Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Keng gutt Iddi, sech op d'Wëssenschaft als leschte Retter ze verloossen"

Literatur

"Keng gutt Iddi, sech op d'Wëssenschaft als leschte Retter ze verloossen"

E Mann erwächt an enger post-apokalyptescher Welt a gëtt direkt mat enger wichteger Missioun beoptraagt. Dat ass den Ausgankspunkt vun "Immobilité" (Editions Rivages), engem Science Fiction-Roman vum Amerikaner Brian Evenson.

auto_stories

1 min

De ganzen Interview mam Brian Evenson

Lauschterenplay_arrow


De Brian Evenson (Joergang 1966) ass e villsäitege Personnage: e Schrëftsteller, dee mat de verschiddenste Genrë jongléiert (Science Fiction, Horror, Fantasy, Noir...). En Universitär, dee sech fir franséisch Philosophie a Literatur intresséiert (Deleuze, Ionesco, Beckett). E fréiere Member vun der mormonescher Kierch, deem seng eege Meenung méi wichteg war...

Fir seng Kuerzgeschichtesammlung "Song for the Unraveling of the World" (Coffee House Press) gouf de Brian Evenson 2020 ënnert anerem mam prestigiéise World Fantasy Award ausgezeechent.

Praktesch gläichzäiteg si viru Kuerzem zwee vu sengen eelere Romaner a franséischer Iwwersetzung erauskomm: "L'Antre" (Quidam Editeur, original: The Warren, 2016) an "Immobilité" (Editions Rivages, original: Immobility, 2012).

Um "Festival Etonnants voyageurs", Enn Mee zu Saint-Malo, si mer mam Brian Evenson op verschidden Aspekter vu sengem post-apokalyptesche Roman "Immobilité" agaangen. Des weideren hu mer iwwer den Afloss vu senger mormonescher Erzéiung, seng Léift fir déi franséisch Kultur a seng Skepsis géigeniwwer der Wëssenschaft geschwat.