Et ass ee scho beim Staunen, wann een d'Sujete gewuer gëtt, déi de roude Fuedem bei der Ulrike Bail hire Gedichts-Recueilen ausmaachen. Elo ass effektiv de Fuedem de roude Fuedem am Band wie "viele faden tief". Wann een awer mengt, et géif hei der Konscht vum Bitzen en Hommage gesat ginn, deen iert, awer net ganz.
Begrëffer, déi ee muss nosichen
Et sinn d'Begrëffer wéi Heftstich, Wabenstich, Fadenspiele, Textil, déi de Gedichter den Numm ginn, Wierder, déi ee kennt, mee dann awer och Kopfzackennaht, Nahtschatten, Malimo. Ech hunn do d'Bedeitung missen nosichen.
D'Ulrike Bail gëtt all dësen Termen aus der Welt vum Bitzen eng ganz nei Notioun.
"FILAMENT
wie viele faden tief
ist dein schlaf gebunden
gezwirnt gewirkt fährst du
übern see übern see
in der hölzernen wurzel
nistet ein sperling
das filament der knoten blüht"
Ee Konschtwierk fir sech
Et si komplex Gedichter, bei deenen ee méi laang muss stoe bleiwen, well se, egal wéi kuerz se sinn, enorm vill ze erzielen hunn an dat op ville Schichten. Inhaltlech a stilistesch. Kee Wuert ze vill, keen ze wéineg, an all eenzelt schéngt esou akribesch ausgewielt ze sinn, datt d'Sproochekleed einfach perfekt setzt.
All Gedicht, e klengt Konschtwierk fir sech. D'Zesummespill u Wuert, Form an Inhalt sinn absolut stëmmeg an ënner dëser Prämiss huet ee Freed um Liesen.
"SAUM
auf schmugglerpfaden hoch im gebirge
säumt mein schneckentier den pass
heimatländer zu beiden seiten
ein wegsames maβ
osziliert zwischen den sprachen"
Et si kloer a gläichzäiteg flou Aussoen, déi een am Grapp hält, déi dann direkt aus der Hand fléissen, e graziilt Konstrukt an enger duusser a sënnlecher Atmosphär agepaakt. Dozou bäi dréit och d'Vermësche vu bildungssproochlechen, almoudeschen, einfachen a moderne Wierder.
Ënner all Gedicht sti Stéchwierder, beim grad gehéierte Gedicht steet "saum säumen pass" eben Stich-worte, fir déi d'Ulrike Bail och eng originell Erklärung huet.
Beim Schaffen un de Gedichter sinn dann och Collagen entstanen, déi een am leschten Deel um Buch entdecke kann. An zum Schluss, nach e Gedicht, well am Fong geholl, soll een iwwer Gedichter net schwätzen, mee se liesen, lauschteren a genéissen a bei der Ulrike Bail kritt een es ni genuch.
"NADEL
in der ohrwurzel der propheten wachsen
fingerspitzen wie leuchttürme wo nichts
über den wassern mehr schwebt zittern
die nadeln der messgeräte ins uferlose
hangeln die augeworfenen wortschnüre
sich von und zu und zum nächsten satz"