Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kannerbicher fir de Kleeschen

Niklosdag

Kannerbicher fir de Kleeschen

Wéi all Joers proposéiert d'Kultur-Redaktioun vum radio 100,7 dem Kleeschen e puer Bicher, déi de Kanner besonnesch gutt gefale kéinten. D'Kerstin Thalau, de Jean-Claude Majerus an d'Valerija Berdi hunn eng Rei aktuell Kannerbicher, déi ze Lëtzebuerg erauskomm sinn ënner d'Lupp geholl a mam Nathalie Bender iwwer d'Kannerliteratur diskutéiert.

auto_stories

6 min

D'Pippi gëtt Inselprinzessin vum Astrid Lindgren (Melissa Westerlund-Monnet)

Pippi Laangstrëmp heescht et op Lëtzebuergesch, dat klengt, frecht Meedchen, mat de rouden Trëtzen, dem Gesiicht voller Speechelen, dat mat sengem Päerd a sengem Äffchen an der Villa Kuddelmuddel lieft.

D'Astrid Lindgren huet dës Geschichten 1945 op schwedesch publizéiert an elo huet d'Melissa Westerlund-Monnet se op Lëtzebuergesch iwwersat an d'Valerija Berdi huet dës verréckt-skuril Geschichten mat grousser Begeeschterung gelies. Wéi gutt deet et, wäit ewech vu moraliséierende a pedagogesche Kannergeschichten, der Pippi hier anarchistesch, antiautoritär an intelligent Spiichten erëm ze entdecken. Well d'Pippi ass schonn en Näischnotz an ouni Respekt, awer just bei Leit, déi dat och verdéngt hunn. Eng wonnerbar Lecture an enger gelongener Iwwersetzung!

So mol, Lobo! vum Christiane Kremer

So mol, Lobo - mee de Lobo huet decidéiert net méi ze schwätzen. De Lobo ass e Bouf, deen ganz vill Froen huet, mee keng Äntwerten kritt, well all Mënsch vu sengen onermiddleche Froen genervt ass.

Seng Elteren, seng Léierin, seng Schwëster - keen huet Zäit a Loscht sech op de Lobo anzeloossen an do decidéiert de Lobo guer net méi ze schwätzen, wat jo net esou einfach ass. Mee de Lobo zitt dat duerch bis et zu enger liewenswichteger Situatioun kënnt.

An der Kannergeschicht So mol Lobo gräift d'Christiane Kremer de Zäitgeescht op. D'Thema ass d'Kommunikatioun oder éischter d'Absence vun dëser. Op alle Fall, déi verbal Kommunikatioun verléiert an der digitaler Welt ëmmer méi un Terrain.

Sou ass et och am Lobo senger Famill: d'Schwëster ass dauernd am Chatten, oder wéi de Lobo seet: an och d'Elteren stelle fest, datt si net méi mat enee schwätzen fir awer erëm op hier Handyen ze stuerken.

Et ass eng Realitéit, déi een och am Alldag observéiere kann. Am Zuch, Bus Tram , am Supermarché... iwwerall begéint ee Mammen a Pappen, déi un der enger Hand e Kand an an där anerer de Smartphone halen.

"So mol, Lobo!" as e moraliséierend Kannerbuch, mee d 'Moralpriedegt ass un déi Erwuessen an net un d'Kanner geriicht. Ausser, datt net ze schwätzen net grad déi bescht Léisung am Liewen ass. Mee dat fënnt de Lobo selwer eraus. D'Zeechnungen vum Vincent Biwer sinn ganz plastesch, d'Faarwen douce an awer waarm a kompakt, an den Hierschtfaarwe gehalen - also ganz passend zu der Joreszäit

So mol Lobo ass eng kuerzweileg Geschicht, déi Kanner tëschent 5 an 10 Joer kéint gefalen, an esou munch Elteren vläicht och un d'Nodenke bréngt. So mol, Lobo! Ass dëst Joer mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn an der Kategorie Kannerbuch.

"De Wëlle leeft am Bësch"

D'Bridder Charel a Jim haten am Fong wëlles, dobaussen ze spillen; mee wéi esou dacks reent et zu Lëtzebuerg, an et mécht kee Sënn, Pirateschätz an der Sandkaul ze sichen. Awer vläicht um Späicher?

Do entdecken de Charel an de Jim zwee vill ze grouss al Brëller, a mat deene gesi si d'Welt op eemol ganz anescht. D'Autorinnen an Illustratricen Diane Orban a Myriam Karels geheie mat hirer BD "De Wëlle leeft am Bësch" eis Kuckgewunnegten op d'Kopp a versichen niewebäi, hire klenge Lieser lëtzebuergesch Riedensaarte mat op de Wee ze ginn.

D'Schmetten an d'Schmooen

"D'Schmetten an d'Schmooen" ass eng illustréiert Geschicht fir Kanner, déi un d'West Side Story erënnert. Dat jonkt Schmett Babett an de jonke Schmoo Jo sollen, hire Familljen no, net beienee kommen, mee si sinn nu mol frou mateneen, a verstinn net, wat dorunner falsch kéint sinn. Hanner "D'Schmetten an d'Schmooen" stécht den Erfollegsduo Julia Donaldson an Axel Scheffler, d'Erfinder vum Grüffelo. Fir déi Lëtzebuergesch Iwwersetzung vum engleschen Original war d'Iwwersetzerin, Autorin an Enseignante Martine Schoellen.

"Nach eng kleng Geschicht....an da séier an d'Bett!"

"Nach eng kleng Geschicht....an da séier an d'Bett!" ass e Saz, deen déi meescht Elteren ënnert Iech bestëmmt schonn 1001 Mol gesot hunn. Am illustréierte Buch "Une (petite) histoire et....au lit!", vun der Auteurin Marion Gandon an dem Illustrator Laurent Simon, huet allerdéngs och déi fiktiv Erwuesse Marion Schwieregkeeten, hier véier Meedercher no enger éischter Geschicht an d'Bett ze dämpen. Zemools well d'Heldinne vun hirer Erzielung d'Meedercher selwer sinn. Op Lëtzebuergesch iwwersat huet d'Buch d'Journalistin, Autorin an Éditirice Christiane Kremer.

De Kuakerino - E Fräsch wëll an de Ballet

De Kuakerino ass e Fräsch mat engem mockelege Bauch, an dee am Dëmpel op engem Blat sëtzt an d'Luucht aus kuckt. Op emol gesäit e Libelle geflu kommen, en hat Zong schonn eraus fir d'Libellen ze fänken an ze friessen. Du gesäit en awer wéi d'Libelle Ballet danzen, a wärend dem Danze mat de Foussspëtzten d'Waasser beréieren an um Waasser Kreesser danzen, déi ëmmer méi grouss ginn.

De Kuakerino ass begeeschtert a wëllt och Ballet danzen. Dat seet en de Libellen och, an déi laachen de Kuakerino aus. Uganks ass de mockelege Fräsch traureg, hëlt dann awer säi ganze Courage a fänkt un Ballet ze léieren an ze danzen, bis och hie mat senger Foussspëtzt Kreesser am Waasser danzen deet.

Et ass eng Geschicht déi am Fong dofir steet, datt de Fräsch oder och soss en aneren, net de Kapp soll hänke loossen, mee wann een eppes ganz ganz staark wëllt, da kann een et och erreechen.

De Kuakerino ass e Buch fir Kanner déi scho liese kënnen, mee mat de flotten Illustratioun awer och fir Kanner déi net liesen, awer gäre Geschichte virgelies kréien, an da Biller dobäi kucken. E Buch fir an der Famill ze liesen. Dobäi kënnt och nach eng lieweg a gefleegte Lëtzebuerger Sprooch an déi d'Buch iwwersat gouf, mat Ausdréck, déi Der garantéiert scho laang net méi héieren hutt.

"Wann ech e Buch wier"

"Wann ech e Buch wier" ass am Original e portugisescht Buch vum José Jorge Letria, deen an dësem Buch Sätz geschriwwen huet déi all mat "Wann ech e Buch wier..." ufänken. Dem Auteur säi Fils huet dunn zu all Saz eng Illustratioun gemaach, wou an der Zeechnung all Kéiers e Buch am Zentrum steet.

An dësem Buch sinn elo déi portugisesch Sätz ze liesen an och déi Lëtzebuerger Iwwersetzung.

Et brauch een d'Buch sécher net an engem Stéck ze liesen, vill méi Spaass mécht et all Dag en Saz ze huelen, e mat de Kanner zesummen ze liesen an dann driwwer ze schwätzen. Well all Saz huet eng déif Bedeitung, jo deels gi Sätz engem och ënner d'Haut, wéi zum Beispill: "Wann ech e Buch wier, wier meng gréisst Angscht déi, vergiess ze ginn" oder " Wann ech e Buch wier, wéilt ech iwwerall sinn, wou ech e Mënsch ka glécklech maachen".

Kuerz a knapp, awer eng sënnvoll Lecture.