Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi literaresch Texter zustan kommen a sech veränneren

Ausstellung

Wéi literaresch Texter zustan kommen a sech veränneren

Wéi entstinn d’Manuskripter an d’Typoskripter vu Lëtzebuerger Auteuren? Eng Ausstellung am Mierscher Literaturhaus verzielt d’Geschicht hannert de Geschichten. “Korrekturspuren – Textmetamorphosen” bitt ee raimlechen an atmosphäreschen Zougank zu originale Stécker aus de Bestänn vum Lëtzebuerger Literaturarchiv.

Valerija Berdi, md

auto_stories

4 min

Versioun vum Edmond Dune sengem Gedicht "Ode pour un coin de mur"

D’Ausstellung ass a fënnef Säll organiséiert, déi all Kéiers ee bestëmmt Thema behandelen. Konkret literaresch Biographien a Wierker sinn d’Unhaltspunkte vum Spectateur. “Korrekturspuren – Textmetamorphosen” empfänkt de Spectacteur mat engen Abléck an dat literarescht Schafe vu fënnef zäitgenësseschen Auteuren. Hir Iwwerleeungen, Inspiratioun an Aart a Weis ze konzipéieren kann een am Ausstellungskatalog noliesen. De Schreifprozess léisst sech unhand vun Notizen, Verbesserungen an iwwerschaffte Versioune vun Texter, déi hannert Vitrinnë leien, novollzéien.

Op enger anerer Plaz gëtt de Wee vun der Iddi bis zur Realisatioun vu literaresche Wierker beliicht, d’Ëmstänn, ënnert deenen se entstan sinn. Hei ginn Extraiten ausgestallt vun Texter, déi ni fäerdeg geschriwwen, ni publizéiert wann net souguer verbuede goufen. Hei gëtt och dem Lëtzebuerger Auteur Edmond Dune (1914-1988) seng literaresch Renconter mam däitsche Komponist Johann Sebastian Bach (1685-1750) am Detail beschriwwen. Deem säi “Wohltemperiertes Klavier”, eng Sammlung vu Fugen a Preluden, hunn dem Dune säi Gedichtband “24 poèmes pour cœur mal tempéré“ inspiréiert.

Een Theaterstéck mat 50 méiglechen Titelen

Den drëtte Sall vun der Ausstellung am Mierscher Literaturhaus beschäftegt sech mat der Konzeptioun vun Texter. Tëschent der Iddi an der Realisatioun vun engem Roman oder engem Theaterstéck ginn dacks Pläng opgestallt. Den Auteur freet sech, wéi eng Schwéierpunkten ervir stieche sollen, awer och wéi eng Wierkung dat Geschriwwent beim Lieser soll provozéieren.

Do ass zum Beispill dem Tit Schréider seng Lëscht mat de ronn 50 Titele fir säin Theaterstéck, déi hie sech notéiert hat. Um Enn hat hie sech fir de Numm “d’Pöltchesfamill” entscheed. Den Emil Schaus hat 40 Joer vergoe gelooss bis hie säi Roman “Lisa Timesch” 1979 publizéiert huet.

D'Liewe vum Text no der Publikatioun

Texter sinn iergend wann eng Kéier dann och fäerdeg, ginn deelweis publizéiert an heiansdo nodréiglech verännert. Sou dem Jean Krier seng Gedichter, déi an all hire Variante verëffentlecht goufen, oder dem Gilles Ortlieb seng “Soldats”. Dee Roman ass an enger begrënnter verännerter Versioun nei opgeluecht ginn.

De leschten Ausstellungssall dokumentéiert déi akribesch Aarbecht vun der Equippe vum Mierscher Servais-Haus. Donnéeë vun 1.200 Auteuren a 7.000 Wierker goufe bis elo erfaasst an digitaliséiert. Zustan komm ass esou ee Katalog vun Auteuren, déi zënter 1815 déi Lëtzebuerger Literaturgeschicht gemaach a beaflosst hunn.

D’“Korrekturspuren – Textmetamorphosen” sinn nach bis den 30. September 2016 am Mierscher Literaturhaus ze gesinn.

 

Lauschtert dem Valerija Berdi seng Serie a fënnef Deeler iwwert dës spannend Ausstellung:

1. De Claude D. Conter, Direkter vum Literaturarchiv, iwwert de Schreifprozess:

2. D'Myriam Sunnen iwwert dem Edmond Dune seng literaresch Renconter mam Johann Sebastian Bach:

3. D'Sandra Schmit iwwert d'Theaterstéck mat de 50 méiglechen Titelen an aner Kuriositéiten:

4. D'Ludivine Jehin iwwert d'Liewe vum Text no der Publikatioun:

5. D' Aarbecht um Lëtzebuerger Autorenlexikon: