Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kills on Wheels: Mäerder am Rollstull

CinEast 2016

Kills on Wheels: Mäerder am Rollstull

Fir säin zweete Film proposéiert den ungaresche Cineast Attila Till eng mäerderesch Affaire, mat Optragskilleren déi net méi vill ze verléieren hunn. “Kills on Wheels” figuréiert als eenzeg Komedie an der Haaptcompetitioun vum CinEast Festival. Et ass awer och eng Declinaisoun vun engem ganz populäre Filmgenre, dem Gangster- oder Killerfilm.

auto_stories

3 min

Kills on Wheels. Foto: Laokoon Filmgroup

Dem Public säi Sënn fir Ethik gëtt bei dësem ergräifenden an witzege Film eng Grimmelche strapazéiert. A "Kills on Wheels" - déi eenzeg Komedie an der Haaptcompetitioun vum CinEast-Festival - verfollegt ee mat ënnerlecher Jubilatioun, wéi alt erëm een ëm den Eck bruecht gëtt.

Dem Attila Till säi Film setzt sech allerdéngs vun der Masse of, well seng Protagonisten, d’Killerband am Film, am Rollstull sëtzen a gréisstendeels och vu Leit mat enger Behënnerung gespillt ginn. Genee dat ass den entscheedende Krack deen "Kills of Wheels" iwwer déi Zort Filmer stellt, an deene Personnagë mat engem Handicap vu Leit ouni Behënnerung duergestallt ginn. Déi tréineräich Romanz "Me Before You" war elo kierzlech esou ee Fall.

Optragskiller am Rollstull

Dëse Film, an deem duerchaus geballert an nach op aner Manéiere gekillt gëtt, och een douce Coming of Age-Film. En erzielt vun zwee onheemlech häerzegen Teenager, déi sech an enger Institutioun fir Leit mat Behënnerung een Zëmmer deelen a Comics molen. An déi a Kontakt komme mat engem Ex-Pompjee, dee bei senger Aarbecht esou schro blesséiert gouf, datt hie vun de Féiss bis bei den Uewerkierper gelähmt ass.

Also am Fong een Held, deen allerdéngs zënter sengem Accident seng Fra an och soss esou muenches verluer huet. Deen am Prisong war, an elo säi Brout, an nawell net ze knapps, domat verdéngt, datt hiee Leit dout mécht. Dat, am Optrag vun engem mafiöse Fiesling mat engem Faibel fir schaarf Hënn. Seng Affer sinn och keng wierklech Sympathieträger.

Den Optragskiller huet keen alldeegleche Jobm awer en entscheedenden Avantage. Wien, op engem Tatort - a sief de Crime och bei Dagesliicht a bei Onmasse vu potentiellen Aenzeie passéiert - kéim op d’Iddi déi aarme Louder am Rollstull ze verdächtegen? De Killer engagéiert déi zwee jonk Borschten als seng Associéeën. A gëtt natierlech sou eng Zort Ersatzpapp.

Zwee Jonker sinn d'Helde vum Film

"Kills on Wheels" geet oncrispéiert mat Behënnerungen ëm. Datt seng Protagonisten en Handicap hunn, bréngt d’Geschicht weider a suergt fir déi eng oder aner witzeg Situatioun. De Killer gëtt vum Szabolcs Thuróczy, engem professionelle Schauspiller, deen am wierkleche Liewe keng Behënnerung huet, gespillt. $

Mä déi eigentlech Helde sinn déi zwee Jonk. Den Adam Fekete, Auteur a Member vun enger Theatertrupp, an den Zoltan Fenyvesi, deen hei säin éischten Optrëtt als Schauspiller huet. U sech ass hie Student, an huet als "Wheelchairguy" en décke Succès op Instagram.


"Kills on Wheels" leeft an der Haaptcompetitioun vum CinEast-Festival. De Film gëtt de Mëttwoch 19. Oktober um 20:30 an der Stater Cinemathéik gewisen.