Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Better Way To Live Feat. Grian Chatten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Industriekultur déi Spaass mécht

D Kollektiv

Industriekultur déi Spaass mécht

D'Industriegeschicht kann och spilleresch opgeschafft ginn. Wéi vum D Kollektiv, dee bis den 2. Juli zu Diddeleng aktiv ass. An industrielle Broochen vu gëscht sollen Dramschlässer fir muer entworf ginn. Am Idealfall zesumme mat der Ëffentlechkeet.

auto_stories

5 min

De Public gëtt beim Atelier D implizéiert (© CNA / Romain Girtgen)

D'Justine Blau, de Misch Feinen, d'Marlène Kreins an d'Nora Wagner sinn den D Kollektiv. Dës Woch huet hiren Atelier D seng Paarten zu Diddeleng opgemaach. Ee Mount laang gëtt sech mat der industrieller Vergaangenheet vun der Regioun beschäftegt. Dobäi soll virun allem de Public mat abezunn ginn.

Den Centre de documentation sur les migrations humaines an der Gare vun der Diddelenger Schmelz ass als Point de Depart fir den Atelier D ze gesinn. "Normalerweis hu mir bësse méi klassesch Ausstellungen", seet den Nicolas Graf vum CDMH. Dëse Projet wär eng Konscht-Ausstellung, déi net ëmmer ganz fondéiert misst sinn. Et wär als Work in Progress ze verstoen, als eng Recherche, e Workshop.

Gebai aus der Grënnerzäit

Beim CDMH, déi aner Säit vun de Schinnen, leie verloossen Industriehalen. De Siège vum D Kollektiv ass wéinst der Deko an enger Aart Bud virun der Dier net z'iwwersinn. "Dee Bau hei ass aus der Grënnerzäit vun der Schmelz, aus den 1890er Joren," erkläert de Kënschtler, Museker a Grafiker Misch Feinen. Besonnesch ass, datt d'Struktur vum Gebai aus Holz ass. Bis an d'80er Jore goufen hei Lokomotiven an all Zorte vu Maschinne gefléckt.

E Gespär aus Holz (© CNA / Romain Girtgen)

De Misch Feinen kënnt aus enger Schmelzaarbechter-Famill. Säin Atelier D wëllt sech als Lieu fir Experimentatioun a Recherche, et geet ëm Echange a Renconter. Den Hangar gëtt vun auslänneschen an Lëtzebuerger Kollektiver als Atelier a Labo genotzt. Et gi Konferenzen zum Thema Mineur-Mythos, oder d’Fra an der Industrie, Konschtperformancen, Stol-an-Eisen-Workshopen.

Industrie-Nostalgie?

An de 70er Jore waren zu Diddeleng d’Héichiewen ofgerappt an d’Minnen zougemaach ginn. De Betrib am leschte Walzwierk gouf 2005 agestallt. D'Kënschtlerin Justine Blau ass mat all deem enk verbonnen. Mee bis ewell hat des Geschicht weider keen Afloss op hiren Alldag.

Hire Papp war Ingenieur bei der Arbed. "Hien huet ni vill doriwwer verzielt a mir sinn net dacks an déi Regioun hei komm." Zanter, datt hie pensionéiert wär, géif hie méi doriwwer schwätzen. Et wär eng Nostalgie par Rapport zu engem bestëmmte Lëtzebuerg. Der Justine Blau hire perséinlechen Interesse beim Projet wär et, nees e Lien domadder ze fannen.

D'Justine Blau bei der Ouverture vum Atelier D (© CNA / Romain Girtgen)

Déi industriell Changementer zu Diddeleng hunn déi sozial an urban Strukturen op d'Kopp gehäit. E Fall fir d'Kulturzeen, fënnt d'Justine Blau. Net fir Psychologen, Sozialaarbechter, Pädagogen. Kënschtler kéinte Mënschen aus verschiddene Milieuen, Schichten a Kulturen zesummebréngen. "Well mir manner mat Wieder kommunizéieren, mee ganz dacks ass dat mat Symboler, mat Gefiller oder mat Matièren."

"De Schmatt, de Schmatt..."

D'Nora Wagner ass op den éischte Bléck keng Stol-an-Eisen-Habituée. Awer och si ass als Kand dora gebuet ginn. Hire Papp, de Pit Wagner, hat zwar Konscht studéiert. Wéi si Kand war huet hien awer och als Houfschmadd geschafft. "Hien huet d'Päerd beschloen. A wann ech gekrasch hunn, dann huet hie mir zwëschenduerch d'Fläsch ginn."

D'Nora Wagner wäert bis den zweete Juli un engem Multimedia-Projet ronderëm Stol an Eise schaffen, an zwar zesumme mat enger Dänzerin an enger Videokënschtlerin.

D'Marlène Kreins war am gaang ze schweessen, wéi dëse Reportage entstanen ass.

De Kollektiv D wëll verschidde Generatiounen zesummebréngen (© CNA / Romain Girtgen)


Links:
D Kollektiv: http://dkollektiv.org/
Centre de documentation sur les migrations humaines: http://www.cdmh.lu/