Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Is Emma Wrong?

Graphic Novel

Is Emma Wrong?

Erënnert Dir Iech un den éischte Spider-Man-Film mam Tobey Maguire? Um Enn entscheet sech de Super-Hero géint déi grouss Léift a fir seng Missioun, d'Welt virum Béisen ze retten. Doropshi fält de Riddo. Wat awer geschitt, wann déi grouss Léift dës Decisioun net akzeptéiere wëllt?

auto_stories

4 min

Hiren Numm ass Wong, Emma Wong: "Emma Wrong" hunn déi italieenesch Illustratoren an Auteuren Laura Guglielmo a Lorenzo Palloni der Chineesin hir Geschicht iwwerschriwwen.

"Am I wrong or am I right?", dat ass an hirer Graphic Novel laang d'Fro. Hiert Häerz seet "right", mee de Verstand, och dee vum Lieser, zweiwelen iwwer wäit Strecken un der eleganter Schéinheet hirer Intuitioun, hiren emotionale Conclusiounen, déi mat de laange schwaarzen Hoer erbäigezunn ze si schéngen.

E schwéiert Liewen

Si taucht am Januar 1951 an engem Motel an der Wüst am Nevada op, dräi Deeg virum éischten nuklearen Test op amerikaneschem Buedem. An der Auberge, déi vun enger eelerer Koppel an hirem südamerikanesche Kach geréiert gëtt, wëlle sech zwee frësch Bestueten op Hochzäitsrees, en amerikanesche Krichsveteran mat Fra a Kanner, en iwwerhiefleche Geschäftsmann, israelesch Zwillingsbridder an Duchhändler, en afroamerikanesche Musekertrio de grousse "Bämm" op kee Fall entgoe loossen.

Do kënnt hinnen d'Emma mat hire bizare Froen héchst ongeleeën. Si sicht e Mann, dat ass deenen anere séier kloer, mee aus wéi engem Motiv? Doriwwer gëtt de Lieser a Feedbacken no an no opgekläert. Als Kand ass d'Emma mat hirer Famill bei enger Aart Minnenaarbecht ausgenotzt ginn, bei hirer Bomi, déi sech vun alle gudde Geeschter verlooss fillt, fënnt si keen Trouscht, an nodeems déi gestuerwen ass, verschachert hir eege Famill si als eng Aart Sexsklavin un e räichen Amerikaner.

Ee Superheld daucht op

Alles kapott, Liewen um Enn? Nee, tatsächlech schéckt d'Schicksal en "American dream", e Superheld, laanscht: de Michael Olderson rappt d'Emma Wong aus dem vergëfte Mickeymaus-Schlass. Hien ass net just attraktiv, hien huet och Suen, well hien en Agent ass. A well hien eng geféierlech Missioun ze erfëllen huet, verléisst hien d'Emma enges Nuets schwéieren Häerzens, well hien esou hiert Liewe rette wëllt. Allerdéngs huet hien d'Rechnung ouni der Emma hiren Tockskapp gemaach, dee sech grad un e bësse Gléck gewinne wollt, an deen déi jonk Fra elo op eng Odyssee vu 15 Joer schéckt, op där si kräiz a queesch uechtert d'Welt hir grouss Léift sicht. An zwar géint den Agente-Stroum awer mat Spioun-änleche Sichtechniken.

Laang Zäit huet een d'Gefill, d'Emma wier Wrong. No 15 Joer kann oder wëllt de Michael, dee mëttlerweil och duerch Schéinheetsoperatioune seng Identitéit changéiert huet, warscheinlech einfach net méi fonnt ginn. Mee dann entpuppt sech d'Honeymoon-Koppel am Nevada als russeschen Agentenduo an d'Chasse au Trésor, déi fir d'Emma an och aner Motel-Gäscht liewensgeféierlech gëtt, ass lancéiert.

Eng Graphic Novel mat reduzéierter Faarfpalett

"Emma Wrong" ass ganz am amerikanesche 50er Joerstil gehalen. D'Illustratorin Laura Guglielmo huet mat reduzéierter Faarfpalett geschafft, nieft schwaarzer Tusch just d'Basisfaarwe rout giel blo agesat, allerdéngs mat engem Roman-noir-Schied, deemno Pop-Art, awer net freedeg, jäizeg, mee déi am Hals stieche bleift, wéi eng Portioun Fritte rout-wäiss, bei där d'Grompere latscheg sinn, an d'Mayonnaise en ongesonde bloe Schimmer huet.

Bleu-blanc-rouge: déi franséisch Iwwersetzung vum italieeneschen original Giallo huet a Frankräich relativ vill Succès, gouf och ausgezeechent. Aus dësem Grond hat d'Ekipp vun der Mediathéik vun Évreux den Illustrator an Enseignant, déi Kéier Auteur vun "Emma Wrong", Lorenzo Palloni, fir eng Buchpresentatioun invitéiert. Aus Confinementsgrënn gouf d'Gespréich du virtuell geféiert, an ass deemno elo op YouTube ze fannen.

Graphic Novels fir haart Zäiten

Am Clip zielt de Palloni, datt de Polar e Genre ass, deen hie faszinéiert, well hien domat villes ausdrécke kann; an dësem Fall esouguer eng Metapher fir d'Léift a wéi wäit ee bereet ass, dofir ze goen. "Emma Wrong" ass seng éischt Zesummenaarbecht mat der Laura Guglielmo. Hien huet meeschtens e puer Projete parallel lafen, allerdéngs fir gewéinlech mat Kolleegen oder Connaissancen. Vun der Laura huet hie just d'Aarbecht kannt, hien huet d'Illustratorin per Mail kontaktéiert, a si ware sech séier eens, datt si zesummeschaffe wéilten.

Des weidere recommandéiert de Lorenzo Palloni am Gespréich, genuch BDen en Stock ze hunn, wann d'Zäiten haart sinn. Graphic Novels géifen nämlech de Kapp fräi-, opmaachen. Wann do net een dovunner dreemt, mat senger Kreativitéit och eng Aart Held ze sinn.