Radioen

On air

Notturno  |  Bob Marley & The Wailers - Waiting In Vain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwersetzungen am Theater

Theater

Iwwersetzungen am Theater

D'Sprooch soll enger Globaliséierung vum Theater net am Wee stoen. Wéi kann den Theater fir jiddereen accessibel ginn a wéi gesäit d'Aarbecht vun engem Theater-Iwwersetzer aus? Wéi kënne Surtritagen esou agebonne ginn, datt si net vum Theaterstéck offlenken? Mat deene Froe gouf sech viru kuerzem bei engem Colloque am TNL ausernee gesat.

auto_stories

4 min

Theater soll fir jiddereen zougänglech sinn. Foto: Bigstock

Den interkulturellen Austausch geschitt op den Theaterbühne vun Europa a vun der ganzer Welt, schreiwen d’Organisateure vun der rezenter Konferenz "Translate" am TNL iwwer d'Iwwertitelung an d'Synchronisatioun am Theater. Et ginn ëmmer méi international Theaterfestivalen an et gëtt Inzenéierungen, déi iwwer déi eege Landesgrenzen ewech opgefouert ginn. Eng Globaliséierung vum Theater ass awer net esou einfach: D'Sprooch gehéiert nämlech dacks zu de wichtegsten Elementer vun enger Theateropféierung.

Et gëtt eng Rei Méiglechkeeten dëser Barrière entgéint ze wierken. Eng dovun ass de Surtitrage. D’Yvonne Griesel ass ausgebilten Dolmetscherin fir Russesch a Franséisch. SI huet schonn ëmmer vill mat Theateren zesummegeschafft. Doraus huet sech hiren aktuelle Beruff als "Übertitlerin", als Theater-Iwwersetzerin entwéckelt. Dee Beruff géif ëmmer méi relevant ginn, esou d'Yvonne Griesel.

Den Theater zougänglech maachen

Der Yvonne Griesel no gëtt et verschidden Zorte vun Iwwersetzungen: Englesch Iwwertitele sollen zum Beispill den Theater fir Leit aus der internationaler Kulturzeen zougänglech maachen. De klasseschen Zeenario wier awer deen, datt ee friemsproochegen Theater op Reese géif goen. Am Ausland géifen dann Iwwertitelen an der jeeweileger Landessprooch affichéiert ginn. Oder Theaterstécker aus dem Ausland géifen op Festivalen ageluede ginn. "An da projezéiere mir zum Beispill däitsch oder franséisch Iwwertitelen, fir datt d'Leit d'Stéck verstinn", esou d'Iwwersetzerin. Donieft géif et awer nach Surtitrage fir Leit mat Gehéiersproblemer ginn: An der Praxis geséich een dat awer nach ze seelen, bedauert d'Yvonne Griesel.

Net nëmmen iwwersetzen

Ee Surtitrage wier awer keng reng Iwwersetzung, betount d'Theater-Dolmetscherin. Aus dem Ausgangstext misst ee gekierzten an awer pertinente Surtitrage gemaach ginn. "Et ass en Aarbechtsprozess an zwee Deeler", esou d'Expertin. Si géif vum Original ausgoen a kucken ob et eng Iwwersetzung géif ginn, déi si kéint benotzen, oder ob si d'Stéck nei misst iwwersetzen. Den Text misst ëm ronn 30 Prozent gekierzt ginn an e misst en un de Rhythmus vum Stéck ugepasst ginn. An da géifen d'Iwwertitele live projezéiert ginn.

Et géif awer een däitlechen Ënnerscheed par Rapport zu Film-Surtitrage ginn, esou d'Yvonne Griesel. "Déi fir den Theater sinn net fest: Theaterschauspiller improviséieren, de Rhythmus ännert sech." Dofir misst bei all Inzenéierung een Iwwersetzer derbäi sinn. Dee misst op Improvisatioune reagéieren..

Nëmmen dat néidegt

D’Iwwertitelung soll net ze vill vun der Bühn oflenken, awer trotzdem dofir suergen, datt d’Zuschauer d’Stéck verstinn. Sou vill wéi néideg a sou mann wéi méiglech ass d’Devis vun der Yvonne Griesel. "Et huet ee jo den Ausgangstext op der Bühn, mat de Stëmme vun de Schauspiller, der Gestik, de Lidder, der Musek ... Ech iwwersetzen nëmmen dat, wat dobäi kënnt an nëmmen dat Néidegst." Widderhuelungen zum Beispill géifen net all Kéier projezéiert ginn. Och Nimm oder Lidder géif si kaum projezéieren. "Bei engem Lidd schreiwen ech zum Beispill nëmme 'Russescht Vollekslidd' an da kann de Public kucke wat op der Bühn geschitt."

"Literarescht Fangerspëtzegefill"

Iwwersetzen, Kierzen, nom Klang a nom Rhythmus sichen. Kann een hei vun enger literarescher Aarbecht schwätzen? Jo, seet d'Yvonne Griesel. Wa si d'Stécker géif iwwersetzen, da wier dat eng literaresch Aarbecht. Mee si misst och heiansdo mat bekannten Traductioune schaffen. "Däitsch Shakespeare-Iwwersetzunge sinn zum Beispill meeschtens Schlegel-Tieck-Iwwersetzungen. Déi kennen d'Leit, si kënne sech un d'Wierder erënneren." Dofir missten déi Wieder am Surtitrage virkommen. Mee och déi Iwwersetzunge misst si verschaffen a kierzen, gëtt d'Traductrice ze bedenken. "Dofir brauch ee literarescht Fangerspëtzegefill."

Dräi bis sechs Sekonne laang géif ede Spectateur op ee Surtitrage kucken an dee Moment also net ob d'Bühn. Dofir misst een ëmmer eng Auswiel treffen: Et misst een dem Auteur sengem Stil tréi bleiwen, mee gläichzäiteg versichen, dem Public esou vill Zäit wéi méiglech ze ginn, fir kënnen op d'Bühn ze kucken.


D'Yvonne Griesel huet hir eegen Agence a schafft mat Kollegen aus alle Sprocheräim zesummen. Vu groussen Theaterfestivale kritt si d'Opräg fir sech ëm sämtlech Surtitagen ze këmmeren. Deen Ament ass si och fir d'Zesummenaarbecht, d'Software, d'Koordinatioun an d'technesch Realisatioun zoustänneg.