140 Säiten Texter vu Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren. Dat alles am Virfeld vun der Frankfurter Buchmesse.

Wien awer op Frankfurt de Lëtzebuerger Stand wëll besiche goen, fënnt all Informatiounen op www.readingluxembourg.lu