De pedagogesche Projet “La Fabrique à chansons” ass 2015 a Frankräich entstanen. Am Oktober ass dës Iddi hei zu Lëtzebuerg vun der SACEM als Pilotprojet lancéiert ginn. D’sechst Schouljoer aus der Diddelenger Waldschoul ass déi éischt Klass, déi mat mécht.
Kanner konsuméieren hautdesdaags Musek op ganz verschiddenen Aart an Weisen. Dacks sinn si sech net bewosst, wéi eng Aarbecht dohannert stécht. “De Fokus läit op der Kreatioun vun engem musikalesche Wierk: wéi schreift een e Lidd, wéi komponéiert een e Lidd. Museker ass e Beruff wéi en aneren och”, erkläert d’Chahrazed Djennas vu SACEM Lëtzebuerg.
Iwwert den Droit d'Auteur opklären
Donieft sollen d’Kanner och iwwert den Droit d’Auteur sensibiliséiert ginn. Grad an Zäite wou Musek omnipresent ass, wier et wichteg drop hinzeweisen, dass d’Recht vum Kënschtler op säi kreatiivt Wierk respektéiert soll ginn, seet d’Autorin Mireille Weiten de Waha. “Mir si frou, wa mer déi Kleng, déi nokommen, kënne motivéieren dee Wee ze goen. Och vill eeler Leit wëssen net, dass et esou eppes gëtt wéi Droit d’Auteur.”
De Projet “La Fabrique à chansons” zitt sech iwwert fënnef Seancen. Eng relativ kuerz Zäit fir ee ganzt Stéck mat enger Klass ze konzipéieren. “Déi éischt Seance hu mer mol gekuckt: wie mécht wat. Déi zweete Kéier hu mer Iddie gesammelt, an déi drëtt Seance hu mer zesumme gekuckt, wat mer dovunner festhalen”, sou d’Mireille Weiten de Waha. En Text misst och schonn eng Musek hunn, fir dass e mat Musek kléngt. “E muss jo reimen. Et däerf net ee Saz kuerz sinn, ee Saz laang”.
Wat ee soss net géif soen, seet een an engem Lidd
Themen, déi de Kanner um Häerz louchen, waren ënnert anerem Fridden, Respekt fir Mënsch an Déier, a méi Zäit mat der Famill. Den Eric Falchero, Responsabel fir d’Musek am Projet, war zemools beandrockt, dass d’Kanner sech Suergen iwwert déi nei Technologien maachen. “Ech hunn ëmmer geduecht, si wieren total begeeschtert vun deenen neien Technologien. Si leide selwer drënner, dass hir Frënn virum Ecran sëtzen an net dobausse spillen, dass hir Elteren net do si fir se”. D’Musek kéint do e Kanal sinn, fir sech esou auszedrécke wéi een dat soss net géif maachen, erkläert den Eric Falchero. “Et géif een elo net ënner Frënn zouginn, dass een dorënner leit. Mee an engem Lidd seet een dat.”
De Yann fënnt d’Zukunft vun den neien Technologien erschreckend. “Déi nei Erfindungen, déi se hunn, d’Maschinnen – dat gefält mer alles net. Wie weess wat nach alles kënnt. Enges Daags brauchen d’Leit sech emol net méi ze bewegen. Da sëtzen se doheem a kënnen alles bestellen.”
Pilotprojet kéint ausgebaut ginn
Den Eric Falchero gesäit seng Roll doranner, Melodien aus de Kanner eraus ze këddelen. Déi Haaptmotiver solle vun hinne selwer kommen. Mam Text hu si experimentéiert wéi een de Gesang an d’Musek upasse kéint. D’Kanner schéngen jiddefalls positiv op de Projet reagéiert ze hunn.
A Frankräich ass de Projet schonn an der zweeter Editioun. 100 Auteur-Compositeuren sinn do mat agebonnen. Wann de Pilotprojet seng hei am Land Friichten dréit, kéint de Marc Nickts, Gerant vun der SACEM Lëtzebuerg, sech virstellen, “La Fabrique à chansons” un aner Schoule weider ze vermëttelen. Et wier ee Projet mat ville Facetten, deen de Kanner nei Erfahrungen an Denkustéiss géif mat op de Wee ginn.
“Wann d’Kanner hei de Goût un der Musek an un der Kompositioun entdecken, ass dat natierlech eng flott Saach”. Et misst een de Leit och erklären, wat d’Rechter sinn, déi e Kreativen op säi Wierk huet, sou de Marc Nickts. Dofir wier et gutt Saach, domadder scho bei de Kanner unzefänken.