Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De bulgaresche Pendant vum "Rosetta"

CinEast

De bulgaresche Pendant vum "Rosetta"

De bulgaresche Film “Hristo” vun den zwee Regisseuren Todor Matsanov a Grigor Lefterov huet gutt Chancen, de Grand Prix um Festival ze gewannen. Dësen haarde Sozialdrama weist den alldeeglechen Iwwerliewenskampf vun engem jonken Erwuessenen. De Verglach mam Wierk vun de belsche Gebridder Dardenne läit op der Hand. Ee Gespréich mam Todor Matsanov.

auto_stories

6 min

Todor Matsanov (Foto: CinEast)

Well se net vun hirem Patron bezuelt gi sinn, weigere sech Aarbechter, d’Camionen auszelueden. Ee spontane Streik. Ee schappeg gekleete jonke Mann léisst sech dann aus der Mass, leeft bei de Camion, péckt eng grouss Kartongskëscht aus – aner Aarbechter versichen, hien drun ze hënneren. D’Aleedungszeen vu “Hristo”, mat enger hektescher Kamera gefilmt, ass signifikativ fir dat, wat an den nächsten 100 Minütten op de Spectateur duerkënnt: een Iwwerliewenskampf - ëm all Präis - um ënneschten Treppléck vun der sozialer Hierarchie am EU-Memberstaat Bulgarien.

Dem Hristo seng ganz Energie geet drop, fir sech vun enger schlecht bezuelter Aarbecht an déi aner ze retten, de Loyer vun engem Zëmmer – oder, besser gesot, ee knaschtege Keller - ze bezuelen, wou hie sech haaptsächlech vu Konserven ernährt. An dat ass och schonn dat Bescht, wat hie sech erwaarde kann: sech iwwer Waasser halen. De bulgaresche Film “Hristo” weist eng däischter Realitéit, an där Solidaritéit keng Roll spillt, d’Leidensgenossen héchstens ee Mëttel zum Zweck wann net esouguer Obstakle sinn, an déi tëschemënschlech Kommunikatioun sech op Gejäiz wann net Schléi reduzéiert.

Den Dimitar Nikolov an der Roll vum "Hristo"

De Regisseuren-Duo Todor Matsanov a Grigor Lefterov wollt eigentlech een Documentaire dréinen – erauskomm ass e staarken, an allen Hisiichte maitriséierte Fiktiounsfilm, mat engem impressionnanten Dimitar Nikolov an der Haaptroll. “Hristo” erënnert direkt u “Rosetta”, de belsche Film, mat deem d’Gebridder Luc a Jean-Pierre Dardenne 1999 d’Palme d’Or zu Cannes gewonnen haten. Selwechte Stil, selwechten Iwwerliewenskampf vun engem jonken Erwuessenen, mee nach méi radikal. Gesäit den Todor Matsanov dat och esou?

Todor Matsanov: Vläicht gëtt et Ähnlechkeeten. Mir si grouss Fans vun de Gebridder Dardenne. Et ass net ze verhënneren, datt extrem Geschichten, déi sech ënner extremen Ëmstänn ofspillen, ähnlech sinn. Wann der e Steen de Bierg erof rulle loosst, bleift et ee Steen, deen de Bierg erof rullt. D’Geschicht vun engem Mord bleift d’Geschicht vun engem Mord.

Ech weess elo net, ob mir méi radikal si wéi d’Gebridder Dardenne. Ech hoffen, datt et eis gelongen ass, eis Regioun duerzestellen, dat, wat fir se typesch ass. An eisem Land ass d’Aarmut méi gräifbar. D’Iwwerliewen ass eng physesch Erfahrung, eppes Dramatesches. Do läit den Ënnerscheed mam Film vun de Gebridder Dardenne. Si erzielen ëmmer nach d’Geschichten aus hirer Géigend vun Europa. Duerch deen Ënnerscheed ass eise Film vläicht méi radikal.

Michel Delage: D’Gebridder Dardenne si bekannt fir hir ganz präzis Aart a Weis fir ze schaffen, mat ville Prouwen. Hutt Dir selwer och vill geprouft?

T.M.: Fir e Film realistesch ze maachen, muss een e wierklech virbereeden. Dorop hu mer Wäert geluecht. Während véier Méint hu mer eis eleng op den Tournage virbereet. Mir hu mat professionellen Acteure geschafft, ënnert anerem deem jonke Schauspiller aus der Filmakademie. Leit mat verschiddenen Hannergrënn. Och mat hinne war vill Preparatioun néideg. Mer hu se a konkret Situatioune versat. Ee vun hinnen huet während annerhallwem Mount an enger Botzfirma geschafft, huet zesumme mat Roma d’Stroossen zu Sofia gebotzt.

Een aneren huet eng Woch an engem Prisong fir jonk Delinquente verbruecht, undercover, an dann dräi Wochen als Assistent an enger Klinik fir Drogenofhängeger fir där hir Reaktiounen z’observéieren. Dat huet vill gehollef. Wéi den Tournage ugefaangen huet, konnte se sech besser an d’Liewensëmstänn vu Sans Abrisen era versetzen.

Dann hu mer vill Gespréicher opgeholl, déi deelweis an d’Dréibuch integréiert gi sinn. Mer hunn no authentesche Plaze gesicht fir ze dréinen, ouni gestallten Dekoren. An eise leschte Prinzip, fir realistesch ze wierken, war et, Plan-sequencen, also onënnerbrach Opnamen ze filmen.

M.D.: Um CinEast-Festival ass en anere Film gelaf, deen ärem gläicht, deen zu Locarno mam Haaptpräis gekréinte bulgaresche Film “Godless” vum Ralitza Petrova. Gëtt et a Bulgarien eng Bewegung vu Realisateuren, déi déi sozial Realitéit an hirem Land wëlle weisen? Ass dat ee rezente Phenomen? A fillt Dir Iech selwer als Deel dovun?

T.M.: Et gëtt eng Rei Filmer, déi an dës Richtung ginn. Mee et ass schwéier ze soen, ob et eng nei Well gëtt. Wéi et schéngt gëtt et ee Besoin fir esou Filmer. Ech mengen, datt dat bulgarescht Filmwiesen d’Ae fir dee Problem huet missten opmaachen. Vläicht erliewe mer eppes, wat och de rumänesche Film duerchgemaach huet. Ech hoffe wierklech, datt mer grad esou erfollegräich ginn. Et ass also een Erwäschen, awer nach keng richteg Bewegung.

M.D.: Äre Film ass nach net a Bulgarien gewise ginn. Wat erwaart Dir Iech dovunner, wann et esouwäit ass?

T.M.: De Film ass eréischt eng Kéier a Bulgarien gelaf, um Golden Rose Filmfestival. Mee mäin Androck ass, datt e gutt ukomm ass, souwuel bei de Kritiker wéi och beim Public. Ech mengen, datt de Film op d’Leit wierkt, datt si vu se senge Schwéngungen ergraff ginn, vun der Uspanung, a vun all Zort vun negative Gefiller.

M.D.: Dir sot selwer, datt et Äert Zil ass, mam Film eng Debatt a Bulgarien unzestëften.

T.M.: Dat ass meng Hoffnung. Dat wier eng Debatt net nëmmen iwwert de soziale Problem. Mee och iwwert de bulgaresche Film am grousse Ganzen, seng Éierlechkeet, d’Aart a Weis, wéi mer an Zukunft Filmer solle maachen. Datt méi Leit eise Film gesinn, datt d’Chancen dofir besser stinn.