Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg geschwënn erem op der Buchmesse?

Frankfurter Buchmesse 2016

Lëtzebuerg geschwënn erem op der Buchmesse?

Et war eng informell Visite, déi de Kulturstaatssekretär Guy Arendt op der Frankfurter Buchmesse gemaach huet. Et goung dorëms, fir sech e Bild ze maachen an Informatiounen ze sammelen, fir d'Lëtzebuerger Literatur an Zukunft nees offiziell zu Frankfurt ze weisen.

auto_stories

2 min

Guy Arendt a Nathalie Bender

D'Iddi vun der Visite vum Kulturstaatssekretär op der Frankfurter Buchmesse wier et, eraus ze fanne wat machbar wier, esou de Guy Arendt . An deem Kontext stounge Visitten op enger ganzer Partie nationale Stänn um Programm, fir sech z'ëmfroen, wéi een d'Lëtzebuerger Literatur kéint presentéieren. Nieft de rengen Editeursstänn huet déi Lëtzebuerger Delegatioun och eng Visite guidée gemaach an domat eng aner Perspektive vun der Buchmesse gesinn: Esou waren si zum Beispill op der "The Arts Plus", eng Zort Foire an der Foire, iwwer Konscht- a Kreativitéitsbuisness. Och d'"Klassenzimmer der Zukunft" an de Pavillon vun den Éieregäscht Flandern an Holland hu si gesinn.

2018 Lëtzebuerg nees zu Frankfurt

No esou enger kuerzer Visite mat esou villen Impressioune geet natierlech riets iwwert eng zukünfteg Participatioun vu Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse. D'Buchmesse wier eng Occasioun fir Lëtzebuerger Schrëftsteller a Lëtzebueger Editeuren, fir ënner d'Leit ze kommen, seet de Guy Arendt. Mee e weidere wichtege Punkt wier d'Traductioun, an déi gëtt op der Buchmesse och grouss geschriwwen."

Traductioun kascht Geld, grad ewéi de Stand op enger Foire. An iwwert de Käschtepunkt vun enger méiglecher Präsenz vu Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse huet de Guy Arendt sech informéiert. Hie schléisst och net aus, datt verschidden Acteuren aus dem Lëtzebuerger Literatur- an Editiounswiese kéinte mat an d'Boot geholl ginn. Virum Hannergrond vun der Nation Branding Campagne wier awer och eng Zesummenaarbecht mat anere Ministèren z'envisagéieren, seet de Kulturstaatssekretär. Dat géif vill méi e flotte Stand ginn.

Et géif vill vum Budget ofhänken, seet de Guy Arendt. "Mee et wier natierlech flott wann een nächst Joer zu Frankfurt kéint derbäi sinn." Eng Participatioun misst een awer ganz gutt preparéieren.Dofir gesäit de Guy Arendt Lëtzebuerg éischter 2018 nees zu Frankfurt op der Buchmesse.


Lëtzebuerg geschwënn erëm derbäi?play_arrow