Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Jogging

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ La Danseuse: Dänzerbiografie mat wéineg Danz

Biopic

La Danseuse: Dänzerbiografie mat wéineg Danz

De Film 'La Danseuse' ass ee fräi adaptéierte Biopic iwwert d'Belle Epoque Dänzerin Loïe Fuller. An der Stéphanie Di Giusto hirem Film ginn der Dänzerin hir Zweiwel an d'Rivalitéit mat der Isadora Duncan dramatiséiert.

auto_stories

3 min

"La Danseuse" ass ee Biopic mat wéineg Danz. Foto: Wild Bunch Distribution

D'Geschicht vun enger vun de Pionéierinne vum Modernen Danz gëtt a "La Danseuse" chronologesch erzielt. D'Spectateure kréie fir d'éischt een Abléck an der Loïe Fuller hir Ufäng am amerikanesche Westen an an hir Zäit zu Brooklyn bei hirer streng reliéiser Mamm. Do entwéckelt si Stéck fir Stéck hir spektakulär Danz-Choreographien.

Schlussendlech geet d'Dänzerin - iwwerzeegend gespillt vun der Sängerin Soko - op Paräis, wou si séier un Unerkennung gewënnt an eng Danztrupp grënnt. Zu Paräis trëfft si och op déi talentéiert Dänzerin Isadora Duncan, gespillt vun der Lily-Rose Depp, déi sech séier als Rivalin vum Loïe Fuller entwéckelt.

Weider Personalitéiten deenen een am Film begéint sinn ënnert anerem een hëllefsbereet an drogéierten Aristokrat, charmant gespillt vum Gaspard Ulliel. An d'Melanie Thierry als trei Assistentin vun der Dänzerin.

"La Danseuse" dramatiséiert der Loïe Fuller hir Zweiwel, sech als Dänzerin ze gesinn. Dës Retizenz baséiert ënnert anerem dorop, datt hiren Danz immens op Luucht-Technik an aner Requisitë berout. Esou gesäit een am Film keng grouss Evolutioun vum hirem Serpentinnen-Danz. Wéi si op déi "richteg" Dänzerin, Isadora Duncan trëfft, déi an hire Beweegunge vill méi fräi wierkt, zerfält d'Loïe Fuller ëmmer méi.

Sputt no Uewen

"La Danseuse" ass deen éischte Long-métrage vun der Stéphanie Di Giusto. Am grousse Ganzen ass de Film kuckenswäert. Der Loïe Fuller hir Geschicht hätt awer kéinte méi interessant a kohärent erzielt ginn.

Déi zweet Hallschent vum Film widderhëlt sech an den Zeenen an och am Dekor. Esou kritt een ëmmer erëm agetriichtert, datt der Loïe Fuller hir Danz-Performancë physesch immens ustrengend sinn.

Obwuel d'Dekore mat Goût ausgewielt goufen an d'Kameraféierung déi verschidde Plazen zefriddestellend erëm gëtt, feelt et u Variatioun. Genee esou ass et och mat de Kostümer. Fir ee "Period Drama" hätt ee sech méi erwënscht.

Den Danz iwwerzeegt

Wat am Film eraus stécht sinn d'Danz-Montagen. D'Bewegunge vun der Kamera an den Dänzerinnen harmoniséieren a ginn dem Film eng spilleresch Nout. Dëst gëtt duerch eng gutt Selektioun vu Musék - mat ënnert anerem Kompositioune vum Max Richter an dem Nick Cave - gestäerkt. Fir ee Film dee "La Danseuse" heescht ass awer schued, datt dës Danz-Montagen dacks ze kuerz sinn an ze seele virkommen.

Obwuel d'schauspilleresch Leeschtung an der Stéphanie Di Giusto hirem Film iwwerzeegt, sinn déi zwëschemënschlech Bezéiungen net spannend genuch geschriwwen. Besonnech d'Feindséilegkeet tëscht der Loïe Fuller an der Isadora Duncan hätt kéinte méi ausgebaut ginn. De Personnage vun der Isadora Duncan kënnt eréicht spéit am Film vir. Der Figur gëtt net genuch Plaz gelooss fir sech z'entfalen.

"La Danseuse" kënnt duerch dës Schwächten net richteg un d'Rullen an iwwerzeegt net ganz. Mee et kann ee gespaant sinn op der Stéphanie Di Giusto hire nächste Film.