Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Creator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kameradanz rondrëm Mënscheschicksaler

Lëtzebuerger Documentaire

Kameradanz rondrëm Mënscheschicksaler

Mos Stellarium ass e poeteschen Documentaire iwwer sechs jugendlech Refugiéen zu Lëtzebuerg. D'Realisateure Karolina Markiewicz a Pascal Piron wollte kee Reportage ënner villen iwwert d'Flüchtlingskris maachen. Déi speziell Kameraféierung setzt d'Erzielunge vu sechs Individuen an de Mëttelpunkt. Ouni Voyeurismus, ouni Indiskretioun.

auto_stories

4 min

Ausschnëtt aus Mos Stellarium (© Tarantula)

"D'Kamera huet mer erlaabt, villes erauszekéieren, wat ech a mer dran hat", seet d'Anna, ee vun de Personnage vu Mos Stellarium. Dat jonkt syrescht Meedchen ass virun zwee Joer mat der Famill op Lëtzebuerg geflücht. De Krich, d'Flucht, dat alles huet et markéiert. An awer: "Heiansdo froen ech mech, ob ech dat wierklech erlieft, duerchgemaach hunn".

De Film erzielt déi perséinlech Geschicht vu sechs jugendleche Réfugiéen aus Afghanistan, dem Montenegro, dem Kosovo a Syrien. Hir Flucht, hir Emotiounen, hir Wënsch an Dreem, hir Problemer zu Lëtzebuerg. Hiert Schicksal hätt aus de Personnagen accidentéiert, mä wierdeg Jonker gemaach, déi eise Respekt géife verdéngen, soe béid Realisateuren. "Iwwert de Film kënnen d'Leit vill iwwert d'Individue gewuer ginn, och iwwert d'Situatioun, déi se an de Medie matkréien. Vläicht op eng delikat, mënschlech Aart a Weis", erkläert d'Co-Realisatrice Karolina Markiewicz.

Konstellatiounen, an ëmmer nei Konstellatiounen

Mos Stellarium ass d'Suite vu Les Formidables, een éischten Documentaire iwwer jonk Flüchtlingen zu Lëtzebuerg. Den Titel vum neiste Wierk ass op eng EU-Policeaktioun zréckzeféieren. D'Operatioun Mos Maiorum (d'Bräich vun eise Virfahren) sollt eigentlech de Mënscheschmuggler op d'Spuer kommen. Kontrolléiert gi wieren um Enn haaptsächlech Réfugiéen, sou de Co-Realisateur Pascal Piron.

Mos Stellarium (d'Bräich vun de Stäerebiller) bréngt d'Metapher vun de Konstellatioune mat an d'Spill. De Parcours vun de Flüchtlinge wier "e bësse wéi Stäerebiller, ganz faszinant Punkten, déi verbonne ginn". Fir d'Karolina Markiewicz sinn dës Mënschen "am Fong och Konstellatiounen ënnert sech. Se bréngen aner Bräich an eist Land mat, doduerch entstinn nach aner Konstellatiounen".

D'Realisateuren hu laang Virbereedungsgespréicher mat hire jonke Protagoniste gefouert, hunn hinnen Zäit gelooss, sech un d'Kamera ze gewinnen. Duerno gouf d'Dréihbuch entwéckelt, d'Form hätt sech erginn, sou de Pascal Piron. De Film sollt "eppes méi poetesches ginn, keng Reportage iwwert d'Flüchtlingskris, wéi op der Telé. Mä iwwert d'Mënschen, déi hannendru stinn". D'Personnagen hunn hir Geschicht erzielt. "Dat sinn individuell Geschichten, déi ee guer net matenee ka vergläichen".

D'Kameraféierung als Danz rondrëm d'Mënschheet

D'Kamera sollt rondrëm déi Jonk "danzen", ee bësse wéi beim japanesche Butoh-Danz, seet d'Karolina Markiewicz. "Ganz konzentréiert, a kucke fir Biller erauszebréngen, déi ganz no u si kommen". Mä och hiert Liewensëmfeld sollt mat abezu ginn. D'Mënschheet als eng komplex a konstant Basis, an dann de ganze Rescht rondrëm, dee sech verännert: d'Aarbecht mat der Kamera sollt dat däitlech maachen.

Den neien Entourage zu Lëtzebuerg huet dem Anna keng Froen iwwert seng Geschicht gestallt. D'Meedchen aus Syrien hätt och net gewosst, wat zielen. No an no ass dunn de Besoin entstanen, der Laascht lass ze ginn. D’Problemer vun deenen aneren... wéi soll een dorop reagéieren? Dat huet d’Anna ëmmer beschäftegt. Interessanterweis huet de Film dozou bäigedroen, dës Barrière verschwannen ze dinn. D'Leit sinn op d'Anna duerkomm, fir Interviewe mat him ze féieren, et iwwert seng Erfahrungen ze froen. Seng Timiditéit huet d'Meedchen ofgeluecht. "Ech hat gemengt, d'Leit hëllefen eis well se mussen. Mä vill Leit si wierklech interesséiert".

Mos Stellarium leeft zënter e Mëttwoch 11. November an eise Kinoen. D'Kerstin Thalau huet mat de Realisateuren a mat enger Protagonistin geschwat.