Et ass eng Bicherfoire, déi sech virun allem u Bicherediteure riicht, mee de Weekend ass och de grousse Public wëllkomm. Och Lëtzebuerger Editiounshaiser an hir Schrëftsteller:inne sinn op der Plaz.
Gedroen an organiséiert vum Departement Literatur an Editioun vu Kutur | lx sinn net just Bicher exposéiert, mee och eng Rei Diskussiounen ronderëm d'Buch sinn organiséiert.
Eis Kultur-Journalistin Valerija Berdi moderéiert eng Table ronde zum Theema "Bookbloggers : new experiences". Invitéë sinn den däitsche Instagram-Blogger Florian Valerius an de Lëtzebuerger Blogger Jérôme Jaminet.
Am Virfeld huet d'Valerija Berdi dem Kerstin Thalau erkläert, wourëms et geet.