Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kleines Schicksal": Wann zwou Welten openeen treffen

Lauschterbuch

"Kleines Schicksal": Wann zwou Welten openeen treffen

1934 huet de Lëtzebuerger Auteur Joseph Funck seng Erzielung "Kleines Schicksal" publizéiert. Elo kann ee se och lauschteren. D'Lauschterbuch ass an Zesummenaarbecht vum Nationale Literaturarchiv an dem Centre National de l'Audiovisuel erauskomm. Lieser ass de Steve Karier.

auto_stories

3 min

De Jim Steller ass Hondsdrecksammeler. Hie steet um allerleschten Träpplek, iwwer him sinn d'Lompesammler a Schrottsammler.

Mir sinn an den drësseger Joren an den ale Quartiere vun der Stad. Laanscht d'Uelzecht liewen déi Äermste vun den Äermsten an ee vun hinnen ass de Jim.

Uewerstad meets Stater Peripherie

De Joseph Funck beschreift an dëser Erzielung d'Geschicht vum Jim Steller a weist mat ganz vill Empathie an enger onkomplizéierter, immens lieweger Sprooch d'Situatioun vun einfache Vollek an der Stater Peripherie.

Alkohol a Gewalt, Knascht a Krankheet, Misär a Haass dominéieren an dëser Welt, där de Funck duerch seng Erzielweis vill Éierleches erabréngt. Näischt gëtt verschéinert, näischt romantiséiert, et ass eng haart Welt mat nach méi haarden a raue Mënschen.

Op der anerer Säit hu mir en Här aus der Uewerstad: de Karl Emmel ass am Ufank vu senger Karriär, hie soll d'Metzleschmeedchen Amalia bestueden an da wëll hie vill Kanner kréien an en erfollegräichen Dokter ginn.

De Jim Steller ass säi Patient, de Jim ass wärend senger Aarbecht zesumme gebrach an an d'Spidol bruecht ginn. Den Emmel gesäit, datt de Jim net gesond ka ginn a bleiwen, wann hien net aus deem Misär an deem e lieft, eraus kënnt.

Eng Welt op der Kipp

Dofir plangt hien, dem Jim, nodeems hien d'Spidol verloosse kann, eng nei, eng besser Existenz ze erméiglechen. Wat op den éischte Bléck no Humanismus an Empathie ausgesäit, erweist sech ganz séier als eng kal Berechnung, déi ganz wéineg mat Mënschlechkeet ze dinn huet.

An der Persoun vum Karl Emmel léiere mer e ganz anere Milieu kenne wéi dee vum Jim. Den Emmel ass konservativ, langweileg, op sech a seng Gesellschaftsschicht bezunn an absolut vu senge Pläng an Iwwerleeungen iwwerzeegt.

Datt de Jim do awer net matspillt, bréngt net just den Emmel aus dem Konzept.

Ee Lauschterbuch mat vill Kraaft a Klang

D'Lauschterbuch dauert gutt dräi Stonnen a sécherlech dréit dem Steve Karier seng Stëmm an seng Liesweis dozou bäi, datt ee guer keng Loscht huet och nëmmen eng Sekonn opzehéieren ze lauschteren.

Dem Karier seng Erzielmethod passt absolut zu der Geschicht, zu der Zäit an zu den eenzelen Existenzen. Weder iwwerdreift hien an de Betounungen, nach probéiert hien a staarke Kontraster déi verschidde Stëmmen ze diversifizéieren.

Et si liicht a subtil Variatiounen, kee Gejäiz a kee Gepëspers, awer vill Kraaft a Klang, sou, datt een ouni Problem derbäi bleift.

Ganz atmosphäresch geléngt et him, d'Lauschterer an déi heterogen Welte matzehuelen a mat ze fillen. An och wann ee mol e liichte Lëtzebuerger Accent eraushéiert, sou ass dat dach sympathesch, well dës Erzielung huet jo vill mat Lëtzebuerg ze dinn.