Op dat Klengt och alles opgiess hätt, freet de Mann op der Bühn d'Fra. Hie widderhëlt seng Fro dirket zweemol a mécht domadder onmëssverständlech kloer wou seng Suergen ophalen - dofir huet ee jo eng Fra. Et brauch ee se just ëmmer an ëmmer rëm ze ernidderegen, a se un hirem eegene Verstand zweiwelen ze loossen a schonn ass een dat lästegt Theema Kand - an domat d'Fro no der eegener Verantwortung - vum Hals. Schliisslech ass et jo och net säin eegent Kand, bierelt hien hallefplakeg duerch de Salon. Da mécht hien eng Béchs Béier op a montéiert mat vill Kaméidi eng Parabolantenn. Den Här wëll nämlech Tëlee kucken.
Nëmme Primäres gëtt befriddegt
De Matila Malliarakis iwwerzeegt als perversen Narzisst, deen déi labil Mamm - glafwierdeg duergestallt vum Aude-Laurence Biver - permanent un hirer ënner Zerrassenheet scheitere léisst. Elo gläich wäerte si sech nämlech an d'Woll kréien - éier alles um Canapé endegt, an déi jonk Fra alt rëm hir eege Grenze verréit. Wéi esou oft, wann den Nick an d'Carol - esou heesche si - sech streide bis hatt op hie klëmmt a si Sex mateneen hunn. En anere Kommunikatiounswee gëtt et net. A well doduerch och nëmme Primäres befriddegt gëtt, ass et eng Flucht.
Ëmmerhi gëtt et an dëser spartanescher Zeenerie nieft engem Dësch an engem Canapé nach e Kand dat Shannon heescht. Säin Alter gëtt d'Carol an engem Gespréich mat der intrusiver Nopesch vun uewendriwwer mat véier Joer un. Ze gesi kritt een d'Meedchen allerdéngs ni. Et ass einfach do an dat ass och de Problem deen déi jonk Koppel mat him huet. Dat wier och de Gronn gewiescht firwat si selwer ni Kanner gewollt hätt, léist d'Nopesch wëssen. A wärend d'Carol an de Nick sech elo um Canapé wänzelen, onanéiert deen aneren Noper (verkierpert vum Brice Montagne) sech virun hirer Fënster an de Schlof. Déi eenzeg Kéier wou d'ëffentlech Hand - a Form vun enger Assistante sociale (gespillt vum Rosalie Maes) - Zeie gëtt vun deem wat an dësem Stot ofleeft - oder Zeie misst sinn - verfält och si dem toxesche Charme vum Nick, deet och hei sech en Ofgrond op.
Wéineg optmisteg Siicht op seng Zäitgenossen
De Martin Crimp, Auteur vu Getting Attention, d'Stéck dat Véronique Fauconnet fir den TNL op franséisch inzenéiert huet, ass bekannt fir seng wéineg optimistesch Siicht op seng Zäitgenossen. Am Léifsten huet hien et wann dem Zuschauer d'Laach reegelrecht am Hals stieche bleift. Zu Lëtzebuerg gi seng Stécker verhältnisméisseg vill opgefouert. Villäicht stëlle seng Theeme jo e gewëssen Honger.
Mat "Objet d'attention" - deem seng Première um Confinement gescheitert ass - bréngt d'Véronique Fauconnet jiddwerfalls e Stéck op d'Bün, deem seng Themen Promiscuitéit, Gewalt a Vernoléissegung elo just nach un Aktualitéit gewonnen hunn. Natierlech hätt ee gäre gesinn, wéi dat dramaturgescht Potential vum Text nach méi ausgeschöpft gëtt. Eleng d'Catherine Marques als Nopesch, déi herno well alles besser gewosst hunn, fëllt Stéck mat Séil op a spillt zugläich déi Aner widder d'Mauer. Dat deet dem Stéck net ëmmer gutt.