Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jason Lutes: Berlin

Graphic Novel Classics

Jason Lutes: Berlin

Den Jason Lutes erzielt a sengem Graphic Novel "Berlin" d'Schicksal vu ronn zwanzeg verschiddene Leit aus ganz ënnerschiddleche Quartieren a Milieue vun der däitscher Haaptstad. Wann eppes an dësem Buch kloer ass, dann ass et, datt et bis 1933 net ee Berlin gouf, mee ganz verschiddener.

auto_stories

5 min

D'Weimarer Republik ass eng Ära, déi a leschter Zäit dacks am Mëttelpunkt stoung. Speziell d'Berlin vun den 20er Jore mat senger progressiver, liberaler Kultur op der enger Säit, a senger politescher Polariséierung, senger "Demokratie ouni Demokraten" op där anerer Säit erschéngt villen als Spigelbild vun eiser eegener Zäit. Dozou huet och de Succès vun der Fernseeserie "Babylon Berlin" bäigedroen.

Am Beräich vum Comic gëtt d'Weimarer Republik allerdéngs scho säit laangem vun engem Zeechner quasi monopoliséiert: iwwer zwanzeg Joer huet den Jason Lutes un den dräi Bänn vu "Berlin" geschafft, dat en 2018 ofgeschloss huet. D'Graphic Novel ënnersicht op iwwer ronn 550 Säiten d'Schlësseljoren vun der Weimarer Republik, déi spéit Zwanzeger, bis hin zur Muechtergräifung vum Adolf Hitler 1933.

Verschidde Realitéiten

Den Jason Lutes verfollegt an ënnerschiddlechen Erzielsträng d'Schicksal vu gutt zwanzeg Leit aus ënnerschiddleche Quartieren a Milieue vun der däitscher Haaptstad, well, wann eppes an dësem Buch kloer ass, dann ass dat, datt et bis 1933 net ee Berlin gouf, mee verschiddener, déi heiansdo ganz wéineg mateneen ze dinn haten.

Eng vun den Haaptfiguren ass dat jonkt Marthe Müller, dat aus enger biergerlecher Kölner Famill op Berlin kënnt, fir Konscht ze studéieren. Fir d'Marthe ass Berlin eng aner Welt, mat endlose Verspriechen an Entdeckungen, déi et ze maache gëtt.

Op der Akademie geréit et an e Milieu, wou déi neiste Stiler diskutéiert ginn. Et geréit awer och un de Kurt Severing, en eelere Journalist, dee fir déi onofhängeg a pazifistesch "Weltbühne" schreift a sech ëm d'politesch Zukunft suergt. Hie weist an erkläert dem Marthe d'Stad an déi zwee ginn am Laf vum éischte Band eng Koppel.

Tëschent de Fronten

Och wann hiert Liewen net luxuriéis ass, ass et näischt am Verglach mat deem vun den Aarbechterfamillen a Quartiere wéi Moabit oder Neukölln. Et ass e grousse Verdéngscht vum Jason Lutes, datt en eis net nëmmen de Glamour an d'Extravaganz vum Berlin vun der 20er weist, mee och déi desolat Situatioun vun de einfache Leit, déi hei tëschent d'ideologesch Fronte vu Kommunismus a Faschismus geroden a dobäi reegelrecht zerrappt ginn.

Dat bescht Beispill dofir am Buch ass d'Famill Braun: Den Otto ass bei der NSDAP, seng Fra d'Gudrun sympathiséiert mat der KPD, bei där et, nodeems d'Famill hier Wunneng verléiert, och Member gëtt. Vum Rass, deen duerch d'Famill geet, sinn och hir Kanner betraff: wärend den Heinz bei d'Hitlerjugend kënnt, kämpft d'Sylvia op der Säit vun de Rouden.

Den Jason Lutes weist bluddeg Stroosseschluechten a Protestaktiounen, bei deenen d'Police oft nom Prinzip "auf dem rechten Auge blind" agräift. Dofir kritt den David Schwarz, e Jong aus enger jiddescher Famill, deen eng kommunistesch Aarbechterzeitung verdeelt, vu sengem Papp och verbueden, dat weiderhin ze maachen. D'Schwarze wëlle sech eraushalen aus der däitscher Politik - genausou wéi d'Marthe Müller, am Fong geholl.

Jazz a lesbesch Communautéiten

Am zweete Band trennt hatt sech vum Kurt a geet eng Bezéiung mat enger anerer Konschtstudentin an, dat sech als Mann kleet an d'Marthe an erëm eng ganz nei Subkultur aféiert. Iwwer eng adeleg Bekanntschaft kommen déi zwee souguer op déi exklusiivsten an dekadentste Partyen. An am legendäre Berliner Nuetsliewen treffen si och op d'Cocoa Kids, eng Jazz Combo aus Louisiana, där hir komplett Visitt zu Berlin de Jason Lutes och suivéiert.

Aus der historescher Distanz wësse mer bei der Lektür natierlech, datt d'Zäite vum Jazz genausou wéi déi vu lesbesche Communautéiten an Däitschland geschwënn eriwwer sinn. Mee vun de Figuren am Buch gesinn déi wéinegst d'Katastroph kommen.

Esou kann een déi utopesch Raim, déi "Berlin" weist, zwar appreciéieren an och iwwer se stauen. Gläichzäiteg gesäit een awer, datt laang net all gesellschaftlech Schichten dorunner deelhuele konnten an der vill d'Aen zougemaach hunn. Am hellsiichtegsten ass do nach de Kurt Severing, dee mat der Zäit awer ëmmer méi verzweiwelt gëtt a wéi geläämt ass, well de onparteiesche Journalismus op verluerenem Poste steet.

E Buch iwwer d'Stad Berlin

"Berlin" ass awer net nëmmen e Porträt vun de Leit vu Berlin, et ass och, ganz an der Traditioun vum modernistesche Groussstadroman, e Buch iwwer d'Stad selwer. Hei kommen och dem Jason Lutes seng markant, kontrasträich Schwaarz-Wäiss Zeechnungen zum Virschäin, mat deenen hie Stroossen, Plazen, Parken, Wunnengen a Baren an engem klassesche Säitelayout afänkt.

Besonnesch d'Géigend ronderëm de Potsdamer Platz a ronderëm den Alexanderplatz, déi haut komplett transforméiert sinn, hunn en dem Zeechner ugedoen. Hei kuckt hie sech, wéi an enger Zeen aus dem Film "Berlin - Die Sinfonie der Großstadt", och mol den Trafic un, oder hält, wéi am Wim Wenders sengem "Himmel über Berlin", zoufälleg Gedankefetze vu Passante fest.

Datt den Jason Lutes vill recherchéiert huet a net nëmmen d'Geschicht vun der Stad, mee och hier Duerstellung an der Konscht genaustens kennt, mierkt een all Moment. D'Graphic Novel invitéiert een dozou, sech an de Biller vun dëser bekannter an trotzdeem friemer Stad ze verléieren.

Wou den Jason Lutes Mëtt 90er ugefaangen huet "Berlin" ze zeechnen, konnt hie wuel net wëssen, datt den Ofschloss dovun zwanzeg Joer méi spéit matzen tëschent Diskussiounen iwwer Populismus an d'Fragilitéit vun Demokratien erauskënnt.

Déi onerwaarten Aktualitéit ass sécherlech ee Grond, fir d'Graphic Novel ze liesen. Mee si ass soss mat hirer feiner Balance tëschent de erzielereschen a soziale Perspektiven an hirem faszinéierende Kaleidoskop vun enger Metropol virum Krich op alle e Graphic Novel classic.