Radioen

On air

Espresso Beats  |  Kasabian - Heroes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ La Supplication: D'Liewen no der Katastroph

Tschernobyl

La Supplication: D'Liewen no der Katastroph

30 Joer no der Katastroph vun Tschernobyl thematiséiert de Lëtzebuerger Réalisateur Pol Cruchten a "La Supplication" reell Schicksaler vun eenzelne Personnagen. Si beschreiwen, wéi sech hiert Liewen nom Super-GAU verännert huet.

auto_stories

4 min

©Jerzy Palacz

Dem Pol Cruchten säi Film "La Supplication" (op Englesch "Voices from Chernobyl") gouf am Februar am Kader vum Luxembourg City Film Festival presentéiert. Elo kënnt en an de Kinosprogramm.

Adaptatioun vum Buch

De Film baséiert um Buch vun der Swetlana Alexijewitsch. En erzielt vun der Léift, vum Doud a vum Leed vun den Iwwerliewende vun der Nuklearkatastroph vun Tschernobyl. Fir hiert Buch huet déi wäissrussesch Journalistin a Schrëftstellerin dräi Joer laang recherchéiert. 1997 huet si et an hirer Heemecht erausbruecht. Si krut fir hiert Wierk 2013 de Friddenspräis vum däitsche Buchhandel a gouf 2015 mam Nobelpräis fir Literatur ausgezeechent.

©Jerzy Palacz

De Lëtzebuerger Réalisateur Pol Cruchten, ënner anerem bekannt fir "Perl oder Pica", war scho virun 12 Joer vun der Swetlana Alexijewitsch hirem Buch begeeschtert. Deemools wousst hien nach net, wéi hien dat Wierk ëmsetze sollt.

No sengem leschte Film "Never Die young" gouf him kloer, datt hien dëse Projet och mat engem Voice-Over adaptéiere kéint. Nodeems d’Schrëftstellerin dem Lëtzebuerger d’Rechter fir de Film zougesot hat, konnt de Projet ganz séier ëmgesat ginn.

Iwwernuechte beim Reakter

D'Filmcrew ass 2014 op Tschernobyl gereest. "Fir do ze dréinen, war alles eng Fro vu Bakschisch," erënnert sech de Pol Cruchten. Wann ee bezuelt hätt, hätt een all Autorisatioune kritt. Si hätten awer e Co-Produzent vu Kiew gebraucht. Een, deen d'Sprooch konnt hätt an d'Administratioune kannt hätt. 20 Deeg war d'Equipe zu Tchernobyl. "Dat war eng schéin Zäit," seet de Realisateur. "Obwuel mir no beim Reaktor geschlof hunn. Et ass ee sech virkomm, wéi op enger Plaz, déi d'Schimmt vun der Mënschheet wär, wou guer kee méi iwwerhaapt wéilt goen."

Den Openthalt an der Ukraine ass awer net ouni Problemer ofgelaf. Wéinst den Evenementer um Majdan huet d'Filmcrew aus der Ukraine misse flüchten. Eréischt zwee Méint méi spéit konnt fäerdeg gedréint ginn.

Als Réalisateur leet de Pol Cruchten vill Wäert op Detailer. Dat ass net nëmmen um Filmset z'erkennen, dee prezis am Stil vun den 80er Joren nogebaut gouf. Och beim Cast huet hien näischt dem Zoufall iwwerlooss. Fir säi Film huet de Cinéast nëmmen ukrainesch a russesch Schauspiller engagéiert.

Warnung virun Atomenergie

Obwuel d’Katastroph vun Tschernobyl 30 Joer hier ass, gesäit de Pol Cruchten "La Supplication" als ee Film vun der Zukunft. Hien erhofft sech, datt d'Leit sech de Gefore vun der Atomenergie bewosst ginn: "Wann zu Cattenom eppes geschitt, ass ganz Lëtzebuerg am Aasch. Da si mir alleguerte verseucht, mir wëssen net méi wou mir sollen higoen a sou weider. Da si mir d'Zigeiner vun Europa." Eng vun de Gefore gesäit hien och am Terrorismus.

De Film deen duerch de lëtzebuergeschen an éisträichesche Filmfong finanzéiert gouf, soll och spéider op ARTE gewise ginn.