Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Leit wéi ech gehéieren zum Weltkino”

Kino

“Leit wéi ech gehéieren zum Weltkino”

De britesche Filmmeeschter Mike Leigh war zu Lëtzebuerg. Seng Inszenéierung vun der Oper "The Pirates of Penzance" gouf am Groussen Theater opgefouert. An der Cinemathéik, wou eng Retrospektiv vu senge Filmer leeft, huet de Realisateur vu "Secrets and Lies" de Public a seng Konscht agefouert.

auto_stories

3 min

Mike Leigh

De Mike Leigh gëllt an der britescher Filmlandschaft, als prominente Vertrieder vun der sozialer Oder, zesumme mat Leit ewéi Ken Loach oder Stephen Frears. Grouss ginn ass de Leigh als Cineast duerch d’Telé an déi “komplett Fräiheet”, déi d’BBC deemools erlaabt hat. Den internationalen Duerchbroch koum du mat de KinofilmerNaked” (1993) a virun allem “Secrets and Lies”, dee 1996 zu Cannes mat der Palme d’Or gekréint gouf.

De Sujet, deen hien ëmmer nees a senge Wierker behandelt, nennt de Mike Leigh eng “Krankheet”: “datt mir eis krankhaft froen, wee mir sinn, wéi mir vun deenen anere gesi ginn, wéivill Drock op eis läit fir dat ze sinn, wat déi aner gären hätten, datt mer sinn”.

D’Dréibuch kënnt am Laf vum Aarbechtsprozess

Deen Drang no Upassung, Respektabilitéit an Uerdnung féiert de Mike Leigh op d’50er Joeren zréck, “ee grujelegt Joerzéngt”, an deem hie selwer opgewuess ass. “Nom Krich hunn d’Leit obsessiv versicht erëm alles opzeriichten, an ebe respektabel ze sinn”, sou den haut 72-järege Leigh.

De Mike Leigh seng Aarbechtsmethod ass éischter onkonventionell. Méintelaang schafft hie mat de Schauspiller op där hire Rollen, an um Enn fléisst dës Aarbecht an een Dréibuch. Méiglecherweis ee vun de Grënn, firwat de britesche Meeschter net vill vun Hollywood a sengem formatéierte System hält.

Kee Cineast fir Hollywood

“Ech maache léiwer Filmer, déi vun där Welt handelen, vun där ech soll erzielen. Ech gesi mech absolut als een europäesche Cineast”, sou de Mike Leigh. “Leit wéi ech gehéieren zum Weltkino. Weltkino an Hollywood sinn zwou verschidde Saachen.”

Nieft dem Film huet de Mike Leigh vill fir den Theater geschafft, “ee natierleche Liewensraum”. Eng Oper inszenéieren ass fir hien eng nei Erfahrung. “The Pirates of Penzance” vum Duo Gilbert and Sullivan huet de Britt op Lëtzebuerg bruecht, op d’Bühn vum Groussen Theater an der Stad. Seng Escapade an d’Welt vun der Oper hält hie fir ”interessant a léierräich”. Allerdéngs “kéint et duerchaus och déi lescht Produktioun sinn, wou ech net mäin eegent Material inszenéieren”.