Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tosca - Swimswimswim (Mato Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng passiv Refugiéen, mee aktiv Kënschtler

Konscht

Keng passiv Refugiéen, mee aktiv Kënschtler

E Moler, e Karikaturist an e Graphiker – dräi Kënschtler aus dem Irak, Syrien an dem Iran -, stellen am Kulturhaus zu Nidderaanwen eng Selektioun vun hire Wierker aus. "L'art, un langage universel” heescht des Expo, déi nach bis de 15. Juli ze gesinn ass.

auto_stories

5 min

Detail vun engem Tableau vum Iraner Talbot Yaghi

Den Titel vun der Ausstellung, déi an Zesummenaarbecht mat der ASTI entstanen ass, beschreift genee dat, wat de Visiteur dann och erlieft: D'Konscht kommunizéiert do weider, wou d'Sprooch un hir Grenze stéisst.

Wann ee sech d'Wierker ukuckt, da brauch ee keng geschwaten a keng geschriwwe Sprooch fir ze begräifen, wat den Hayder Saddam, de Kareem an den Talbot Yoghi matdeele wëllen. Trotz den ënnerschiddleche Stiler an Hannergrënn vermëttelen déi dräi Kënschtler all politesch a sozialkritesch Aussoen.

"Konscht bewierkt méi wéi de Leit Sue ginn"

De Kareem kënnt aus Syrien. Seng zu Nidderaanwen ausgestallten Zeechnungen droen Titele wéi Fridden, Léift an Hoffnung, seng Karikaturen hunn awer näischt mat der romantiséierter Ausleeung vun dëse Begrëffer ze dinn. Mee de Kareem demonstréiert, wéi eng Bedeitung se an demokratesche Länner respektiv a Krichsgebidder oder repressive Systemer hunn.

De Mann aus Aleppo, dee just ënnert sengem Kënschtlernumm Kareem ëffentlech optrëtt an zeechent (“aus Angscht, datt se meng Famill bestrofen”), huet internationaalt Recht studéiert a war am Telekommunikatiounsberäich aktiv. Wéi a Syrien d'Revolutioun ausgebrach ass, huet hie sech direkt engagéiert.

“Mir hu versicht eis Leit an hire Fuerderungen no Fräiheet, Dignitéit a Gerechtegkeet z’ënnerstëtzen. Mee a Syrien ass dat geféierlech. Wa se iech kréien, gitt dir vläicht vun hinnen doutgemaach, gefoltert”, sou de Kareem. Familljen, déi aus hiren Dierfer hu misste flüchten, hätt hien seng Hëllef ugebueden. “Dat ass mer awer net duer gaangen, ech hunn ugefaangen, Karikaturen ze zeechnen. Mat der Konscht bewierkt ee méi wéi de Leit Suen ze ginn.”

Karikatur vum Kareem

Onséchert Liewen als Karikaturist

Do huet hien decidéiert, Syrien ze verloossen an ass iwwert de Libanon a Jordanien gaangen, wou hien dann dräi Joer bliwwen ass an iwwer 300 Karikaturen op Websäiten an Zeitunge vu Friddensaktiviste publizéiert huet. Jordanien war dem Kareem dunn awer net méi sécher genuch, well hie mat sengen Zeechnungen och déi jordanesch Regierung attackéiert huet.

De Kareem lieft an engem Foyer zu Lëtzebuerg. Hie léiert franséisch an hofft, duerch d’Regulariséierung vu senger Situatioun en Job ze fannen an eng Wunneng, déi him déi néideg Rou an d'Moyene ka ginn, fir sech besser ëm seng Konscht - der politescher Karikatur – kënnen ze beschäftegen. “Mäin Dram ass et, zeréck a Syrien ze goen an ee fräit Land opzebauen. Dat ass net just mäin Dram, mee de syreschen Dram”.

Bewonnerer vum Henry Moore

Den Hayder Saddam huet sengersäits Konscht ze Bagdad studéiert. Mat 26 Joer hat hie seng éischt Expositioun am Irak, iert hien dann och am Libanon an a Jordanien ausgestallt huet. Fir seng Wierker huet den Hayder Saddam eng Rei Präisser kritt a war och ausgewielt ginn, fir un enger internationaler Ausstellung an den Arabeschen Emiraten deel ze huelen.

Hei zu Lëtzebuerg moolt de grousse Bewonnerer vum Henry Moore weider. De Problem ass natierlech déi finanziell Situatioun, déi et schwéier mécht, sech dat néidegt Material, wat e Moler ebe brauch, selwer ze besuergen. Dofir ass hien och do op d'Ënnerstëtzung vun aneren ugewisen.

Wierker vum Iraker Hayder Saddam

"Am Orient hu mer e Problem mat der plakeger Fra"

Am Gespréich mam Hayder ass d'Zina Menhal fir d'Iwwersetzung agesprongen. Déi ausgebilte Journalistin aus Bagdad lieft zënter dräi Joer hei am Land a schafft bei der Auslännerassociatioun ASTI. Do ass si responsabel fir divers Projeten.

Dem Hayder Saddam seng expressiv Tableauen an Installatiounen, déi hien zu Nidderaanwen weist, hunn als Sujet d’Vue an d’Duerstellung vum Fraekierper. “2010 hunn ech mat deem Stil ugefaangen. Am Orient hu mer e Problem mat der plakeger Fra. Ech hunn eng intelligent Manéier benotzt, fir de Fraekierper e bëssen ze verdecken.”

D’Unerkennung vun der kënschtlerescher Aarbecht, de Kontakt mam Publik an d’Méiglechkeet, fir déi eege Wierker auszestellen, sinn dem Hayder Saddam seng Prioritéiten. “Ech si frou, an engem europäesche Land kënnen auszestellen, an datt d’Leit meng Aarbecht appreciéieren. Fir mech ass dat méi wichteg wéi ze verkafen”.

Kënschtler am Iran: nëmmen am Déngscht vun der Regierung

Den drëtte Kënschtler, den Iraner Talbot Yaghi, huet och am Hariko zu Bouneweg en Atelier zur Verfügung gestallt kritt. Vu Beruff ass hie Grafiker. Seng Bandbreet geet vu Graphik bis hin zu Graffiti. Och seng Biller spigelen - mol méi abstrakt, mol ganz pointéiert - seng Andréck vum Doud, vun der Trauer a vun der Gewalt. De Kënschtler verbënnt awer och déi traditionell orientalesch Konscht mat zäitgenëssesche Stiler an Aarbechtsmethoden.

Den Talbot Yaghi hofft, zu Lëtzebuerg kënnen ze bleiwen. Hien empfënnt Lëtzebuerg als e Land, wou et kee Rassismus gëtt an dat ass him am wichtegsten. Grënn, fir den Iran ze verloossen, gesäit de jonke Kënschtler ganz kloer a senger artistescher Aarbecht. “Am Iran kann een als Kënschtler fir d’Regierung schaffen an e perfekt Liewen hunn.” Soss hätt ee keng Chance

Konscht als Liewenschoix

D'Nidderaanwener Kulturhaus gëtt dësen dräi Kënschtler d'Méiglechkeet, sech matzedeelen. Virun allem kréie si och d'Geleeënheet, hire perséinleche Liewenschoix an de Virgrond ze stellen: dee vum Kënschtler, deen eppes ze soen huet a sech op eng artistesch Manéier an den Debat amëscht. D’Bild vum passive Refugié weise si vu sech.

Elo wou d'Kultur zu Lëtzebuerg duerch Diskussiounen, nei Perspektiven a Festivitéiten nees méi en valeur gesat gëtt, ass vläicht de Moment komm, och dës méi wéi marginaliséiert Kënschtler mat an d'Boot ze huelen – net just symbolesch. D'Nidderaanwener Kulturhaus huet den éischte Schrëtt an dës Richtung gemaach.