Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 27 Joer un der Spëtzt vum CNA

Jean Back

27 Joer un der Spëtzt vum CNA

Hie war responsabel fir déi grouss Edward Steichen-Ausstellungen an huet de CNA an den digitalen Zäitalter gefouert. Elo geet de Jean Back an d'Pensioun. An huet méi Zäit fir Bicher ze schreiwen.

Jean-Claude Majerus / ys

auto_stories

3 min

©Romain Girtgen

No 27 Joer am Centre national de l'audiovisuel geet de Jean Back an d’Pensioun. Mat enger Tréin am Knäpplach, awer och mam Gefill datt de "Bébé" grouss ginn ass. Déi gewalteg Entwécklung an der digitaler Technologie huet hie materlieft. Bal nach méi wichteg ass awer, datt de Jean Back de CNA aus dem Schwësterpensionat am Hannerhaff zu Diddeleng eraus geholl huet. De CNA krut en neit Doheem am moderne Centre culturel "opderschmelz" an der Forge du sud. Zu där positiver Entwécklung fir de CNA hunn ënnert anerem d’Kulturjoeren 1995 an 2007 bäigedroen.

Eng grouss Chance waren d'Projeten, déi gehollef hunn, de CNA bekannt ze maachen. Zum Beispill d’Restauratioun vum Documentaire "Feier an Eisen" oder d’Installatioun vun der Edward Steichen Expo "The Family of Man". Béid Evenementer hunn d’Kredibilitéit vum CNA net nëmme beim Public mä och bei der Politik an där deemoleger Regierung gestäerkt.

D’Zukunft läit an der App

De Successeur vum Jean Back am CNA muss direkt mat voller Energie weiderfueren. Et kann ee sech kee "Temps mort" erlaben. Besonnesch an der digitaler Entwécklung, déi eng rasant Vitesse huet. Dem Jean Back no muss een sech awer Froe stellen: "Wat si mëttelfristegt Ziler? Wat fir e Public wëll een erreechen, a wéi?" Konkret schéngt eng App dem Jean Back wichteg ze sinn, well haut villes iwwert d'Ecrane vun de Smartphonen ofleeft.

En Projet deen dem Jean Back seng Zäit als Direkter vum CNA markéiert huet, ass déi aner Edward Steichen Fotoexpo "Bitter Years". Si krut am renovéierten ale Waassertuerm zu Diddeleng direkt nieft dem Centre culturel "opderschmelz" eng Plaz. "Bitter Years" ass e Projet deen 2002 aus enger politescher Iddi gebuer gouf. Eng Iddi vum deemolegen Diddelenger député-maire Mars Di Bartolomeo.

"Op de Bauch gelauschtert"

De Jean Back erënnert sech datt de Mars Di Bartolomeo hie wéinst senger Iddi ugeruff hat: "Um Ufank hunn ech geduecht deen huet se net méi all. Déi Zäit hunn ech nach gefëmmt, do hat ech an enger Véirelstonn 15 Zigaretten erof. Vläicht vun Nervositéit. Wat äntwers de elo? Wat sees de elo? Finalement hunn ech op de Bauch gelauschtert an dat war wierklech eng gutt Entscheedung. Et ass en aussergewéinleche Site ginn, an et ass ee Projet deen eelef Joer gedauert huet."

"Bitter Years" ass e risege Projet, wou de Jean Back a seng Équipe mat der Expo am Waassertuerm dee spektakuläre Volet opgeriicht hunn. Elo wär et um neie CNA-Direkter fir de Projet weider z’entwéckelen.

Zweet Passioun: Schreiwen

An der Pensioun gëtt et dem Jean Back net langweileg. Mat vill Engagement kann hie sech elo op seng aner Passioun, d’Schreiwen, konzentréieren. Et wäert och no der Publikatioun vu sengem leschte Buch "Zalto Mortale" net laang daueren, bis en neit Wierk vum Jean Back op de Maart kënnt.

De Jean Back geet an d’Pensioun. A vum 1 Februar un iwwerhëlt den Historiker a Kinospezialist Paul Lesch d’Direktioun vum CNA zu Diddeleng.