Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Pride And Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg, d'Land vun der Raclette an der Sauna

Literatur

Lëtzebuerg, d'Land vun der Raclette an der Sauna

Mat sengem Buch "I'm having a Knippchen. An american view of luxembourgish culture" (Black Fountain Press) hëlleft den Jeffrey Palms manner de Lëtzebuerger, fir hir Kultur besser ze verstoen - éischter ëmgedréint.

auto_stories

4 min

Well een a senger eegener Kultur schwëmmt wéi e Fësch am Waasser, ass et schwéier, se selwer ze beschreiwen. Zwou Méiglechkeeten : Entweder et vergläicht ee se mat enger anerer, am beschte komplett friemer Kultur. Oder et léisst ee se vun engem Outsider ënnert d'Lupp huelen : dee ka sech méi einfach iwwer Saache wonneren, déi mer mol net méi gesi well mer se ze gutt kennen. Am Jeffrey Palms senger Textsammlung ''I'm having a Knippchen. An american view of luxembourgish culture'' fënnt een déi zwou Approchen erëm.

De Palms, Mëtt-Drësseger, deen an enger Banlieue vun Detroit gebuer an opgewuess ass, lieft zënter enger Dose Joren an Europa. Dovunner d'Hallschent hei am Land, wou hie seng Lëtzebuerger Liewenspartnerin kenne geléiert huet. Seng Sue verdéngt hien als Englesch-Enseignant.

En Auslänner iwwer eis

Gebilten a virwëtzeg Auslänner, déi iwwert hiert Adoptivland schreiwen, sief et fir et ze luewen oder sech iwwert et opzereegen - dat ass schonn e Genre fir sech. Net seele kritt een do éischter méi liichte Kascht ugebueden, zwar witzeg an am beschte Fall och relativ gutt geschriwwen, mee ze vill iwwerflächlech fir wierklech interessant ze sinn.

Humor an eng gutt Fieder huet en, den Jeffrey Palms. Allerdéngs warnt hien an der Aféierung zu senge klengen Texter, déi eng éischte Kéier an der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land verëffentlecht goufen, datt hie ganz subjektiv an ouni gréisser Recherchen u säi Sujet erugaangen ass. D'Lat vu sengen Ambitiounen, wat den Erkenntnëswäert vu sengem Buch betrëfft, hält hien och scho mol preventiv niddreg.

Do spillt gewëss dem Auteur seng falsch Bescheidenheet mat. De plazeweis burschikose Stil, mat deem en e bëssen einfach dem Lieser seng Sympathie gewanne wëll, täuscht net iwwer seng dach differenzéiert, reng an alles an allem zimmlech akademesch formuléiert Analysen ewech. Et mierkt een, datt hei ee schreift, dee sech mat Sociologie respektiv Anthropologie op d'mannst emol ausernee gesat huet.

Lëtzebuerg oder Europa?

Och wann den Jeffrey Palms iwwer Lëtzebuerg schreift, mengt en domat eigentlech Europa. D'Konzept vum Duerf ; d'Bewosstsinn fir regional Identitéiten ; d'Obsessioun fir eng grammatesch korrekt Sprooch ; d'Aart a Weis, wéi een an engem Restaurant zerwéiert gëtt, asw. ; déi respektiv Observatiounen am Lëtzebuerger Alldag verallgemengert den Auteur als europäesch Spezifizitéiten.

Raclette ass, menges Wëssens, keng Lëtzebuerger Spezialitéit. Mee fir den Jeffrey Palms ass déi erstaunlech Tatsaach, datt een e gemeinsaamt Iesse just mat Kéis kann organiséieren, typesch europäesch. Sech an enger Sauna entspanen hätt ech elo och net spontan als Deel vun der Lëtzebuerger Liewensweis gesinn. Fir den amerikaneschen Auteur seet dat awer eppes iwwer déi europäesch Opfaassung vu gesondem Liewensstil aus, déi sech radikal vun deem ënnerscheet, wat hien aus sengem Heemechtsland USA kennt.

Wat ass him dann elo ass typesch Lëtzebuergesch opgefall ? Net esou vill : zum Beispill, datt d'Lëtzebuerger hir Politiker weder besonnesch gär hunn nach se wierklech haassen ; vill méi gëtt dat politescht Personal hei toleréiert, schreift de Palms.

USA am Fokus

Eigentlech gëtt een an deenen zéng klengen Analyse méi iwwer den american way of life gewuer, dat heescht esou wéi den Jeffrey Palms, dee schonn eng Zäitchen net méi do lieft, e gesäit.

Interessant ass zum Beispill seng Beschreiwung vum abstrakte Stroossennetz an den USA. An och vum amerikanesche Schoulsystem, deen, am Géigesaz zum europäeschen, d'Kanner an d'Jugendlecher virun onzoumutbarer Iwwerfuerderung géif schützen.

Manner iwwerzeegend sinn dogéint d'Kapitelen iwwer d'Notioun vu Berüümtheet an Amerika an hei, oder nach dem Auteur seng Lueweshymn op déi typesch amerikanesch Sportaarten Äishockey a Football bei gläichzäiteger Geréngschätzung vum Fussball.

Gefor vun der Essentialiséierung

Dee gréissten Defizit vum Palms sengen Analysen ass d'Essentialiséierung vun der amerikanescher respektiv der europäescher Kultur. Falls een iwwerhaapt vun enger europäescher Kultur ka schwätzen, sou zeechent den Auteur dach en zimmlech simplistescht Bild vun zwee praktesch onofhängege Kulturraim.

D'Ënnerscheeder falen em zwar op, mee wat mer hei an Europa alles vun de Vereenegte Staate iwwerholl hunn, duerch de Verlaf vun der Geschicht an d'Effekter vun der Globaliséierung, gesäit en alles net. Do stéisst dann eng net-wëssenschaftlech Approche, besonnesch a Bezuch op e schwieregt Konzept ewéi Kultur, séier un hir Limitten.

''I'm having a Knippchen'' ass bestëmmt kee schlecht Buch. Et liest ee vill Interessantes, et ass och gutt geschriwwen. Vläicht hätt den Jeffrey Palms sech selwer e bësse manner eescht missten huelen an awer méi op Ënnerhalung setzen.