Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fotografie erliewen

Buchpublikatioun

Fotografie erliewen

Zënter kuerzem läit beim däitschen dpunkt.verlag e Buch mat Fotoe vum Lëtzebuerger Fotograf Raymond Clement, an Texter vum Kulturexpert Paul Bertemes vir: “Landschaftsfotografie erleben” funktionéiert op villen Niveauen: Als Beau Livre, als Fachpublikatioun an als Témoignage vu perséinleche Stëmmungen an Emotiounen.

auto_stories

5 min

V.l.n.r.: De Raymond Clement, de Paul Bertemes an de Rudolf Kram.

De Raymond Clement huet an de 60er Joeren ugefaang virun allem schwaarz-wäiss Fotografien ze maachen. Bekannt gouf hien mat sengen Jazz-Portraiten. Spéider huet e sech op Landschaftsfotografie spezialiséiert. Mat der groussformateger Ausstellung “Nature’s Luxembourg” ass hien zënter e puer Joeren uechtert d’Welt, awer och zum Beispill am Neimenster, ënnerwee. De Paul Bertemes, Curateur a Publizist, ass deenen déi 100,7 lauschteren als geleeëntleche Mataarbechter vum Radio bekannt. Hien ass och Matgrënner vun der Agence mediArt, déi ënner anerem a regelméissegen Ofstänn Ausstellungen organiséiert.

Zesummespill vun Affinitéiten

Déi Zwee hu sech 2000 kenne geléiert an de Projet "de Séi an der Bléih" zesumme realiséiert. Si haten also scho Geleeënheeten festzestellen, datt et Affinitéite gëtt. An déi weise sech am Zesummespill vun Texter a Fotoen an deem neie Buch kloer.

Dëst ass ee Fachbuch, dat och technesch erkläert, wéi de Raymond Clement fotograféiert. Mee et sollt och drëms goen déi kënschtleresch Demarche ze weisen, fir Landschaften ze interpretéieren. Seng Texter hätten dowéinst och eng éischter "literaresch-feuilletonistesch Komponent", sou de Paul Bertemes. Hien huet déi grouss Themen definéiert, déi am Raymond Clement senger Aarbecht eng Roll spillen, ewéi Liicht, Raum, oder Bewegung, an déi jeeweils ee Kapitel am Buch definéieren. Et kuckt een dem Raymond Clement gewëssermoosse bei der Aarbecht iwwert d’Schëller, wann een am Buch bliedert.

De Rudolf Krahm, Lektor beim Heidelberger Verlag, huet dem Raymond Clement seng Biller op enger Ausstellung entdeckt an "iwwerwältegend" fonnt. Den dpunkt.verlag wier als Fachbuchverlag drun interesséiert gewiescht, dass déi technesch a kënschtleresch Entstoung vun de Biller erkläert gëtt. An hei wier een eenzegaartegt Buch entstan, dat och fir de Verlag een "Experiment war, sou de Rudolf Krahm. Munnech Säite vum Buch loosse sech nach emol ausernee klappen, wat déi entspriechend Fotoen nach méi spektakulär mécht. 

"Meng alleréischt Foto ass och dran"

Landschaftsfotografie erleben” ass e villschichtegt Buch dat 50 Joer Aarbechte vum Raymond Clement ëmfaasst,  éischter thematesch opgedeelt wéi chronologesch.

De Verlag hätt gefrot, dass och ganz fréi Aarbechten vum him an d'Buch kommen, sou de Raymond Clement. Op senger alleréischter Foto kéint een am Hannergrond ee klenge Bam erkennen, deen hien dono ëmmer nees fotograféiert huet. Ee Bam deen jee no Jores- oder Dageszäit, jee no Wiederkonditiounen, ëmmer nees komplett aner Biller ergëtt. Eng Villfalt déi de Fotograf selwer begeeschtert.

D’Buch huet et och a sech fir ganz verschidden Zorte vu Public unzeschwätzen. Wie fäert datt déi präzis technesch Informatiounen d’Stëmmungen oder dat Kënschtlerescht entzaubere kéinten, huet jo d’Fräiheet fir dës Passagen, déi an enger anerer Tipografie sinn, z’ignoréieren. Dem Paul Bertemes seng Texter bréngen allerlee Hannergrondinformatiounen an hëllefen de Bléckwénkel ze schäerfen, oder och alt ze wiesselen. Dem Raymond Clement seng eegen Aussoe liese sech bal wéi en Tagebuch. Hien wier frou gewiescht, dass de Verlag als Titel vum Buch "Landschaftsfotografie erleben" proposéiert hätt an net "Landschaftsfotografie unterrichten". Do hätt hien geschriwwen, "wat hien wierklech erlieft" hätt: "Ech hunn och kee Geheimnis, ech hunn alles geschriwwen."