Theater Spidolsclownen op der Theaterbühn

Sechs Clowne maachen eng Croisière mat allen emotionalen Héichten an Déiften. "Le Voyage" ass eng Geschicht, erzielt vun der Eva Paulin. D'Clowne sinn awer normalerweis net um Schëff, mee am Spidol.

Jean-Claude Majerus / ys

Le voyage
©Carmen Leardini

Déi sechs Clowne vun der asbl "Île aux Clowns" si sougenannte "Spidolsclownen". Hir sozial Aarbecht besteet doran, kranke Kanner an soss schwéierkranke Mënsche mat hirem Humor zur Säit ze stoen. Fir sou de Kanner an de Mënschen ze hëllefen hir Situatioun, och wann et just fir kuerz ass, besser ze erdroen oder eng zäitlech Distanz ze kréien.

Intressant ass dëse Projet well de Clownen hir primär sozial Missioun mat enger reng artistescher Approche vermëscht gëtt. Et ass dorëms gaangen de Clownen eng Ressource an hirem “Clown sinn” z’erméiglechen, well si an hirer deeglecher Aarbecht dacks un d'Limitë vun hirer Kraaft kommen. Ee Joer laang hunn déi sechs Clownen zesumme mat der Regisseurin Eva Paulin um Projet "Le voyage" geschafft. Iwwer Improvisatioun goufen Zeenen entwéckelt an d’Regisseurin huet déi Zeenen zu engem Theaterstéck zesumme gebaut.

Clowne maachen eng Croisière

Dräi Deeg an drä Nuechte verbréngen d'Clownen op engem Croisièresschëff, a weisen op hir Manéier wéi een esou eng Rees erliewe kann. Vum "Check-in", iwwert d’Filë beim Restaurant bis bei dat obligat Gefeiers. Duerch Kierpersprooch, Grimassen an d'Live-Musek erzielen d'Clownen d'Geschicht. Si drécke mat den universelle Méiglechkeete vun der Kierpersprooch a Musek Situatiounen a virun allem Emotiounen aus.

De Clown dee Musek mécht

De kanadesche Pianist, Komponist an Dirigent Gabriel Thibaudeau huet d'Gewunnecht, mat sengem Piano ze begleeden. Hréier huet hien dat als Pianist mat de "Grand Ballets Canadiens" gemaach. Aktuell encadréiert hie musikalesch Stommfilmer an der Cinémathèque Québécoise zu Montreal. Et ass all Kéiers eng Erausfuerderung fir de Museker, sech op d'Spill vun de Clownen anzeloossen. Intressant ass et fir de Gabriel Thibaudeau, well all Prouf, all Virstellung anescht ass. Grad wéi d’Clownen op der Bühn, léisst och de Pianist seng Gefiller mat an de Spektakel afléissen.

Viraussetzung "Häerzensbildung"

"Le Voyage" adresséiert sech un all Publique, jonk an al, ouni Virwëssen oder Sproochekenntnisser mussen ze hunn. D’Clowne gi mat der gréisster Éierlechkeet un dëse Projet erun. D’Clowne soen d’Wouerecht, och wann se wéi Karikature wierken. Wann ee sech dorobber aléisst, erlieft een als Spectateur bei "Le Voyage" vill Freed.


"Le Voyage"

Am Sall Robert Krieps vum Neimënster:
Samschdeg, 30.01.2016 - 20:00 Auer
Sonndeg, 31.01.2016 - 16:00 Auer
Am Artikuss zu Zolwer: 
Mëttwoch, 03.02.2016 - 19:30 Auer

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Response.jpg
Miltgen am Neimënster

Wat huet d'Botzfra vum Neimënster mat Surfen ze doen? De Kënschtler Franck Miltgen sicht den Dialog. Op Plazen, déi Géigesätz, Spannung an Dynamik a sech droen. Wee sech Zäit hëlt, gëtt méi gewuer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen