Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Last Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dee mënschlechste Schrëftsteller, deen ech kennen"

Een Theema, e Buch

"Dee mënschlechste Schrëftsteller, deen ech kennen"

De Schwäizer Schrëftsteller Blaise Cendrars war déi éischt bedeitend Fieder, déi deen nach onbekannten Henry Miller Mëtt den 1930er Joren ëffentlech gelueft hat. Dee wollt sech duerno revanchéieren: en amerikaneschen Editeur fir säi Virbild fannen. Tëschent 1934 an 1959 hunn de Miller an den Cendrars sech géigesäiteg Bréiwer geschriwwen.

auto_stories

8 min

''Un écrivain américain nous est né'', hat de Blaise Cendrars 1935 an der franséischer Literaturzäitschrëft Orbes iwwer den deemools nach onbekannten Amerikaner Henry Miller geschriwwen. Deen hat am Alter vu scho 44 Joer zu Paräis säin éischte Roman ''Tropic of Cancer'' verëffentlecht. De Kontakt war iwwer en amerikanesche Literaturagent, dee béid Männer kannt haten, zustane komm.

De Miller war nëmme véier Joer méi jonk wéi säi literarescht Virbild, mee e Spätzünder. De Schwäizer Cendrars, deem säi richtegen Numm Frédéric Louis Sauser war, hat sech tëschent den zwee Weltkricher schonn eng Renommée als Schrëftsteller opgebaut, mat Gedichter, Reportagen a virun allem Romaner wéi ''L'Or'' oder ''Moravagine'', alles Wierker, an deenen den Abenteuerer seng Reesen uechter d'Welt an och seng Erfarungen als Zaldot am Éischte Weltkrich konnt verschaffen.

Korrespondenz tëschent zwee Groussen

1934 war den Ufank vun engem Bréifwiessel tëschent deenen zwee Männer, dee bis 1959 sollt daueren. Zwee Joer drop war de Blaise Cendrars am Alter vun 73 Joer gestuerwen. Den Henry Miller hat do nach zwee Joerzéngte viru sech.

1995 war eng éischte Kéier hire Bréifwiessel publizéiert ginn, 2013 dann haten déi Schwäizer Editions Zoé eng méi komplett Versioun verëffentlecht. Vun den éischte Jore vun dëser Korrespondenz sinn nëmmen dem a Frankräich exiléierte Miller seng Bréiwer erhale bliwwen, déi hien entweder op englesch oder op franséisch, heiansdo an deenen zwou Sproochen zesumme geschriwwen hat, meeschtens an deem selwechten exaltéierten Toun, deen een aus senge Romaner kennt.

''Tous les exilés, volontaires ou involontaires, sont tabous pour le public américain. Même le célèbre Hemingway est en déclin - et il pleure sur son sort, le pauvre mec.''

De roude Fuedem, dee sech duerch dem Miller seng ganz Korrespondenz zitt, ass seng Bewonnerung fir de Blaise Cendrars, e Schrëftsteller, deen hien zu sengem perséinleche Panthéon gezielt hat, zesumme mat Auteure wéi Céline oder Jean Giono:

''Chaque fois que je termine un livre de vous je dis la même chose -'Le plus humain de tous les écrivains que je connais !' C'est pourquoi je vous écris parfois idiotement peut-être. Et aussi - je le dis sans vanité, croyez-moi - que je me prends par la main et me félicite d'avoir 'un copain comme Cendrars " que je vois rarement.' "

Éischte Bréifkontakt no laanger Paus

''Mon cher vieux Henry Miller'', fänkt dem Blaise Cendrars säin éischten erhalene Bréif un de Miller un. Datéiert war de Bréif op den 18. Juni 1947. De Cendrars hat sech nom Krich op der Côte d'Azur, zu Villefranche-sur-Mer, etabléiert.

De Miller souz sengersäits op enger roueger Plaz um kalifornesche Mier, zu Big Sur. Hien hat Frankräich 1939 verlooss fir, no engem Intermezzo vun enger Rei Méint a Griicheland, nees zeréck an d'Staaten ze reesen.

''Mais quelle joie d'avoir de vos nouvelles. J'ai souvent pensé à vous, me demandant ce que vous étiez devenu. La dernière fois que je vous ai vu, vous deviez partir pour la Grèce ; puis j'ai entendu dire que vous étiez en Chine ! Comme vous le voyez les Boches n'ont pas eu ma peau.

Ma main amie, Blaise Cendrars''.

Esou huet de Cendrars all seng Bréiwer ofgeschloss: ''ma main amie'', e Verweis op seng lénk Hand mat där hien huet misste schreiwen - deen aneren Aarm hat hie wärend dem Éischte Weltkrich leie gelooss, een Trauma, deen hie laang sollt begleeden ...

De 6. Abrëll 1948, wéi also de Kale Krich richteg lancéiert war, schreift de Miller:

''Je parle à mes amis, aux jeunes gens surtout, de les enflammer avec mon enthousiasme, mais les jeunes (ici, en tout cas) sont inertes, paralysés, effrayés par le spectacle d'une guerre (encore une!) imminente. Les vrais jeunes sont nous, je crois. Des individus sans âge.''

D'Suerge vun de Schrëftsteller

''Les éditeurs sont les plus grands ennemis des écrivains. Ils veulent toujours la même chose : le succès !'',

reegt sech de Blaise Cendrars op. D'Editeuren en Theema, deen op der Hand läit, wann zwee Schrëftsteller sech ënnerteneen austauschen. Äntwert vum Miller:

''Vous parlez des éditeurs ! Ils me rendent fou. Quelle inertie ! Quel cynisme ! C'est écœurant. Pour mes propres œuvres je me fiche pas mal. Mais pour mes amis, ceux qui souvent sont bien meilleurs que moi, je n'arrive nulle part.''

Den Henry Miller hat sech iwwer all déi Jore fest virgeholl, amerikanesch Editeure fir dem Blaise Cendrars säi Wierk ze begeeschteren, dorënner d'Serie vun autobiographesche Romaner wéi ''L'Homme foudroyé'', ''La Main coupéee'' oder ''Bourlinguer'', déi tëschent 1945 an 1949 erauskoumen - mat ganz bescheidene Resultater.

Hie selwer hat sech nom Krich séier zu engem berüümten Auteur entwéckelt an doduerch wäit méi Bicher verkaf, wéi dee vun him esou bewonnerte Cendrars. Dem Miller säi Respekt war doduerch awer net méi kleng ginn, vu kommerziellem Succès hat hie souwisou ni all ze vill gehalen:

''Très cher grand maître !'', fänkt hien e Bréif vum 21. August 1949 un.

''Le Lotissement du ciel vient d'arriver. Je n'ose pas commencer la lecture - tant je l'attendais. Mais j'ai tourné à la fin - passage par l'astronome - magnifique !

Je veux lire ce gros bouquin lentement. Je le prendrai en forêt et à ma plage privée (privée parce que personne veut risquer sa tête d'y descendre). Je cours tout nu, je chante, je danse. Et je peux être tout seul - avec les rochers, les grottes, les vagues. Mer traître ici.''

Dee selwechte Respekt kënnt och vum Cendrars, deen nieft Luef awer och alt emol déi enger oder aner éierlech Kritik fale léisst. Zum Beispill iwwer dem Miller säin USA-Reesbericht vun 1948 ''The Air-Conditioned Nightmare'', an deem ee Kapitel ëm besonnesch gefall hat:

''Les autres chapitres me laissent sur ma soif car il y a beaucoup de prêche, à mon goût. Est-il vrai que votre livre soit interdit en Amérique ? Si oui, tant pis pour l'Amérique !...''

''Trop de femmes s'en mêlent"

Encouragementer gëtt et also och, zum Beispill wann hien dem gebiertege New Yorker Miller un d'Häerz leet, säin Talent ze notze fir e groussen Roman iwwer seng Heemechtsstad ze schreiwen, dee Lieser vu Gogol an Dostoïevski kéint matrappen.

Déi zwee Schrëftsteller schécke sech géigesäiteg hir Publikatiounen. De Miller léisst dem Cendrars och gären amerikanesch Bicher zoukommen, déi a Frankräich net opzedreiwe sinn. An engem Bréif fält de Cendrars iwwer de Stefan Zweig hier, deem hie Plagiat virgeworf hat a Bezuch op säi Roman ''L'Or'' iwwer de Schwäizer Goldgriewer Johann Suter. Op enger anerer Plaz reegt hie sech iwwer déi franséisch Iwwersetzung vun engem Miller-Roman op:

''C'est la tragédie des traductions aujourd'hui. Trop de femmes s'en mêlent qui ne savent pas leur langue ni l'autre et qui bavent comme des limaces. C'est de l'industrie à Prix-Unique.''

''Un ouvrage plein de cochonneries atomiques''

Sengersäits weist sech de Miller begeeschtert vun esoteresche Lecturen. An da kënnt et vir, datt hie bei engem Verlag eng kleng Avance fir säi Kolleeg aushandele konnt:

''Merci des 1000$ de Demarest. On les boira à votre santé s'ils arrivent et s'ils n'arrivent pas, on boira autre chose, toujours à votre santé, ne vous inquiétez pas, mon cher.''

Enn 1949 hat de Blaise Cendrars déi zwee éischt Bänn vum Henry Miller sengem Roman ''Sexus'' gelies, ''un ouvrage plein de cochonneries atomiques'', wéi e schreift:

''Ce sont des livres sans poésie mais les seuls vrais sur New York. Je ne vous en demande pas davantage. Merci.''

De Skandalroman ''Sexus'', éischten Deel vun enger Trilogie, fir déi de Miller ''Plexus'' an ''Nexus'' nogeschoss hat, war 1950 vum franséischen Inneminister verbuede ginn, a wéi enger Sprooch och ëmmer. Frankräich, dat Land also, an deem ''Tropic of Cancer'' virum Krich publizéiert gi war, wärend d'USA d'Buch verbueden haten.

Dofir déi heite Warnung vum Cendrars, de 24. Februar 1950:

''Un bon conseil : les gazettes littéraires annoncent votre venue à Paris pour ce printemps. Ne venez pas ! Je vis aux antipodes du mic-mac littéraire. Mais je crois pouvoir vous annoncer que si vous venez en France vous risquez d'être fourré en prison... en l'honneur du demi SIECLE.''

"Les putains d'éditeurs"

A Frankräich hat den Henry Miller allgemeng vill Succès. Vu senge konsequenten Autorerechter hat hien awer näischt: deemools hunn déi net däerfen an d'USA iwwerwise ginn, an duerch d'Ofwäerte vum franséische Frang ass mat der Zäit ëmmer manner iwwreg bliwwen. Am November 1952 schreift hien dem Cendrars mat wat hie grad beschäftegt ass:

''Je n'écris pas pour moi. Je tâche de vendre mes livres - mail order business. Je ne peux rien d'autre car je ne reçois régulièrement maintenant que 25$ par mois et même les chiens ici demandent plus pour vivre. Quand même je suis heureux et chaque jour je reçois le " manna " d'en haut, c'est-à-dire des cadeaux inattendus des amis et des inconnus. Plus en plus je vois que je suis protégé - non par les putains d'éditeurs mais par les anges gardiens. Mais pour ne pas les offenser par une inertie béate je travaille comme un forcené.''

Doropshin de Blaise Cendrars:

''25$ de fixe ce n'est pas beaucoup. Je n'ai même pas ça ! Je vis comme l'oiseau sur la branche, au jour le jour - Amen !''


Blaise Cendrars-Henry Miller, Correspondance 1934-1959. ''Je travaille à pic pour descendre en profondeur'', Carouge-Genève, 2013, Editions Zoé.